Op dësem LINK fannt Dir Petitioun fir ze ënnerschreiwen:


ËNNERSCHREIWEN


Fir d’Bäibehaalen vum aktuellen Tarifsystem am Öffentlechen Transport

D’Gewerkschaften SYPROLUX, FNCTTFEL-Landesverband an FGFC setzen sech gemeinsam an fir e qualitativ héichwertegen öffentlechen Transport, an deem de Client am Mëttelpunkt steet.

Fir esou e öffentlechen Service ze garantéieren muss konstant an eng optimal Offer an Infrastrukturen investéiert gin. Dréi- an Aangelpunkt vun engem qualitativ héichwertegen öffentlechen Transport as gudd ausgebildend a motivéiert Personal am Zuch, an de Bussen an am Tram. Deemno stin die dräi Gewerkschaften SYPROLUX, FNCTTFEL-Landesverband an FGFC zesummen fir all Bestriewungen vun enger schläichender Privatiséierung vum öffentlechen Persounenverkéier ze ënnerbannen. En qualitativ héichwertegen öffentlechen Transport huet säi Präis, deen Ausdrock vun enger gewëssener Wertschätzung as. Aus deem Grond ënnerstëtzen die dräi Gewerkschaften SYPROLUX, FNCTTFEL-Landesverband an FGFC d’Pétitioun N°1189: Fir d’Bäibehaale vum aktuellen Tarifsystem am Öffentlechen Transport. D’Gewerkschaften ruffen deemno all hier Memberen an Sympathisanten dozou op dës Pétitioun ab dem 19. März 2019 z’ënnerschreiwen.

All Informatiounen zu der Pétitioun 1189 fannt Der ënner: www.chd.lu an der Rubrik: signer une pétition - Pétition 1189

Lëtzebuerg, den 14. Mäerz 2019 matgedeelt vun SYPROLUX, FNCTTFEL-Landesverband an FGFC

 

2019-03-14-lancement-pétition-1189.jpg