Zweschen dem  4. a 6. Mäerz hunn  Vertrieder vum SYPROLUX a Landesverband um 3ten Workshop zum Thema Roulement an Schichtlagen am CFL-Busbetrib deelgeholl. 

Fir d’SYPROLUX - Vertrieder stoung vun Ufank u fest, dat si gär kloer Richtlinnen hätten, wat d‘Opstellen vun de Schichtlagen ubelaangt. 

Dës Schichtlagen garantéieren an d‘Zukunft:

  • d‘Unzuel vun den Repos‘en;
  • d‘Ufankszäit op der Mëttesschicht;
  • d‘Ennzäit op der Fréischicht.

Beim Opstellen vum Ettelbrécker Wocheschema huet sech erausgestallt, dass d‘Buschauffeuren ëmmer an den Repos‘en hannendrun lafen. Aus deem Grond sinn op Propose vum SYPROLUX zwou Disponibelen (5. Woche) agesat ginn. Dëst wäert dozou féieren, dass di betreffend Chaufferen bis zu 5 Deeg hannereneen kennen fräi huelen. Et wäert och keng Congésdeeg kaschten, mee kann duerch di net ageplangten Repos‘en ausgeglach ginn. D‘SYPROLUX-Vertrieder hunn dës Decisioun missten alléng veräntwerten.  Esou vill zum Thema Verantwortung an Zesummenaarbecht ënnert den Gewerkschaftsleit!

Den Här Hansen huet kuerz Zukunftsvisioun  am Busbetrib  virgestallt, éier hien konkret op di aktuell Situatioun a punkto Planifikatioun an Festleeën vun de Roulement iwwergaangen ass. 

Den Här Hansen huet onmëssverständlech zum Ausdrock bruecht, dat wann den Effectif vun de Buschaufferen opgefëllt ass, den Roulement unantastbar wier. 

Och wann dat fir d’Planifikateuren net esou einfach ass um Terrain ëmzesetzen, verlaangt hien, datt keen Chauffer méi aus dem Roulement zeréckgeruff gëtt. Hien huet awer och ganz kloer betount, dass dat an déi zwou Richtungen geet. Dat heescht, dass dann och keen Chauffer méi soll seng Journée op eegen Ufro hin, geännert kréien. Mir als SYPROLUX stinn hannert dëser Propose.

De SYPROLUX begréisst et och, dat am Laf vun dësem Joer ronn 40 nei Chaufferen agestallt ginn. Dëst wäert sécher déi aktuell staark „verbattert“ Stëmmung am Betrib bestëmmt däitlech verbesseren.

Bei allem Versteesdemech fir den Chantier vum Tram, dem Mangel u Kommunikatioun an Koordinatioun mam Verkéiersverbond an dem MDDI (haut MMTP - Ministère de la Mobilité et des Travaux Publics), as et e Fakt, datt dem Responsabelen vun der Telematik d‘Rou an d‘Zefriddenheet ënnert dem Personal een Där am A ass! Déiselwecht Persoun fiert stur hier eegen Linn, a setzt sech iwwer alles ewech, wat d‘Personalvertrieder mat den Responsabelen vum Busbetrib am Sozialdialog verhandelt hunn. Dëst ass eng Virgoensweis, déi mer als SYPROLUX net méi gewëllt sinn z‘akzeptéieren. Mer sinn  eis awer och bewosst, dass dëst de Kader vun engem BU-Workshop sprengt. Deemno ginn d‘SYPROLUX-Personalvertrieder dëse Punkt un hier Spëtzt weider, déi wëssen wat ze maachen ass am Fall wou kéng Besserung antrëtt.
lescht5.JPG