Rapport des Services Centraux du 26 octobre 2018


Effectifs 2020 des Services Centraux

  • Den Effectif 2020 ass nach net festgeluecht, ausser dat waat am plan quinquennal firgesin war.
  • Beim Service RH sin vill jonk Mataarbechter agestallt ginn, déi d‘CFL nach net sou kennen, awer sie hätten sech ganz gudd integreiert. Et sin och Tester mat hinnen gemacht gin, wou die Betraffen ganz gudd ofgeschloss hunn.
  • Dëst Joer si bis lo schons 300 nei Leit agestallt ginn, dat ass dat Duebelt vun deem, waat soss agestallt gouf.
  • Am Service Formatioun, soll d‘Personal vun externe Quelle rekruteiert ginn.
  • Fir eng Plaz am Sekretariat vum RH hu sech ëm déi 50 Léit gemëllt, dofir gëtt lo en Test gemat fir ze sondéiren.

 

Hôtel de la Direction Générale

  • CFL-Immo huet de Projet Bâtiment DG net als Urgence agestuuft, d‘Etuden sinn awer lancéiert, goufen awer durch de Projet Gare erem zereckgestallt.
  • CFL-Immo soll awer bis Enn 2018 déi verschiede Schied waat Fassade, an och de wéideren Ausbau mat der VdL gekuckt hunn.
  • Am Conseil soll dann e Projet presentéiert ginn: d‘Aarbechten sollen 2023 ulaafen et sin nach emmer 3 Varianten virgesinn, mais den Draam ass, Alles ofzerappen a komplett néi opbauen. D‘Gebäi soll Enn 2025 färdeg sin.
  • D‘Personal muss spéitstens Enn 2022 aus dem Gebäi sinn, wouhin ass awer nach net geklärt.

 

Locaux sociaux au 10e étage

  • D‘Aarbechten solle laut CFL-IMMO fir Woch 45 ofgeschloss sinn, dat enzëgt waat feelt, sinn d‘Spanndecken déi awer zimlech schnell montéiert sin.
  • Enn November soll dann d’offiziel Ouverture sin.
  • Den 10. Stack soll do sinn, fir eppes ze kaafen (Yoghurt, ...) an fir d’Mettespaus ze verbrengen.
  • Et kennt eng Pointeuse bei d’Entrée, wou een sech muss ausbätschen fir Mëttesstonn (dat ganzt gëtt och kontrolleiert)
  • Frigoë an Mikrowellen sollen dann och définitiv aus de Büroë verschwannen.
  • D‘Kaffismaschinen därfen op de Stäck wou keng Kitchenette ass stoe bléiwen. Mussen awer vun engem Expert gepréift ginn an ginn mat enger Kontrollmark markéiert.
  • Um 10. Stack gëtt och eng intern Hausordnung opgestallt.

 

Occupation des bureaux libres

  • CFL-IMMO geréiert d‘Büro‘en an der DG.
  • De Service-RH plënnert op den 1. Stack.
  • De Service JU wëll op den 5. Stack plënneren.
  • D‘Reprographie plënnert op den RDCH

Dës Plënneraktiounen sollen bis spéitstens Enn 2019 erledegt sin.

 

Bâtiment Dôme

Délocalisation des services vers le bâtiment Dôme

  • Phase 2 ass lancéiert an Préparatiounen si sou wéit ofgeschloss.
  • D‘Servicer FI, AT, Datawarehouse an IMMO plënneren tëschent dem Dezember 2018 an dem Januar 2019
  • Et ass och Plaz fir Archiver virgesinn
  • Et ass och e Pausenraum virgesinn ähnlech wéi um 10. Stack an der DG.
  • Et kommen nach Reunionssäll derbäi, déi dann am ganzen Pool mat geréiert ginn, dofir ginn 2 Extraposten geschaaf.

 

Problèmes avec le système aeration/ chauffage au bâtiment Dôme

  • Et ass naischt bekannt, vun dene Problemer

 

Equipements des bureaux: poubelles, lampes de table et porte-manteaux ...

  • Héi ass e contrat cadre vum Service AT opgestallt ginn fir dëst Material unzeschaafen.
  • D‘Commande laafen, mee déi eenzel Servicer mussen d‘Material selwer ufrooen.

 

Problème avec l’aeration des locaux de la reprographie

  • D‘Ventilatioun gëtt régelméisseg kontrolléiert, a si fonktionéiert einwandfrei.
  • Enn 2019 plënnert d‘Reprographie op de RDCH.

 

Bilan des dernières évacuations d’urgence du bâtiment DG

  • De Bilan ass positiv, d‘Personal ass bannent 6-8 Minuten aus dem Gebäi gewiecht (ITM schreiwt e Maximum vun 10 Minute fir).
  • Déi lëscht geplangte Feierübung war den 07.12.2017.
  • Dat aanert waren alles Feelalarmen bedengt durch Aarbechten um 10. Stack.

Wat Plaz betrëfft wou d‘Léit sech mussen opstellen ass laut Service SE alles am grenge Beräich.

 

Archives des CFL

  • D‘Personalakten leien alleguerten am DG-Gebäi.

 

Loge des portiers du bâtiment de la DG

  • D‘Personal dat an der Loge setzt, huet gefroot op een net eppes kéint maachen wéinst der Akkustik. Wann eng Persoun virun der Loge steet, héire si dës Persoun ganz schlecht.
  • D‘Léisung soll lo sinn, eng Fenster an déi bestehend Fenster ze integréiren, déi een opmaache kann.
  • Déi ganz Loge gëtt och technesch op de lëschte Stand bruecht (PC an Telefon).

 

Mise à jour des organigrammes et de l’annuaire téléphonique

  • D‘Telefonsbuch ass net à jour, hei ass de jeeweilege Service responsabel eng mise à jour ze maachen.
  • De Service-RH huet de néie Portail RH firgestallt. Wann deen operativ ass, sin all Donnéen wie Telefons- an Bürosnummern ëmmer aktuell (Enn Abrell 2019).

 

Divers

De Service-RH organiséiert eng Photosession fir aktuell Fotoen vum Personal ze hunn, dëst fir an de System HR ze intégréieren.

Déi nächst Services Centraux Sitzung ass den 20.12.2018.

Alf KRÄMER