Rapport de la réunion auprès du Chef de Service EI, en date du 26.09.26


Formatioun / Noexamen (2026-036-O & 2026-041-S)

De CDS-EI informéiert, datt d’Formatioun enk suivéiert gëtt, mam Zil, esou vill Kandidaten wéi méiglech duerch d’Formatioun ze bréngen.

• Et gëtt festgestallt, datt déi aktuell Form vun der Formatioun net zefriddestellend ass, notamment well Theorie a Praxis net ëmmer konsequent zesummepassen.

• De CDS-EI huet dës Thematik mat de Formateuren analyséiert an Méiglechkeete fir Verbesserungen diskutéiert.

• D’Kënnegung vun den 2 Kandidaten, déi den Noexamen net gepackt haten, gouf virleefeg gestoppt.

• Déi schrëftlech Epreuvë goufen zesumme mat de Formateuren nach eng Kéier iwwerpréift. Dobäi goufe Fäll festgestallt, wou Detailer gefeelt hunn oder d’Bewäertung ze streng war, obwuel d’Äntwert net falsch war.

• Et gouf decidéiert, den Noexamen zukünfteg mëndlech ofzehalen, fir eng méi gerecht Bewäertung vum Wëssensstand ze erméiglechen. De mëndlechen Noexamen ass net als méi einfach anzestufen.

• Et gouf diskutéiert, ob dës Ännerung nach fir déi aktuell Klass oder eréischt fir déi nächst Klass gëlle soll.

• Am Sënn vun enger fairer Behandlung an fir kee Kandidat virzäiteg ze verléieren, gouf decidéiert, d’Ännerung schonn an der aktueller Klass ëmzesetzen.

• De CDS-EI präziséiert, datt et sech net ëm eng drëtt Chance, mee ëm den éischte mëndlechen Noexamen handelt.

• Et gëtt festgehalen, datt an dëser Iwwergangsphase kee Kandidat benodeelegt gouf.

• Zukünfteg Prozedur: Bei engem net gepackte schrëftlechen Examen gëtt den Noexamen mëndlech ofgehalen.

Debriefing (2026-037-O & 2026-051-EI)

D’Personalvertrieder kruten erkläert, datt beim Debriefing d’Fahrdienstleiter, Weichesteller an d’ST sech zesummesetzen, fir iwwer Problemer am Betrib a méiglech Verbesserungen ze diskutéieren.

• An der ST, déi schonn nom neie Plang schafft, gëtt de System vum Debriefing positiv bewäert.

• De CDS-EI huet erkläert, datt den Dag vum Debriefing prinzipiell flexibel ass. Fir de Personalbüro soll den Donneschdeg disponibel bleiwen, dofir gouf den Debriefing op Dënschdeg geluecht.

• Wéinst de Bestëmmunge vum Aarbechtsrecht goufen 11 Stonne Repos journalier als genuch ugesinn. Den Debriefing kann domat aktuell vun 08:00 bis 16:00 Auer stattfannen.

• Sollt de Repos journalier op 12 Stonne erhéicht ginn, misst den Debriefing entspriechend op z. B. 09:00 bis 17:00 Auer verréckelt ginn.

• Aktuell bleift et bei 08:00 bis 16:00 Auer. Sollt eng Decisioun vun der DC zu enger Ännerung féieren, gëtt den EI sech un déi nei Regulariséierung upassen.

• Zousätzlech gouf d’Fro opgeworf, ob een no 3 Woche Congé net direkt op enger M soll ufänken. De CDS-EI huet dozou ugereegt, ze iwwerpréiwen, ob dës Reegelung nach sënnvoll ass.

Personalengpäss/Noutléisungen (2026-038-O & 2026-046-S)

All Agenten, déi fir en Asaz a Fro komm sinn, goufe kontaktéiert. Et gouf kee forcéiert, an och d’Qualifikatioun fir en Asaz vun e puer Deeg gouf berücksichtegt.

• Well keen Ersatz fonnt gouf, goufen de Chef de Région adjoint an den Direkter Hoffmann kontaktéiert. Et gouf decidéiert, den Agent vun der Nuetsschicht ze froen, méi fréi unzefänken, an de Pausemann méi laang ze halen, fir eng Zoumaache vum Stellwierk ze vermeiden.

• De CDS-EI wäert dem betraffenen Agent fir säin Asaz Merci soen.

• D’Chefs de Région sollen e „Plang B“ ausschaffen, fir festzeleeën:

- wéi eng Poste bei Engpäss onbedéngt besat musse sinn;

- op wéi eng Poste provisoresch verzicht ka ginn.

Laang Chantieren

Bei laange Chantieren, wou wéineg oder guer keng Zich fueren, soll gepréift ginn, ob net all Poste musse besat ginn (z. B. ambulant).

• Doduerch kéinte méi Congéen erméiglecht an de Personalbüro entlaascht ginn, z. B. bei kuerzfristege Krankmeldungen.

• Et bleift awer de Risiko, datt bei enger kuerzfristeger Krankmeldung net genuch Personal disponibel ass.

• D’Chefs de Région sollen dofir eng Léisung fir laang Chantiersperioden ausschaffen, bei där d’Zuel vun de besate Posten temporär reduzéiert ka ginn.

• Eng Astreinte kéint eng méiglech Léisung sinn, géif awer beim aktuelle Personalbestand eventuell zu manner Congésméiglechkeeten féieren.

• Et gëtt betount, datt dës Mesure net obligatoresch ass, mee virun allem dozou dénge soll, de Mataarbechter méi Flexibilitéit beim Congé ze ginn an de Personalbüro ze entlaaschten.

Neie Plang ab Oktober

Mam neie Plang ab Oktober gëtt bei kuerzfristege Krankmeldungen keng grouss Verbesserung erwaart, well et och aktuell schwiereg ass, kuerzfristeg Ersatz ze fannen.

• Busser als Noutléisung kommen laut CDS-EI net a Fro, well déi néideg Kapazitéiten dofir feelen.

Personalbestand (2026-039-O)

Den Delegéierte goufen detailléiert Tableauen zum Personalbestand pro Regioun a Poste presentéiert.

• Am Resumé feelen um ganze Reseau (RAC, CHC, AIG, ST) aktuell 13 Leit. D’Personal-Situatioun ass domat ganz knapp.

• Congé parental an Deelzäitmodeller (75/70/50 %) sinn an dëser Zuel net berücksichtegt, well all Agent am Effectif mat 100 % gerechent gëtt.

• Bei de „Convenances personnelles“ kéint et trotz dem Lëschte-Congé bei spontane Congésdemandë méi enk ginn. Dëst kéint zu Onzefriddenheet bei de Mataarbechter féieren. RH huet dës Problematik bestätegt.

• Zu Beetebuerg goufen zënter längerem keng Weichesteller agestallt, well de Poste ursprénglech sollt ofgeschaaft ginn.

• Well sech d’Personal-Situatioun net verbessert huet, ass elo virgesinn, 2027 eng Klass mat 5 Weichesteller anzestellen.

OG10 (2026-040-O)

De Personalvertrieder gouf en Tableau mat den eenzelne OG10-Fäll presentéiert.

• Et weist sech, datt et op quasi all Poste zu OG10-Fäll kënnt.

• En OG10 bedeit net automatesch eng Strof.

• Déi meescht OG10 am nidderege Beräich waren ouni Strof.

• D’Fäll kënnen net all direkt matenee verglach ginn, well d’Gravitéit vun de Fäll ënnerschiddlech interpretéiert ka ginn.

Consignen / Responsabilitéit (2026-042-S)

D’Situatioun ass net akzeptabel a soll an Zukunft net méi virkommen. De CDS-EI huet de Problem un déi concernéiert Servicer weidergeleet.

• All Agent ass opgefuerdert, Onstëmmegkeeten ze mellen a sech verantwortungsbewosst ze verhalen.

• Wann en Agent sech un eng falsch Consigne hält, ouni selwer kënnen ze erkennen, datt dës falsch ass, kann him duerno kee Reproche dofir gemaach ginn.

Prozeduren / Debriefing (2026 -043-S)

D’Personalvertrieder kruten erkläert, datt an dësem Fall d’Prozedure korrekt agehale goufen.

• D’Entréeën am RPRS, d’Cartes rapport an déi aner Informatioune goufen ausgewäert an eng Enquête gouf duerchgefouert. Rapporte sinn och am IRIS-NEXT ze fannen.

• Et gouf keng „mise en danger“ zréckbehalen. De concernéierten Agent krut am Kader vum OG10 e Recadrage.

• Well et ëmmer erëm zu ënnerschiddlechen Interpretatiounen an domat zu Diskussiounen tëscht Stellwierk a BLZ kënnt, soll dëst Thema och am Debriefing ugeschwat a gemeinsam opgekläert ginn.

Funk / Kanal 35 (2026 044-S)

Beim Funk op Kanal 35 ass d’Kapazitéit aktuell ausgeschöpft.

• Et gouf nach emol drop higewisen, datt 2028 en neien digitale Funk agefouert gëtt, deen den aktuelle System ersetzt.

• De RAC gëtt am Funk ausgebilt. D’Sécherheetsequippe kommunizéieren awer net direkt mam Stellwierk.

• Bei enger Gefor am Gleis kommunizéiert nëmmen de RAC mam CHC.

• D’Personalvertrieder weisen awer drop hin, datt de Problem vun de villfältege Funkgespréicher domat net geléist ass. De Fahrdienstleiter muss weider op all méiglech Presenz vu Leit am Gleis reagéieren.

Tëschefäll / Aptitude (2026 -045-S)

De CDS-EI huet bestätegt, datt Tëschefäll eescht geholl ginn an déi néideg Suite ageleet gëtt.

• Je no Fall kënnen dozou gehéieren:

- theoretesch a praktesch Formatioun oder Simulator;

- Visitt beim Aarbechtsdokter oder Psycholog.

• No dëse Suivië gëtt op Basis vun de Resultater decidéiert.

• Et gëtt nëmmen tëscht apte an inapte fir de Poste ënnerscheet.

• Wann en Agent als apte gëllt, muss en d’Funktioun vum Fahrdienstleiter ausüben, fir déi en ausgebilt gouf.

• Wann en Agent net méi als CHC wëll schaffen, muss en sech no enger anerer Aufgab ëmkucken.

• Den EI kann en Agent nëmmen op Basis vun den definéierte Kritären vum Poste huelen, net eleng well den Agent d’Funktioun net méi wëll oder mengt, se net méi kënnen auszeüben.

Pausemann / Chantier (2026-047-S)

De Pausemann war wärend dem gréissere Chantier bewosst net virgesinn, well an esou Perioden net all Poste besat ginn, fir Congéen a Roudeeg net unzepaken.

• D’Auswierkung op de PDT war dem RH net opgefall a gouf als Lapsus unerkannt.

• De CDS-EI huet confirméiert, datt dëst an Zukunft besser berücksichtegt gëtt.

• Agenten, déi keng Paus konnte maachen, kréien déi entspriechend Iwwerstonnen ugerechent.

Kariärentwécklung (2026-048-EI)

D’Thematik fält an de Kompetenzberäich vum RH-RM.

• Et gëtt gekuckt, wéi d’CFL sech an Zukunft weiderentwéckele kann, z. B. am Beräich KI oder BMS als Poste Commandement Sûreté.

• Dës Méiglechkeete sinn fräiwëlleg.

• D’Iddi ass, datt méi Verantwortung och mat enger weiderer Karriärentwécklung verbonne ka sinn.

Workshop (2026-049-EI)

De Workshop gouf op de 19. November verréckelt, well déi 2 Personalvertrieder vu SYPROLUX den 30. September wéinst hirem Déngschtplang net deelhuele konnten.

• De Workshop, deen ursprénglech d’Pausen zum Thema hat, soll elo méi allgemeng Themen aus dem EI behandelen.

• Méiglech Theme sinn ë. a.:

- Promotiounsexamen

- TC/SC-CHC

- eventuell Primen

- Ambulant

- weider Theme betreffend den EI.

Postebesetzung (2026-050-EI)

Am EI ass nach 1 Plaz als „Correspondant informatique“ ze besetzen.

• Insgesamt lafen aktuell 8 Rekrutéierungsprozeduren.

• D’Kapazitéit vun der Cellule de renfort ass zënter dem 1. September vun 5 op 1 Agent reduzéiert ginn.

• D’Cellule GI/AQF gëtt an den EI-PE integréiert.

Déi kommend Sitzung ass den 15. Dezember 2026

 

Fir de SYPROLUX

Luc Plier

Jeremy Manderscheid