Rapport de la réunion auprès du Chef de Service EI, en date du 21 avril 2026


Plan de travail :

▶ Les délégués du personnel du SYPROLUX revendiquent à ce que le plan de travail des réservistes soit communiqué et publié deux semaines en avance, tel que c’est le cas pour le PAT, ainsi que la publication des jours de repos sur une période de 4 semaines.

De Chef de Service huet Verständnis gewisen fir dëse Problem. En hott allerdéngs och betount datt de Büro RH eng gewësse Planungssécherheet brauch fir kënnen ze agéieren. Leider sinn och alt mol Posten net besat. Zu dësem Moment ass et net méiglech de Plang op 2 Woche rauszeginn. Sie ginn awer mat an déi Richtung an ongeféier Mëtt des Joers wäert de Plang 1 Woch fest an 1 zweet Woch informativ rauskommen. Hei muss dann d’Kommunikatioun an deenen zwou Richtunge fonktionéieren an et sinn och Ännerungen ouni Accord vum Agent an der zweeter Woch méiglech.

▶ Les délégués du personnel du SYPROLUX demandent comment les séances « dispo » seront organisées après introduction du nouveau plan de travail ? Est-ce que ces séances seront-elles traitées comme une astreinte pour assurer des congés de maladie en dernière minute ?

Dës Schichte ginn als éischt mol um Posten sou verplangt wéi se gebraucht ginn. Des weidere kënnen se fir d’Formatioun, Kommunikatioun oder Visitten, wat de Chef Local reegelt, benotzt ginn. Et ass momentan net virgesinn datt den Agent doheem ka bleiwen a bei Bedarf geruff gëtt.

▶ Les délégués du personnel du SYPROLUX revendiquent l’option de pouvoir adapter le nouveau plan de travail sur 3 séances permettant ainsi aux agents de mieux organiser leur vie privée. Le « bien-être au travail » serait ainsi garanti et les agents travaillant à temps partiel selon régime tiercé vont certainement l’apprécier. Ceci ne consiste en aucun cas un plan de travail sur mesure pour tout le monde, mais seulement une légère adaptation unique pour l’agent en cas de besoin.

Dëse Punkt bleift nach op. De Chef de Service hott eis an dësem Sujet awer mol Recht ginn. Et sinn 24 Agenten déi temps-partiel schaffen. Dovunner haten sech der bis elo 10 gemellt a Propose gemaach wat si gäre geännert hätten. De Büro kuckt da, wat geet an d’Adaptatioune ginn dann uniform fir jiddereen gemaach. Dofir sollen och all déi sech mellen déi u sech mat deenen 2 initiale Proposen zefridde sinn. D’Personalvertrieder hunn allerdéngs betount datt dat net dat ass wat si gefrot hunn. Et geet u sech drëms datt déi, déi am temps-partiel schaffen, jee no Bedarf, eenzel Schichte kéinte réckelen. Eng uniform Léisung kann deem an eisen Aen net Rechnung droen.

▶ Les délégués du personnel déplorent qu’à partir du mois d’octobre 2026, bon nombre de tours de service ne travailleront plus en parallèle comme jusqu’à présent, engendrant une réorganisation majeure entre vie professionnelle et vie privée pour les couples cheminots.

Hei ass et esou datt um aktuellem „calendrier prévisionnel“ den Ufanksdatum vum Roulement net iwwerall d’selwecht ass a jee no Regioun kann änneren. Elo mam neie Plang ass z.B. de 05.10 fir jiddereen déi éischt Woch. Well dëst gläichgeschalt gouf ass do en Decalage entstan. Et hätt mat vill Opwand kéinte redresséiert ginn, mä well dat bedeit hätt datt rëm alles op d’Kopp gehäit gi wier, d’Congéen scho geplangt sinn, si sech d’Personalvertrieder mam Chef de Service eens ginn datt et lo sou bleift wéi et ass. Et gouf allerdéngs gesot datt wann 2 Agenten um selwechten Posten sech eens sinn ënnerteneen d’Touren ze tauschen da wier dat kee Problem.

Poste Ambulant:

▶ Les délégués du personnel du SYPROLUX demandent l’introduction d’un « Pausemann »/d’une « Pausefra » pour les agents travaillant à la BLZ, ainsi que sur les postes «Differdange» et «Belval» au réseau tertiaire.

Um Belval Réseau-Tertiaire ass d‘Paus an der Consigne Locale gereegelt. Do ass mat der Cargo festgehal datt Nuets eng hallef Stonn Paus muss gemaach ginn. De Chef Local soll lo mol préiwen ob dat och sou respektéiert gëtt. Fir Déifferdeng Réseau-Tertiaire ass et esou datt ab dem 27.04 den Ambulant Péiteng hinnen eng Paus schafft. Wann de Belval op Péiteng plënnert wäerten déi Agenten och eng Paus vum Ambulant P geschafft kréien. An der BLZ ass et esou datt d’Leit sech do selwer organiséieren an datt do momentan kee Besoin besteet.

▶ Les délégués du personnel demandent à élaborer une mesure pratique afin de permettre aux chefs de circulation du PDT de faire une pause de 30 minutes pendant les séances « nuit » en toute sérénité.

De Chef de Service gesäit dat net grad esou a freet sech op e reelle Bedarf besteet. Elo bleift et mol nach sou wéi et ass. Mat den zukünftegen Fusioune wäert och hei eng Paus méiglech sinn.

Trafic / Safety controller :

▶ Les délégués du personnel du SYPROLUX demandent comment le chef de service compte résoudre la problématique des Trafic / Safety controller et des chefs de circulation classiques suite à l’introduction d’examens de promotion pour les carrières M et S sur poste?

Hei ass et esou datt do e Pilotprojet lancéiert ginn ass deen herno op Klengbetten a Waasserbëlleg ausgeweit gouf. Do wier de Feedback éischter positiv gewiescht wat d’Dier opgemaach hätt fir e Promotiounsexamen fir de Safety ze erméiglechen. Elo, mat de Fusiounen an deene grousse Stellwierker déi do entstinn, ass dat net méi sou evident mam Trafic/Safety. Den RH ass net bereet fir datt all ChC an Zukunft de Promotiounsexamen ka maache fir um Posten ze bleiwen. Hei muss dat Ganzt nei evaluéiert gi wéi een dat ka reegelen. De Chef de Service hott awer och gesot datt déi di bis elo den Exame gemaach hunn datt sech bei deenen näischt ännere wäert. Fir d’Léit déi de B-Exame wëlle maachen do wier bis elo nach ni ee refuséiert ginn. Wann do Demande komme ginn dës vum Chef de Service gekuckt an déi Fäll ginn da gekläert.

Responsables Accueil Client :

Um Belval Réseau-Tertiaire ass d‘Paus an der Consigne Locale gereegelt. Do ass mat der Cargo festgehal datt Nuets eng hallef Stonn Paus muss gemaach ginn. De Chef Local soll lo mol préiwen ob dat och sou respektéiert gëtt. Fir Déifferdeng Réseau-Tertiaire ass et esou datt ab dem 27.04 den Ambulant Péiteng hinnen eng Paus schafft. Wann de Belval op Péiteng plënnert wäerten déi Agenten och eng Paus vum Ambulant P geschafft kréien. An der BLZ ass et esou datt d’Leit sech do selwer organiséieren an datt do momentan kee Besoin besteet.

Les délégués du personnel demandent à élaborer une mesure pratique afin de permettre aux chefs de circulation du PDT de faire une pause de 30 minutes pendant les séances « nuit » en toute sérénité.

De Chef de Service gesäit dat net grad esou a freet sech op e reelle Bedarf besteet. Elo bleift et mol nach sou wéi et ass. Mat den zukünftegen Fusioune wäert och hei eng Paus méiglech sinn.

Trafic / Safety controller :

Les délégués du personnel du SYPROLUX demandent comment le chef de service compte résoudre la problématique des Trafic / Safety controller et des chefs de circulation classiques suite à l’introduction d’examens de promotion pour les carrières M et S sur poste?

Hei ass et esou datt do e Pilotprojet lancéiert ginn ass deen herno op Klengbetten a Waasserbëlleg ausgeweit gouf. Do wier de Feedback éischter positiv gewiescht wat d’Dier opgemaach hätt fir e Promotiounsexamen fir de Safety ze erméiglechen. Elo, mat de Fusiounen an deene grousse Stellwierker déi do entstinn, ass dat net méi sou evident mam Trafic/Safety. Den RH ass net bereet fir datt all ChC an Zukunft de Promotiounsexamen ka maache fir um Posten ze bleiwen. Hei muss dat Ganzt nei evaluéiert gi wéi een dat ka reegelen. De Chef de Service hott awer och gesot datt déi di bis elo den Exame gemaach hunn datt sech bei deenen näischt ännere wäert. Fir d’Léit déi de B-Exame wëlle maachen do wier bis elo nach ni ee refuséiert ginn. Wann do Demande komme ginn dës vum Chef de Service gekuckt an déi Fäll ginn da gekläert.

▶ Les délégués du personnel du SYPROLUX demandent si les heures supplémentaires des chsv/RAC à Rodange sont pris en compte de manière rétroactive ?

Dëst gouf refuséiert. Den 2. Poste war am Ufank als Renfort geduecht. Dunn gouf en iergendwann fest als 2. Posten ageplangt. Well een do kee genauen Datum ka festleeë bleift et bei der Dcisioun déi an der leschter Versammlung geholl ginn ass.

An dësem Kontext goufe Rumeuren ugeschwat datt d’Iwwerstonnen bei net-besaten Poste géife verschwannen. Dëst gouf vum Chef de Service dementéiert an et bleift esou wéi et elo ass. Wann ee Posten net besat ass da kréien déi, déi do sinn Iwwerstonnen opgeschriwwen. D’Personalvertrieder hunn betount datt dëst e Merci fir déi ass déi de Ball am Fall vu Personalmangel um rullen halen.

▶ Les délégués du personnel du SYPROLUX demandent s’il y a des nouvelles concernant l’abri des chsv Eb après visite du chef de service en décembre 2025 ?

Hei gouf ee méi e grousse Container installéiert.

▶ Les délégués du personnel demandent à être renseignés sur l’état d’avancement de l’outil de communication chsv.

Déi aktuell Technik ass ausgereizt a stéisst un hir Grenzen. Et leeft grad e Projet wou de Funk op MCXBasis am 5G soll agefouert ginn. Dëst sinnn Handye wou een am „push to talk“ kommunizéieren kann.

▶ Les délégués du personnel du SYPROLUX demandent si une installation de fontaines d’eau sur les différents postes serait prévue ?

Hei ass d’Demande d’achat scho gemaach. Dës Apparater ginn iwwerall do installéiert wou et technesch méiglech ass an d’Waasserqualitéit et hiergëtt. Et muss allerdéngs och eng kritesch Unzuel vu Leit op deene Poste sinn well e gewëssenen Debit assuréiert muss sinn. Eng extern Firma këmmert sech em den Ënnerhalt. Et kann ee waarmt, kaalt a Spruddel zapen.

▶ Les chsv revendiquent un bonnet en cas de froid, courant d’air et de pluie. (Eb) Comme leurs collègues d’Ettelbruck, les chsv demandent aussi d’être équipés de bonnets et de vestes « fleece » comme les agents AV au guichet par exemple.

Hei gouf d’Decisioun aus der leschter Versammlung bestätegt. Eng Kap muss an deem Fall duergoen. Aus Sécherheetsgrënn däerf keng Mutz d’Ouere bedecke wann een sech no beim Gleis ophält.

Wat de Fleece ugeet do gëtt eng Ëmfro bei den Aufsichtsbeamten/RAC gemaach. Sie sinn elo scho gutt equipéiert an et wäert net nach e Fleece fir jiddereen derbäi kommen.

CSS éléments hors tension d’office, rectificatif consigne bleue locale :

▶ Les délégués revendiquent une Note officielle sur le « modus operandi » sur ce sujet car un grand nombre de chefs de circulation ignorent les dangers dans ce cas précis.

Et ginn 2 Prozedure wéi eng Protektioun C ka gemaach ginn. Op Uerder vum CSS oder iwwert déi ominéis Lëscht (déi muss ee selwer ouni ugestallt ze gi kucken). De Chef de Service huet awer erkannt datt dat hei eng geféierlech Saach ass an datt een do de ChC nach emol muss sensibiliséieren. Sie setzen sech mat der FC (formation continue) a Verbindung fir ze kucke wéi een dat ka maachen.

Majoration d’échelon :

▶ Les coachs du service EI demandent s’ils pourraient bénéficier de la majoration en échelon pour poste à responsabilité particulière à l’instar des coachs des services AV et TM ?

Dëst ass aktuell net virgesinn. Et hänkt vun de Missioune vun de jeeweilegen Agenten of. Dëst gëtt vum RH evoluéiert an d’Tâchë sinn do net iwwerall déi selwecht.

▶ Les délégués du personnel du SYPROLUX demandent si les adjoints des chefs locaux pourraient également bénéficier de la majoration en échelon pour poste à responsabilité particulière, car ils assurent les fonctions du chef local en cas d’absence de celui-ci ?

Och dëst ass net virgesinn. D’PARP-Posten si limitéiert. De Chef Local ass déi responsabel Persoun an do ass kloer en Ënnerscheed zu den Adjointen.

Examen de promotion dans le service EI :

▶ Les délégués reviennent encore une fois sur la question 5 de la dernière réunion : « Les délégués demandent que, comme à l’image du service TM, les examens de promotion au sein du service EI seront réformés et ne porteront plus sur des questions sur le règlement, mais dans la réalisation d’une thèse sur un sujet. » et souhaitent savoir si une analyse de la situation a déjà été réalisée par le service RH afin d’être uniformisé avec les autres Services.

Hei hat de Gilles Schroeder am Oktober 2025 gefrot fir sech all emol un een Dësch kënnen ze setzen. Bis elo krut den EI op hir Äntwert nach kee Retour. Fir eng Thèse ze schreiwen do gesäit de Chef de Service am EI keng Méiglechkeet. Dëst géif jee no Tâche variéieren. Sou eng Thèse kënnt just dann a Fro wann se dem Betrib eppes bréng. Bei, wéi am leschten Examen, 9 Kandidate misst een 9 verschidden Thèsen ausschaffe wat net ze realiséieren ass.

Nouveaux tableaux de service au Service EI :

▶ Lors de la réunion de septembre 2025, il nous a été proposé de créer un groupe de travail interne au sein du service EI afin de discuter des propositions relatives à l’intégration des pauses ainsi qu’aux modalités de compensation lors des prises et reprises de service.

Merci de nous préciser quand et comment un groupe de travail pourrait se former sur ce sujet.

De Chef de Service huet dëser Demande zougestëmmt. Et wäert nach en Datum kommunizéiert gin wou dëse Groupe de travail ka stattfannen.

Taux d’absentéisme :

▶ Les délégués souhaiteraient obtenir des informations relatives au taux d’absentéisme, ainsi que son évolution au cours des derniers mois.

Mir kruten e Grafik gewisen vun de Méint Januar 2022 bis Mäerz 2026.

Am ganzen EI geet et vu 7,64-5,27 % mat engem minimum vu 4,38 an engem maximum vu 7,79 %.

Bei den ChC geet et vu 4,46-3,14 % mat engem minimum vu 1,82 an engem maximum vu 6,05 %.

Bei de RAC geet et vun 10,79-6,53% mat engem minimum vun 3,72 %

Hei muss gekuckt gi wou et do evtl. Problemer ginn an ob een de Leit vläicht kann hëllefen. Den RH wëll do op alle Fall eppes maachen. Jee no deem wéi dack a wéi laang e krankgemellt ass gëtt een an engt Gespréich invitéiert.

Postes de travail non occupés :

▶ Les délégués souhaiteraient également obtenir des informations relatives au nombre de postes de travail qui n’étaient pas occupés lors des derniers mois.

Am Joer 2024 waren 966, am Joer 2025 waren 1154 an am Joer 2026 (bis Mäerz) waren 229 Posten net besat.

Code 180 > OG10 :

▶ Il nous est rapporté que le code de retard 180 fait l’objet d’un contrôle particulièrement strict au sein du service EI. Il est même avancé qu’après trois retards enregistrés sous le code 180, le CHC concerné se voit menacé de l’engagement d’une procédure OG 10 à son encontre.

Une telle approche peut-elle réellement être considérée comme une stratégie sérieuse et crédible visant à améliorer les statistiques liées au code 180 ?

Il est permis d’en douter.

Ne serait-il pas plus pertinent — et surtout nettement plus efficace — d’aborder cette problématique dans un cadre différent, fondé sur la sensibilisation, l’analyse des causes et la formation, plutôt que de recourir prioritairement à des mesures coercitives, des menaces de sanctions et des procédures disciplinaires ?

Dans ce contexte, il apparaît essentiel de rappeler que l’amélioration durable des performances ne peut reposer sur la pression et la sanction, mais bien sur l’implication des agents, la compréhension des réalités du terrain et un dialogue constructif. À défaut, ce type de pratiques risque non seulement de se révéler contre-productif, mais également de détériorer le climat de travail et la confiance envers la hiérarchie.

Bis elo ass dem Chef de Service keen eenzege Fall bekannt wou et bei engem Code 180 zu engem OG10 komm wier. Heen gesäit och kee Problem wann de Chef Local en Agent drop uschwätzt wann eppes net an der Rei war. Dëst si normal Prozeduren déi keen Drock sollen opbauen, keng Strof duerstellen a keng disziplinaresch Mesure no sech zéien. Et wier bis elo nach kengem an sou engem Fall eppes geschitt a jiddereen kéint jo mol eppes vergiessen soulaang dat net zur Gewunnecht gëtt

▶ Informations du Chef de Service EI.

Hei gouf d’Erreechbarkeet vum Personalbüro ugeschwat. Ongeféier Mëtt Juni 2026 wäert eng Hotline agefouert gi wou all Agent tëscht 08-15 Auer op eng Nummer kann uruffen déi fir jiddereen d’selwecht ass. No 15:00 h muss een sech dann am Fall vun enger Krankmeldung beim NOMA mellen. Hei wäert nach eng Note rauskomme wéi dat ganzt fonctionéiert an wou och nach emol d’Reegele vun der Krankmeldung rappeléiert ginn.

▶ Personalfro (dëse Punkt gouf am Ufank vun der Versammlung derbäigesaat)

Op dëser Plaz wäerte mer dozou keng Detailer public maachen. Mir Personalvertrieder kënne just soen datt egal wat geschitt muss et gemellt ginn an et soll net probéiert ginn eppes ze verheemlechen. Dëst kann zu ganz schroe Konsequenze féieren. Vertuschen = 0 Toleranz.

Déi nächst Chef de Service-Sitzung gouf op den 30. Juni um 08h30 festgeluecht.

Pour le SYPROLUX

Jeremy Manderscheid, Luc Plier, Sepp Di Chio, David Bollendorff