Rapport de la réunion auprès du Chef de Service EI, en date du 1er juillet 2026


▶ Les délégués du personnel demandent un deuxième agent BRINKS pour la gare de Rodange. Les chefs de surveillance/RAC ne sont pas satisfaits de la décision prise lors de la réunion de chef de service en décembre 2025.

Mir sinn informéiert ginn dass Brinks och Rapporten iwwer all Tëschefall an Incident mëscht an aktuell wier kee Besoin fir en 2ten Mann do, baséiert op dësen Rapporten.

Aktuell ass och de Budget fir en 2ten Mann net do, d’Matière gëtt awer weider verfollegt a wann sech rausstellt dass e Besoin do wier gëtt nach eng Kéier driwwer geschwat. D’Agente sollen dofir genuch Rapporten iwwer alleguer d’Incidents an Tëschefäll maache fir sou en 2ten Agent vu Brinks ze justifizéieren.

De Chef de Service huet eis och matgedeelt dass hien och schonn informéiert ginn ass dass sech d’Gewalt am generellen iwwer déi läscht Jore verstäerkt huet op eise Garen. Hien huet an dem Kader och drop higewisen dass mer och nach iwwer eng mobil Sécherheetsequipe vu Brinks verfügen déi natierlech och bei Besoin agesat ka ginn.

Déi Woch no eiser Reunioun waren 2 Reunioune mat der Police geplangt, 1x mam Chef vun der Police iwwer de Quartier Gare Lëtzebuerg an dem Chef de Service EI Guy Lux, an 1x mam Service SE iwwer Hotspots vun de Garë Lëtzebuerg, Esch an Ettelbréck.

▶ Les délégués du personnel demandent des précisions concernant la carrière des agents RAC. Selon nos informations, les agents n’auraient plus la possibilité de postuler pour l’examen de changement de carrière « S », mais seraient uniquement habilités à se soumettre à l’examen « M3 ». Cependant, les postes « coach » sont éligibles pour les carrières S et M. De plus il avait été retenu d’un commun accord que le poste du premier quai (chsvE) en gare de Luxembourg resterait un poste de la carrière « S » et ceci aussi longtemps qu’il y aurait des agents de la carrière M et S ayant suivi la même formation de base (décembre 2024).

Fir de Posten RAC ass et an Zukunft esou dass en als M­Carrière niveau inférieur + niveau supérieur virgesinn ass, dh dass d’Agenten de Promotiounsexamen an der M­Carrière maache kennen, allerdéngs wäert festgeluecht gi wéi eng Garë wäerten niveau supérieur ginn a wéi eng niveau inférieur bleiwe wäerten, dëst steet bis lo nach net fest. Eng S-Carrière fir RACen ass net virgesi.

Als Coach vun de RACen ass eng M­Carrière niveau supérieur a S­Carrière niveau inférieur virgesinn.

Dass souwuel M+S Carrière RAC kenne sinn ass momentan Effectif bedéngt nach de Fall, wäert awer an Zukunft och net méi bäibehale ginn.

▶ Les délégués du personnel demandent des renseignements concernant les aiguilleurs du PDC. Selon nos informations et contrairement aux dires de décembre 2025, ils ne seraient pas transférés au nouveau poste directeur Bt après la fusion. Qu’adviendra-t-il de l’avenir de ces agents?

Um neie PDC wäert et an Zukunft keng Poste fir Weichesteller méi ginn.

Déi aktuell Weichesteller an der M­Carrière hunn d’Méiglechkeet fir eng Weiderbildung (S-Carrière), wat awer keng Mussesaach ass fir déi Agenten déi dat net wëllen ; den APCT geet duer fir kennen als CHC um neie PDC ze schaffen, e changement de carrière ass net néideg. D’Personalvertrieder haten de Chef de Service drop opmierksam gemaach dass si dat keng optimal Léisung fanne fir déi betreffend Leit, fir hier Posten ‘ofzeschafen’ an si dann d’Aarbecht vum CHC maachen ze dinn, mee d’CFL huet decidéiert dass Weichesteller aktuell I­Carrière ass an CHC M+S­Carrière, vu que dass déi al Weichesteller (M­Carrière) déi nämmlecht Formatioun gemaach hu wéi d’CHC.

Wéi d’Posteverdeelung um neie PDC an um neie PDL wäert sinn steet nach net fest.

Wat déi nei Weichesteller (I­Carrière) ugeet, si hunn d’Méiglechkeet fir de Promotiounsexamen an der I-Carrière ze maachen wéi och den examen de changement de carrière an d’M­Carrière, an deem leschte Fall kann een dann allerdéngs net méi Weichesteller sinn.

▶ Les délégués du personnel demandent des renseignements concernant la mobilité interne pour les chc et RAC. Des rumeurs circulent que dans le futur ces agents ne vont plus pouvoir changer de région à cause des formations trop importantes dispensées. Les agents seront-ils bloqués «à vie» dans une même région ?

De Chef de Service huet sech verwonnert gewisen dass sou Rumeuren optauchen an hie freet sech och vu wou se kommen, hien huet eis awer verséchert dass dat just Rumeuren ouni Gewiicht sinn an dass ee weiderhin sech kann an eng aner Regioun melle soubal ee 5 Joer Déngscht a senger aktueller Regioun ofgeschloss huet. Et ass och esou dass et keng Frist méi gëtt déi ee muss ofsetze wann een sech op eng Tour gemellt huet fir sech op eng aner ze mellen, soulaang et déi nämmlecht Regioun ass, 5 Joer an der nämmlechter Regioun ass dat wat zielt.

▶ Les délégués du personnel désirent être renseignés sur la position du Chef de Service EI concernant la responsabilité des chc. Est-ce que l’opinion et l’expérience des chc jouent un rôle en cas de situation dégradée ? Est-ce que les chc peuvent prendre des décisions pour gérer une situation dégradée ? Est-ce que le chc a le droit de douter des décisions prises par d’autres instances et qui devra endosser la responsabilité de telles décisions ? Que pense le Chef de Service d’une certaine expérience comme chc pour les agents de la BLZ (connaissance locale) ?

De Chef de Service huet drop higewisen dass den CHC an d’ST verschidde Missiounen hunn. Dem CHC seng wichtegst an alleréischt Aufgab ass d’Sécherheet ze garantéiere wärend der ST hier Aufgab de ganze Reseau ze iwwerkucken a situations dégradées ze géréieren.

Duerch d’Opdeelung vun den Tâchë kann een déi 2 net vergläichen an och keen iwwer oder ënner deen anere stellen mee dass en Zesummeschaffe wichteg ass an den Dialog de A an de O ass. D’Personalvertrieder hunn do zougestëmmt mee kloer gemaach dass grad deen Dialog net ëmmer stattfënnt wéi et misst sinn.

Déi Woch no der eiser Sitzung wäert eng Reunioun mam Chef de Service an de Chefs locaux an hiren Adjointë stattfanne wou des informéiert ginn iwwer en neie Plang fir de Beko bëssen ze entlaaschten andeems Disponenten puer vun den Tâchë vum Beko iwwerhuele wäerten. Mir kruten et sou beschriwwen dass de Beko ‘niveau Safety Controller’ an den Disponent ‘niveau Trafic Controller’ unzegesinn ass. D’Ziel vun dësem Plang ass e bessert Zesummeschaffen an Dialog wéi och en neie Kader an deem no 15 min eng Strategie soll feststoe fir eng situation dégradée ze léisen. Dëst gëtt erreecht duerch en engt Zesummeschaffen tëscht dem CHC an dem Beko, wou de Beko dem CHC soll soen op wat mer mussen erauskommen an den CHC seet dem Beko seng Méiglechkeete wéi dat am séchersten an effektiivste machbar ass. Et ass puermol vu Säite vum Chef de Service wéi och vun de Personalvertrieder betount ginn dass den Dialog ST­CHC extrem wichteg ass an dass och den CHC e Matsproochrecht huet, an dass dat wichteg an néideg ass fir eng konstruktiv Léisung zu engem Problem ze fannen.

No enger Situation dégradée wäert vun de Chefs locaux en Debriefing dodriwwer gemaach ginn, fir e Fazit draus ze zéien an ze kucken ob een eng Situatioun an Zukunft méi effektiv ka léise wouriwwer dann och déi betreffend Agente wäerten informéiert ginn. Hei ass natierlech och e Feedback vun den Agente wichteg an eng konstruktiv Kritik erwënscht iwwer Detailer déi gutt verlaf si wéi och iwwer Saachen déi manner gutt verlaf sinn. Am Fall wou trotz Dialog tëscht dem CHC an dem Beko nach Diskrepanzen an der Reegelung vun engem Problem bestinn, huet d’ST dat lescht Wuert an och dëst gëtt nodréiglech am Debriefing e Fazit draus gezunn.

Spéiderhi mam neie Roulement war d’Iddi fir déi DispoSchichten am Plang sou ze notzen dass d’Leit déi op engem Roulement schaffen (souwuel BLZ wéi och CHC, haaptsächlech PDL well do déi meeschten Diskussiounen ënnertenee sinn, sech reegelméisseg an engem Workshop gesi fir iwwer Situatiounen ze diskutéieren, wat mir Personalvertrieder ënnerstëtzen. De Chef de Service erhofft sech doduerch och e bessert Zesummeschaffe op deenen eenzelen Toure well ëmmer déi nämmlecht Agente mam neie Roulement matenee lafe wäerten an sech sou wäerte besser kenne léieren.

▶ Les délégués du SYPROLUX et de l’OGBLLandesverband revendiquent plus de flexibilité pour les chc concernant leur rayon d’action. En cas de situation dégradée on est d’avis que chaque chc du même poste devrait pouvoir donner un coup de main et soutenir l’agent titulaire occupé à gérer des dérangements/chantiers pour garantir une meilleure fluidité et minimiser les retards.

Bei dësem Punkt bedauere mer leider dass de Chef de Service net mat op de Wee vun eiser Propose gaangen ass wéinst Sécherheetsbedenken.

De Chef de Service fäert dass wann et géif drop ukommen Traçabilitéit a Responsabilitéit vu sécherheetskriteschen Handlungen net méi nozevollzéie wier wann 2 CHC an engem Beräich wurschtelen, Schliisslech ass et net fir näischt dass op deene modernen Anlage just 1 CHC sécherheetskritesch Handlungen an enger bestëmmter Circonscriptioun maache kann. Allerdéngs kann een sech anerwäerts hëllefen andeems dann dee responsaablen CHC sech em d’situation dégradée këmmert (Oé) an een aneren CHC dee grad am Ralenti leeft kann dann Telefonater mat der ST iwwerhuelen, Rem maachen, Zuchfaarten etc.

▶ En réaction à la réponse du Num. courant 2026-020O lors de la réunion du 21.04.2026

Les délégués de l’OGBL-Landesverband se voient contraint de rappeler en ce que les missions du délégué du personnel consistent :

Le délégué du personnel représente les salariés auprès de la direction. Il transmet leurs revendications, veille au respect de leurs droits, contribue au dialogue social et participe à l’amélioration des conditions de travail au sein de l’entreprise.

De Chef de Service huet betount dass dem Personalvertrieder seng Roll ass Doleancë vum Personal un de Chef ze droen, dobäi ass dem Chef de Service de Contenu vun de Froen net wichteg an deem Sënn ze verstoen dass all Fro wëllkomm ass a mir all Fro an d’Reunioun mathuele kennen a solle mee wat him wichteg ass ass den Toun an d’Aart a Weis wéi Froe gestallt ginn a mateneen diskutéiert gett.

De Chef de Service huet och vun der Geleeënheet profitéiert fir ze soen dass dem Personalvertrieder seng Roll ënnert anerem och ass fir d’Agenten ze berouegen a falsch Rumeure sollen deseskaléiere souwäit mer kennen a mer kéinten eis och un hien direkt wende fir Nofuerschung wat dat Thema ugeet ouni den Datum vun der Reunioun mussen ofzewaarden.

Nouveau plan de service

▶ En octobre/novembre, le nouveau plan de service est censé être mis en oeuvre dans les toutes les régions EI. La supervision trafic a été la première région EI à l’appliquer et disposent désormais d’environ quatre mois de recul et d’expérience avec ce nouveau plan.

Un premier bilan intermédiaire a-t-il déjà été réalisé ?

La supervision trafic disposait déjà en mars d’un effectif jugé suffisant pour effectuer la transition vers ce nouveau plan de service. Or, nous devons constater que malgré tout cela, certaines pauses de différents postes dans la région n’ont pas pu être pourvus suite manque de personnel (congés / congés de maladie).

Comment le chef de service évalue-t-il cette situation ?

Quelles stratégies sont envisagées si la mise en oeuvre du nouveau plan s’avère plus complexe que prévu ?

Vum 01.03. bis 24.06.2026 waren 53 Posten net besat (97.7%), wärend dem nämmlechten Zäitraum 2025 waren der 22 net besat (98.2%).

Lescht Joer huet am Effectif 1 gefeelt, dëst Joer 5, den Taux d’abentéisme ass nämmlecht bliwwe mat ca. 4,25%.

Dass duebel souvill Posten dëst Joer net besat ware wéi lescht Joer soll awer net dem Neien Déngschtplang ze verscholde sinn, do wier keen direkte Lien ze erkennen, et léich éischter u Laangzäit Krankmeldungen an Deelzäitaarbecht, waart lescht Joer net de Fall war.

De gréisste Probleem mam neie Plang ass déi manner grouss Flexibilitéit duerch d’Ofschaafen vum kuerze Wiessel. D’Missioun vun eiser direkter Chefetage ass lo Zenarien an e Plang auszeschaffen am Fall vun Personalmangel fir festzeleeë wéi eng Poste musse besat sinn fir dass de Jabel nach lafe kann.

D’Recrutemente lafe momentan wéi geplangt, 6 Agente géife Stand elo feele mee déi sti schonn an der Pipeline.

An der Klass vum Februar 2026 hu 15 Agenten ugefaangen.

An der Klass vum Juni 2026 hu 5 Agenten ugefaangen.

Fir d’Klass vum November 2026 gesäit et och villverspriechend aus.

Fir eis Reserve wäert de Plang op 2 Wochen (1t Woch fixe, 2t Woch provisoresch) am Laf vum Summer kommen, e genauen Datum steet nach net fest.

EI-ST

▶ La note n° 2026-03 EI-ST prévoit que lorsqu’un poste n’est pas occupé et que les tâches correspondantes sont reprises par un autre agent en plus de ses propres missions, celui-ci bénéficie d’heures de compensation.

Toutefois, cette disposition mériterait d’être revue. En effet, lorsque le poste d’AURIS-ST n’est pas occupé, les tâches sont reprises par l’AURIS-PDL, qui bénéficie alors d’une compensation.

En revanche, lorsque les postes NOKO et AURIS-ST ne sont pas occupés simultanément, l’AURIS-PDL reprend les tâches liées à AURIS tandis que le BEKO reprend les tâches NOKO de l’AURIS-ST. Dans ce cas, le BEKO assume également une charge de travail supplémentaire, mais ne reçoit aucune compensation.

Nous estimons que cette situation n’est pas équitable et nous souhaiterions qu’une adaptation de cette disposition soit envisagée afin que tous les agents reprenant des tâches supplémentaires soient traités de la même manière.

De Posten Noko ass Weekends an Nuets d’office net besat, ugepasst un den Aarbechtspensum.

Et ass e commun Accord festgehal ginn dass an deem Fall déi heures de compensation op den Auris PDL an de Beko opgedeelt ginn ab dem 01.08.2026..

EI-ST

▶ Les agents NOMA souhaiteraient savoir s’il serait envisageable d’équiper le poste d’une tablette.

Celle-ci pourrait notamment être utilisée lors des interventions pour consulter ARAMIS, mais aussi pour permettre la rédaction rapide de télégrammes en cas de besoin.

Et sinn 2 Optiounen diskutéiert ginn :

• fir all Agent eng eegen Tablette (Total 9 Stéck)

• 1 Laptop fir de Posten Noma wou sech dann den Agent wärend sengem Déngscht alogge kann An enger éischter Phase ass lo festgehale ginn déi Optioun mam Laptop ze testen, well déi net sou deier ass wéi 9 Tabletten. Natierlech ass et méiglech déi Optioun ze wiesselen, sollt sech rausstellen dass déi gewielten Optioun net optimal ass.

Effectif

▶  Par le passé, il était d’usage que les délégués reçoivent une présentation détaillée de l’effectif une fois par an.

Nous comprenons que de nombreux changements sont actuellement en cours et que certains points aient pu être oubliés. Toutefois, nous serions reconnaissants si cette présentation pouvait être réalisée ultérieurement afin de nous permettre d’avoir une vue d’ensemble actualisée de l’effectif.

D’Personalvertrieder kruten den Effectif vun 2026 präsentéiert a kréien en och per email no der Reunioun geschéckt.

Ab 2027 wäert et nees normal oflafe wéi déi Jore virdrun och.

Changement d’organigramme

▶  Am Kader vun der Reorganisatioun vum Service Posten SYPRONews 26EI  si verschidde déi elo nei gegrënnt gi sinn net

ausgeschriwwe gi well déi Tâchen a Missiounen aktuell scho vun Agenten ausgefouert ginn an dofir sinn déi betraffe Persounen als éischt informéiert a gefrot ginn op se déi néi Plaz wéilten unhuelen éier se ausgeschriwwe gëtt.

Note télétravail

▶  Den Teletravail ass aktuell iwwer d’IG39 gereegelt, well déi awer keen extra klore Kader virschreiwt war et dann de Chefs de Division selwer iwwerlooss wéi si dat interpretéieren an doduerch sinn dann och Ënnerscheeder entstaanen.

Déi Note fir de Service EI, opgestallt vum Chef de Service EI, soll LUC e méi e klore Kader schafen a méi Egalitéit firPLIER all Divisioun.

De Cycle télétravail variable soll elo fir d ganze Service Ei gëllen an dat ab dem 15.07.2026.

Pour le SYPROLUX

Jeremy Manderscheid, Luc Plier, Sepp Di Chio, David Bollendorff