Rapport de la réunion auprès du Chef de Service EI, en date du 10 décembre 2025


Echange d’informations:

▶ Doléances présentées par les délégués resp. affaires portées à l’ordre du jour par le Chef du Service Exploitation Infrastructure.

D’Versammlung huet ouni d’Presenz vum neie Chef de Service EI, dem Här Lux stattfonnt, sou datt eenzel Punkten an Detailer op déi nächst Chef de Service-Reunioun musse reportéiert ginn. E genauen Datum gouf eis net matgedeelt.

Chef de Surveillance Gare Ettelbruck:

▶ Étant donné que les tâches liées au traitement du courrier, à la présence sur le quai et à la gestion de la gare routière deviennent de plus en plus difficiles à assurer simultanément en raison de l’éloignement des locaux (base de vie / bureau / bureau sur le quai) sont loin l’un de l’autre, ne serait-ce pas envisageable d’introduire un poste CHSV Eb supplémentaire en binaire afin de renforcer et ainsi d’améliorer la gestion et la présence sur le terrain.

Fir 2028 soll en Agent fir de Bus am binaire agestallt ginn. Ab 2027 soll Nuets eng mobil Sécherheetsekipp derbäi kommen.

Mataarbechterëmfro 2025 - Résultats de l’enquête:

▶ Les CFL ont récemment publié les résultats de l’enquête collaborateurs, et il ressort que les résultats sont globalement mitigés, notamment en ce qui concerne la satisfaction des collaborateurs travaillant en tiercé et/ou en horaires décalés.

Il est également frappant de constater que la satisfaction de nos collaborateurs connaît une baisse significative après quelques années de service.

Chaque service a été chargé d’analyser ces résultats et de réfléchir à des pistes d’amélioration.

Pourriez-vous nous présenter vos conclusions ainsi que la stratégie que vous envisagez pour répondre à cette situation dans un avenir proche, voire pour inverser cette tendance ?

Hei ginn nach Analyse gemaach an de Service EI muss da bis Mëtt 2026 e Plan d’Action opstellen. Et ass allerdéngs e groussen Ënnerscheed punkto Zefriddenheet tëscht deenen administrativen an operationellen Agenten. Déi haaptsächlech Onzefriddenheet betrëfft net de Service EI mä éischter d’CFL am grousse ganzen.

ARAMIS:

▶ Aramis est le programme clef pour la gestion du trafic ferroviaire. En cas de défaillance Aramis, quels sont les backups prévus pour les postes directeurs, la supervision trafic.

Dëst ass an der IS228 gereegelt. D’Zugverzeichniss gëtt all Dag automatesch op de Computere vun all Poste gespäichert a kann iwwert eng Icon um Desktop opgemaach ginn.

Nouveau chef de service EI :

▶ En date du 2 janvier 2026 Monsieur Guy Lux va reprendre le poste de chef de service du EI. Les délégués aimeraient connaitre ses idées pour le service, les changements éventuels à venir, les restructurations envisagées. Reportéiert

Examen de promotion dans le service EI:

▶ Les délégués demandent que, comme à l’image du service TM, les examens de promotion au sein du service EI seront réformés et ne porteront plus sur des questions sur le règlement, mais dans la réalisation d’une thèse sur un sujet.

Hei sollen déi eenzel Servicer ënnert dem Gilles Schroeder emol zesumme kommen an iwwert d’Exame fir d’Promotioun schwätzen.

▶ Selon l’effectif actuel, ce dernier prévoit pour chaque région deux postes dispensés, ce qui représente 80 heures par semaine et par région En tant que délégués, nous préférerions que ces dispenses soient réellement utilisées comme telles, avec tous les avantages qu’elles apportent à l’entreprise et aux agents, plutôt que de planifier des séances de service en renfort, qui risquent d’épuiser les capacités en personnel en cas de maladies annoncées inopinément, pouvant entraîner ainsi des postes non occupés.

Den Dossier ass dem Här Direkter Hoffmann bekannt. Well de neie Plang am Mäerz 2026 an der BLZ uleeft muss dëst bis dohinner gekläert sinn. Eng Iddi ass datt den Agent disponibel bleiwe muss fir kënne bei Bedarf schaffen ze kommen. Egal wéi muss séchergestallt ginn datt et fir jiddereen fair ofleeft egal ob et lo als Disponibel oder Renfort agesat gëtt.

Introduction du nouveau plan de travail 6-9-9 au régime tiercé :

▶ Les délégués du personnel reviennent sur ce point déjà discuté lors de la dernière réunion:

Comment le futur Chef de Service envisage-t-il introduire le nouveau plan?

Dëst gëtt reportéiert.

Bis elo ass just gewosst datt de neie Plang am EI am Mäerz 2026 an der BLZ uleeft.

▶ Quel sera le plan de travail pour les agents travaillant 75/50% ?

De Personalbüro huet hei verschidde Modeller ausgeschafft. Déi interesséiert Agente sollen sech w.e.g. via Mail beim Büro mellen an da kréien si d’Detailer matgedeelt. ▶ Comment va se dérouler la rotation sur les différents postes PDL p.ex. ?

Wéi déi eenzel Agenten op deene verschiddenen Stellwierker déi jeeweileg Poste besetze muss fir all Stellwierk eenzel gekläert gi wann et bis souwäit ass.

D’Delegéierte vum SYPROLUX hunn an dësem Kontext hire Standpunkt punkto Pausen an Ofléis matgedeelt. Dëst resultéiert aus de Gespréicher dee si am Kader vun hire Visitten op all de Poste gefouert hunn.

• D‘Pause musse bestoe bleiwe wou se aktuell sinn.

• De Badge bei der Ofléis soll d’Presenz kontrolléieren a net op d’Minutt genau d’Schaffdauer.

• E Pausemann/fra gëtt fir de Reseau tertiaire an d’BLZ gefrot.

En alternative Schaffplang däerf net op Käschte vun deenen 3 Punkten a géint de Wëlle vun de Leit agefouert ginn.

Relation avec le bureau RH et gestion du personnel :

▶ De nombreux agents se plaignent de la manière dont ils sont traités par le bureau du personnel. La situation est tendue et les délégués du personnel soulignent que seulement 2 à 3 agents au bureau du personnel local ne suffisent pas pour répondre aux besoins du personnel EI et garantir une gestion en bonne et due forme.

Déi betreffend Leit goufen a ginn nach emol dorobber sensibiliséiert. D’Laun ënnert de Leit ass net grad déi allerbescht wat Haaptsächlech op de Personalmangel zréckzeféieren ass. Eng respektvoll Kommunikatioun muss op béide Säite gefouert ginn.

▶ L’effectif du personnel de gestion est un point, le second point relevé par les délégués du personnel est celui de la nécessité d’une formation de communication et de gestion du personnel pour les agents du bureau du personnel local.

Et gouf eng Formatioun fir d’Leit vum Büro. Den RH hott eis erkläert wéi hir Aarbecht ausgesäit an datt wann den Telefon schellt datt si dack hir Aarbecht mussen ënnerbriechen an herno rëm vu vir mussen ufänke wat och vill Zäit kascht. Et ass driwwer geschwat ginn op et eventuell Sënn géif maachen een Uspriechpartner ze hunn, dee weess wat um Büro leeft, an de Leit kann Äntwerten op hir Froe ginn ouni datt déi aner Aarbecht drënner muss leiden, eng Aart Telefonszentral. D’Personalvertrieder honn ënnerstrach datt engt perséinlecht Gespréich dack a kuerzer Zäit vill Froe ka beäntwerten anstatt sëllegen e-mailen mussen hin an hier ze schécken. Verschidde kënnen och leider net direkt um Telefon gekläert ginn. Do ass et besser dat iwwer mail ze maachen.

▶ Vu que les agents peinent à joindre par téléphone le bureau du personnel local, ils sont contraints de faire des messages IVU, moyen guère satisfaisant pour les agents demandeurs. Les délégués du personnel revendiquent donc un système d’Accusé de réception dans le système IVU afin de garantir la prise en compte des messages et qu’ils arrivent au bon destinataire.

Et gouf säitens dem RH betount datt een op alle Fall op den Tel muss goe respektiv si op e Message am IVU mussen äntwere wéi z.B. bei Krankmeldungen. Eis gouf verséchert datt ëmmer all Message am IVU op der richteger Plaz ukënnt. Et läit un de Leit vum Büro dëst ze kucken an drop ze reagéieren.

▶ Concernant l’utilisation du système IVU, bon nombre d’agents jugent les abréviations mal regroupés et difficile à comprendre. Les délégués du personnel demandent donc une solution pour une utilisation plus intuitive, ainsi que l’introduction d’un compteur renseignant sur les heures libres.

E Compteur als solch gëtt et net. Et gëtt driwwer nogeduecht fir déi eenzel Oplëschtunge vun de Roudeeg, Congé, Feierdeeg e.t.c. nei ze regroupéiere wat et den Agente méi einfach mécht en Iwwerbléck ze behalen. Aktuell besteet schonn eng Lëscht mat den Ofkierzungen an hir Bedeitung. Des Weidere kommen all déi nei Agenten nom S/0 bei den RH an de Personalbüro fir eng IVU-Formatioun.

▶ En cas de changement au plan de travail, les délégués du personnel revendiquent que les agents concernés soient contactés par téléphone pour garantir un flux d’information clair et correcte.

Dëst ass esou ugeholl ginn datt et wichteg ass wann een Agent kuerzfristeg z.B. op eng aner Déngschtstell muss fueren datt et fir béid Säite besser ass datt déi betreffend Persoun dat mat Zäite matkritt a net wéi an der Vergaangenheet eng Ofléis schif geet. Dëst gëtt nach emol de Leit vum Büro rappeléiert.

▶ Les délégués du personnel revendiquent à ce que le plan de travail des réservistes soit communiqué et publié deux semaines en avance, tel que c’est le cas pour le PAT, ainsi que la publication des jours de repos sur une période de 4 semaines.

Dëst wäert nach emol an der nächster Sitzung ugeschwat ginn. Et gouf drun erënnert datt all Agent d’Recht op 3 „Wënsch“ pro Mount hätt.

▶ Dans le respect de la protection des données à caractère personnel, les délégués du personnel demandent à ne plus annoter certaines informations sur le plan du travail, comme p.ex. les jours de maladie avec ou sans bulletin.

Verschidde Saache kann een net eenzel ausblenden. Do gëtt entweder alles ugewisen oder näischt. Et kënnen allerdéngs déi Deeg wou en Agent feelt einfach wäiss bleiwe fir verschidde privat Donnéeën net méi ëffentlech ze maachen.

▶ Les délais de réponse pour les demandes de congé sont trop longs. Une demande faite au printemps pour une période en hiver ne peut pas être refusée ou accordée qu’en été du même exercice.

An der Moyenne vun deene leschte 6 Méint ginn d’Mitteilungen an 18 Stonne verschafft.

De Lëschtecongé am éischten Tour ass d’office fräi. Dono gëtt den zweeten Tour gekuckt an dann d’Convenances personnelles. Hei weess een an der Moyenne vun deene leschten 10 Joer tëscht 50 a 60 Deeg am Viraus Bescheed fir eng convenance personnelle. Dës Demandë gi vum Büro ausgedréckt, chronologesch dem Datum vun der Ufro no classéiert an ofgeschafft.

▶ Les délégués du personnel désirent être informés sur l’outil utilisé pour définir l’heure exacte d’une relève en cas de situation pas claire. Se réfère-t-on au badge, au RPRS ou au login aux ESTW le cas échéant?

Hei ass et d’Remise déi am RPRS ageschriwwe gouf déi zielt resp. de login op den elektronesche Stellwierker.

Et gouf erkläert datt den IVU e performante Programm ass de vill Méiglechkeete bitt. Verschidde Saache kéinten z.B. als provisoresch siichtbar gemaach ginn (Plang op 2 Wochen, Roudeeg op 4). Et ass awer esou datt deen neie Plang vill Aarbecht kascht an Zäit an Usproch hëlt. Wann dee Plang bis steet kann een sech méi intensiv mam Programm beschäftegen. Leider ass kee „Fachmann“ am EI deen zu 100% mat der Software vertraut ass. Et wëll een net riskéieren duerch eng falsch Manipulatioun alles op d’Kopp ze geheien. Et wäert och eng nei Form vum IVU kommen.

Pauses :

▶ Les délégués du personnel demandent l’introduction d’un « Pausemann »/d’une « Pausefra » pour les agents travaillant à la BLZ, ainsi que sur les postes «Differdange» et «Belval» au réseau tertiaire.

Les délégués du personnel demandent à mettre en place une disposition pratique afin de permettre aux chefs de circulation du PDT de faire une pause de 30 minutes pendant séances « nuit » en toute sérénité. (Pétange/Rodange).

Dëst gëtt reportéiert. Et soll an engem Groupe de Travail mam neie Chef de Service Här Lux gekläert gi wou et Sënn mécht och am Kader vun den zukünftege Fusioune vun de Stellwierker.

BLZ : Responsabilité NOMA :

▶ Les délégués du personnel informent qu’ils ont demandé une position officielle de la part des CFL concernant la responsabilité du NOMA et du chef local en astreinte en cas de situation compliquée voire difficile dans l’exploitation, comme p.ex. 2 VT qui se partagent une ou plusieurs ZEP.

D’Personalvertrieder vum SYPROLUX hunn op Nofro hi vum Chef de Service confirméiert datt do en Austausch tëscht dem Här Direkter Wengler an hinne stattfonnt hott.

D’Fiche de Poste vum NOMA gëtt gekuckt a néideg Adaptatioune gi gemaach. Et ass kloergestallt ginn datt wann ee Chef lokal en Astreinte e Fahrdienstleiter eppes ustellt, datt dëst ënnert der Verantwortung vum Chef läit, a net wéi et iertemlecherweis d’leschte Kéier gesot gouf, datt de chc ëmmer responsabel wier, egal vu weem heen en Uerder kritt. Dëst gëllt och fir de NOMA..

Regroupement des postes directeurs :

▶ Les délégués du personnel demandent à être informés sur l’organisation future des postes directeurs actuels :

Quelle sera la situation après la fusion des postes PDEs, PDDu, PDT et PDC ?

• Combien d’agents seront affectés futur PDC ?

• Le système Safety/Traffic sera-t-il introduit ?

• Quelles seront les tâches des différents agents ?

• Les postes des aiguilleurs seront-ils également transférés au nouveau PDC ?

Et ass aktuell nach ze fréi fir hei eng kloer Ausso ze maachen. Esch soll Mëtt Mäerz 2026 op Beetebuerg plënneren. Fir déi betraffe Leit déi um PDEsch qualifizéiert sin ännert just de Lieu de travail. Sie bleiwe weiderhin an der Regioun Sud-ouest. Déi ganz Fusioun zu Bt soll 2029 ofgeschloss sin. Dono gëtt dann nach emol gekuckt fir d’Regiounen unzepassen. Fir d’Weichesteller, et sin der 3 an der aler M-Karriär, wier den „trafic“ eng Méiglechkeet och wa Sie souguer d’Formatioun fir en eventuellen „safety“ hunn. Fir de PDL ass d’Fusioun fir 2028 geplangt.

Safety/Traffic :

▶ Lors de leurs visites, les délégués du personnel ont remarqué que de nombreux agents sont sceptiques quant au principe du safety/traffic-controller. Les délégués du personnel demandent qu’un sondage de la part des CFL soit réalisé auprès de l’ensemble des postes de desserte pour connaître l’avis des gens du terrain en la matière.

De Chef se Service sot datt de Promotiounsexamen fir den alen S4/neien S3 u sech fir de Poste vum Safety geduecht ass. An Zukunft wann den AramisC bis fonctionéiert kéinte gréisser Ännerungen op d’Personal vun de Stellwierker duerkommen. Do wäerten d’Posten am Budget ugepasst ginn an de Recrutement resp. d’Formatioun fir e safety an trafic getrennt lafen.

D’Personalvertrieder hunn allerdéngs drun erënnert datt bei enger Entrevue beim Här Direkter Hoffmann ganz kloer gesot ginn ass datt roueg all Agent den Exame soll maachen a Sie um Stellwierk kënne bleiwen, och do wou et keen trafic a safety gëtt. Well de klassesche Fahrdienstleiter u sech déi 2 Funktiounen ausübt, ass an den Ae vun de Personalvertrieder do keen Ënnerscheed an der Karriär ze maachen.

Formation :

▶ Les délégués du personnel demandent pourquoi et comment il est possible qu’en matière de réglementations RGE/RGI des interprétations de certains formateurs soient toujours tolérées ?

▶ Plusieurs agents ont rapporté qu’ils doivent appliquer des procédures qui ne sont pas réglementés comme tel au RGE/RGI.

• D’Personalvertrieder vum SYPROLUX hunn op Nofro hi vum Chef de Service confirméiert datt do en Austausch tëscht dem Här Direkter Wengler an hinne stattfonnt hott.

• Et ass vum Chef de Service eng kloer Ausso gemaach ginn datt d’Reglementatioun kee Spillraum fir Interpretatiounen a perséinlech Ureegungen zouléisst. Et ass ganz kloer datt eenzeg an aleng den RGE/ RGI maassgebend sinn. Fir onnéideg Diskussiounen ënnert de Fahrdienstleiter an och tëscht de Mecanicienen, ADECen a.s.w. ze verhënnere muss sech jiddereen un dat selwecht Reglement halen. Bei Enquêtë gi just d’Richtlinnen aus dëse Bicher berücksichtegt.

▶ Les délégués du personnel estiment qu’il fait peu de sens de dispenser des cours de recyclage au printemps en vue d’adaptations au règlement en fin d’année. D’ailleurs les nombreux rectificatifs, resp. les nouvelles éditions successives n’arrangent pas les choses.

Et ass personalméisseg leider net aneschters méiglech fir se alleguerten duerch ze kréien. Et kéint eng Formatioun op informateschem Wee an d’A gefaasst ginn déi allerdéngs net dee selwechten Effekt hätt wéi eng klassesch wou de Formateur an d’Agenten am Austausch zuenee stinn.

Culture juste – OG10:

▶ Il a été rapporté aux délégués du personnel que des agents auraient dû participer à un cours de « remise à niveau » pour éviter qu’une procédure disciplinaire soit déclenchée. Les délégués du personnel aimeraient être informés si tel était le cas ? Dans l’affirmative, ils désirent connaître plus de détails et sur le processus et sur les critères d’une telle pratique ?

U sech ass et esou datt nodeems de Chef local seng Enquête gemaach huet eng « remise à niveau » an engem OG10 entscheet gëtt. Dëst ass als recadrage unzegesinn. An eenzelne Fäll, bei méi minimale Feeler, kann ob en OG10 verzicht ginn an direkt ob eng „remise à niveau“ zréckgegraff ginn. D’lokal Cheffen hunn hei e gewëssene Spillraum wou si dëst kënne fir all Fall eenzel entscheeden.

▶ Soutien par les délégués du personnel au agents victime en cas d’incident/accident (IG38) :

▶ Les délégués du personnel demandent si le service EI envisage d’offrir un support aux collègues chc/chsv en cas d’incident/accident comme les services AV/TM l’assurent par leurs coachs ? Il serait important de régulariser les cas où ceci serait nécessaire. Le service EI dispose de 8 délégués/suppléants qui pourraient assurer ce service. Comment peut-on régler les interventions, plutôt et heureusement assez rares, si l’agent travaille, s’il est en repos, ou en astreinte ? Qui avertira les délégués, la BLZ ?

▶ Les délégués du personnel que les chefs de surveillance désirent bénéficier d’une prise en charge d’un agent victime en cas d’incident/accident.

Dës Iddi ass positiv opgeholl ginn. De Service EI wäert sech bei de Servicer AV an TM ëmfroe wéi si dat handhaben. Et wier dann éischter esou datt d’BLZ entscheet ob si ee ruffen oder net. Dëst muss awer am Detail gekläert gi wéi dat kann ëmgesat ginn, mat Coach, Astreinte, eng Lëscht. An éischter Linn sollen d’Personalvertrieder an hir Delegéierte mol informéiert gi wann et zu engem Tëschefall komm ass

IG15: Astreinte:

▶ Les délégués du personnel demandent comment le service EI compte au futur mettre en place ses astreintes selon les nouvelles dispositions de l’IG15 ?

Hei steet nach keen Datum fest bis wéini dëst muss ëmgesat ginn. Déi betreffend Leit schaffen am Horaire mobile a sinn op enger Lëscht agedroe ween grad Astreinte huet. Fir datt ee vun der Prime ka profitéiere muss een op d’mannst 8 Wochen Astreinte am Joer maachen. Aktuell sinn der souvill op der Lëscht datt just 5 Wochen zesumme kommen. Do muss een an Zukunft kucke wéi een dat reegelt.

Attribution des tours de service à occuper:

▶ Certains agents (chefs de circulation) se posent la question quand les tours de service libres, ou libérés au proche futur, seront annoncés. Les délégués du personnel demandent à être informé comment en général les tours sont annoncés notamment en cas de retraite d’un agent ou quand une nouvelle classe d’S1 doit être répartie.

Fir Touren auszeschreiwen ass kee genauen Delai virgesinn. Dack ginn se regroupéiert well et zu gréisseren „Truppenverschiebunge“ kënnt.

▶ Pour les postes aux gares de Kautenbach, Clervaux etTroisvierges, les chsv déplorent que certains postes ne soient pas régulièrement occupés. Ceci ne satisfait en aucun cas au service que les CFL aiment offrir à ses clients.

Dëse Problem ass bekannt. Ettelbréck a Miersch sinn prioritär ze besetzen. Well vill binaire-Posten de WE sws net besat sinn, an d’Reservisten an der Woch schaffen, gëtt et schwiereg fir Ersatz ze fannen.

Collaboration avec firme de sécurité externe:

▶ Les délégués du personnel se demandent de quels pouvoirs les agents de sécurité BRINKS sont dotés ? En cas de clients difficiles ni les agents CFL, ni les agents BRINKS n’ont le droit de forcer le « client » à quitter les lieux. Faut-il vraiment pour chaque cas faire appel aux forces de l’ordre ?

Hei ass ganz kloer gesot gi wann sech sou eng Situatioun präsentéiert wou weder de chsv nach d’Sécherheetsekipp eppes maache ka muss d’Police geruff ginn. Et kann ee kee Client forcéiere wann dësen net well..

Bagage abandonné:

▶ Les délégués du personnel demandent à être renseignés sur la procédure à respecter en cas de découverte d’un bagage abandonné ? Faut-il appeler d’office les forces de l’ordre ou peut-on déposer le colis aux « objets trouvés » ?

Hei ass och kloer datt d’Police muss geruff an deem Fall. D’Police decidéiert wat an deene Fäll gemaach gëtt, an si sinn och an deene Situatiounen ëmmer séier op der Plaz.

CMT:

▶ Les délégués du personnel rapportent que les agents revendiquent des CMT garantissant une meilleure structure des messages, comme p.ex. les messages ATE qui remplissent des pages et des pages. L’organisation était nettement meilleure avec les livres RAT et anciens CMT.

De Chef de Service gëtt sengem Nofollger de Probleem weider fir datt dëse soll mam EI/QSE eng Analyse bei de Leit maachen. Et ass och gesot ginn datt lo mam Fahrplanwiessel nei CMT a Betrib geholl ginn, et ass dann ofzewaarde wéi do de Verdikt bei den Agente wäert ausfalen.

ATRA:

▶ Les délégués du personnel revendiquent que les travaux réglés par note commune soient notés en résumé sur les ATRA-CT pour faciliter aux chc de gérer les chantiers et la circulation des trains. Malheureusement les chefs de circulation rencontrent bon nombre de choses qui ne sont pas réalisables comme prévu sur l’ATRA. Cela a pour conséquences que les chantiers doivent parfois être réorganisés sur place. De plus, il s’avère que des chantiers soient planifiés de manière à ne pas correspondre au cadre légal du RGE/RGI.

Déi Schantercher déi laut Note commune a sur Entente locale stattfanne sollen op den ATRA-CT mat deene jeeweilegen ZEPen déi gebraucht gi stoe kommen.

Prise de connaissance IRIS-Next:

▶ Les délégués du personnel rapportent que des agents se demandent pourquoi ils doivent accuser la réception de certains documents qui ne les concernent pas. Est-ce dû parce que ces messages sont diffusés par région ?

D’Saach ass esou datt alleguer déi Leit déi op engem Posten affektéiert sinn déi E-mailen fir den Accusé de réception kréien déi fir ee ganzt Stellwierk virgesi sinn, och wa vläit déi eng oder déi aner E-mail deen een oder aneren Agent net betrëfft. U sech ass et et och geduecht datt den IRIS-Next soll de Classeur mat den SK-Dokumenten iergendwann ersetzen.

▶ D’ailleurs, il serait opportun que les documents dont les agents doivent prendre connaissance soit consultables, visibles et lisibles dans IRIS next.

Déi Dokumenter vun deenen ee muss eng Prise de Connaissance am IRIS-Next maache kann een och kucken a liesen, uewe lenks ass eng Spart „visualisateur », wann een dodrop dréckt kann een d’Dokument opruffen a liesen. Et wäert och nach eng Kéier en Handbuch per E-Mail un déi betraffen Agente verschéckt ginn. Et ass och eng Iddi fir an der nächster Formation continue en deen iwwert den IRIS-Next ze halen.

Les chefs de surveillance:

▶ Organisation: Des agents chsv désirent être informés comment leur nouvelle cellule va se présenter. Y aura-t-il des changements de nature quelconques ?

Den neie Chef vun der Cellule EI/AA huet informéiert dass fir d’chsv journées de formations ofgehale gi si wou hien d’Leit iwwer déi nei Cellule informéiert huet. Hien huet och bestätegt datt keng gréisser Ännerunge wäerte kommen. 95% vun de chsv ware mëttlerweil an dëser Formatioun.

▶ Évolution professionnelle: Les délégués du personnel demandent si les chsv peuvent continuer à exercer leur métier en tant que tel après avoir réussi à l’examen de promotion de leur carrière?

Et ass bestätegt ginn datt d‘chsv de Promotiounsexamen maache kennen a weiderhi kennen op hierer Plaz bleiwen. Et ass pro Regioun eng Gare virgesi fir chsv mat Promotiounsexamen.

▶ Les coachs des chsv viennent d’apprendre que la CFL envisage d’uniformiser les tâches des coachs dans les différents services. Quelles répercussions cela aura p.ex. sur la formation ou sur le support des chsv en cas d’incident/ accident.

Et war kengem vun de Responsaablen an der Reunion bekannt datt d’CFL eng Uniformisatioun vun de Coache wëlles huet.

▶ Les coachs du service EI demandent s’ils vont bénéficier de la majoration en grade pour poste à responsabilité particulière à l’instar des coachs des services AV et TM ?

Et ass och net virgesinn datt d‘Coachplaz soll e poste à responsabilité particulière ginn. Vu dass och keng Uniformisatioun vun de Coache gewosst a geplangt ass géif dat och kee Sënn maachen sou wéi d‘Struktur fir de Moment ass. Dëst gëtt nach eng Kéier reportéiert op déi nächst Sitzung.

▶ Compensation : Les chsv de Rodange se demandent pourquoi eux ils ne bénéficient pas d’heures supplémentaires en cas d’absence de l’agent du deuxième quai, tandis que les agents en gare de Luxembourg bénéficient d’une telle compensation.

Chsv Rodange ware vergiess ginn an deem Fall, an Zukunft wäerten si awer och Stonne kréie wann ee Posten net besat ass an en Agent dann déi Aarbecht muss matmaachen.

▶ Relationnel : certains chsv ont l’impression qu’ils sont sous observation permanente par des agents utilisant l’application BlueKanGo ou Appreporter. Des cas pareils sont-ils connus ?

Et ass eis gesot gi datt esou Fäll ënnerbonne ginn sinn an datt och an Zukunft sou Beschwerden wäerten ofgewiert ginn.

Organisation opérationnelle:

▶ Bettembourg: La communication n’est pas toujours parfaite, es agents demandent à être informés en temps utile sur les chantiers (p.ex. la fermeture de la salle d’attente).

De Chef de Service huet matgedeelt datt do mat den Aarbechten un der Salle d‘attente gréisser Kommunikatiounsfeeler ënnerlaf waren an datt do och de Chef de Région net Bescheed wosst dovunner.

▶ Concernant les gares de Bettembourg et Mersch, les chsv demandent si un deuxième agent serait envisageable au futur pour faire face aux chantiers à venir, mieux gérer les distances des quais et encadrer l’affluence accrue des voyageurs.

▶ En gare d’Ettelbrück, les chsv demandent l’affection d’un deuxième agent en journée pour satisfaire aux besoins des voyageurs et pour mieux pouvoir gérer la situation de chantier sur place.

De Chef de Service huet gesot dass am Normalfall wa keng weider Krankmeldunge sinn e Renfort virgesinn ass bei Schantecher, resp. Studenten engagéiert ginn. Des Weideren ass fir Eb e chsv Bus ab 2028 virgesinn am Service binaire. Am Service EI/AA ginn an Zukunft Pläng opgestallt puncto Personal wärend de Schantecher.

▶ En gare de Luxembourg, les chsv demandent l’occupation du 2e quai en séance nuit, donc en régime tiercé comme tel est le quai pour le quai 1.

Fir den 2te Quai op e régime tiercé ze hiewe musse standfest Argumenter a Beispiller geliwwert gi fir datt dat iwwerhaapt am nächsten Effectif ka consideréiert ginn. De Service Gare souwuel wéi d’Busgare sinn op régime tiercé a wann den 1te Quai Hëllef brauch muss hien si froe fir eng Hand unzepaken.

Protection sur le lieu de travail:

▶ Compte-tenu de l’augmentation d’actes criminels et de cas d’agressions, les chsv de Rodange réitèrent leur demande d’un deuxième agent de sécurité.

D’Demande fir en zweeten Agent de sécurité zu Rodange ass ofgeleent ginn, dëst wier och net der CFL hier Aufgab fir dat ze organiséieren. D’Police wäert an Zukunft méi Kontrollen op hire Patrullen zu Rodange op der Gare maachen. Des weidere wäert ab 2027 eng mobile Equipe Brinks agefouert ginn, déi dann och méi dacks op Rodange wäert geschéckt ginn.

Locaux de travail :

Les délégués du personnel demandent que les doléances suivantes soient analysées :

▶ En gare d’Ettelbrück, le local au deuxième quai serait beaucoup trop petit pour accueillir les agents BRINKS. Les futurs « salles d’attente » vides du 2e et 3e quai pourraient-elles être modifiées les besoins des chsv ?

De Chef de Service huet eis informéiert dass hien den Dag selwer vun eiser Réunioun Mëttes op Ettelbréck geet an sech dann an engems déi Problemer op der Plaz ukuckt. Hien huet eis awer scho matgedeelt dass et keng Optioun ass eng vun deene salles d’attente ëmzebauen.

De Chef de Service huet och agesinn datt dee momentane Container fir de chsv Eb alles anescht wéi optimal ass a gesäit do eventuell als Léisung méi e grousse Container ze installéieren, resp. en zweete klenge Container fir Brinks Agenten.

▶ En gare de Bettembourg, les chsv demandent la mise en place de containers pour les agents « interim » et les étudiants qui travaillent sur le site pendant les périodes de grands chantiers.

De Chef de Service huet eis bestätegt dass de Container fir d’Interim Leit a fir d’Studenten zu Bt nees wäert zréckkommen an dass gekuckt gëtt d’Organisatioun vun de Schantecher wou och d’Container drafalen ze verbesseren. De Schlëssel fir den Accès vun de Container wäert bei de Chsv bleiwe mussen.

OUTILS DE COMMUNICATION Les délégués du personnel demandent que les doléances suivantes soient analysées :

▶ En gare d’Ettelbrück, il s’avère que la qualité de communication (Funk) laisse à désirer entre le PDEb et les chsv.

▶ En gare de Bettembourg, les chsv demandent l’installation d’une station radiophonique fixe dans leur bureau comme la « Gegensprechanlage » au WENTZEL. La qualité des micros portables n’est pas toujours très bonne. Ceci pourrait aussi être pratique pour les collègues en gare de Luxembourg qui connaissent le même.

▶ En gare de Luxembourg, la qualité de la liaison radiophonique au Canal 35 laisse fortement à désirer, les délégués du personnel demandent si l’installation de «repeater» pourrait résoudre le problème?

De Chef de Service gëtt des Problemer un de Service MI an de Service II weider fir eng Léisung zu dëse Problemer ze fannen.

Gare routière / Luxembourg

▶ Les chsv-bus remarquent que la bande « arrêt minute », peinte en couleur verte, soit très souvent bloquée par des taxis. Cela implique que les gens s’arrêtent un peu n’importe où et bloquent ainsi le trafic causant des bouchons.

De Service Qualité ass domadden beoptraagt ginn en neie Comptage vun den Autoen ze maachen déi des Dépose minute benotze fir eventuell sou kenne festzestellen op do Verbesserungspotential néideg wier.

Bien-être au travail:

▶ Pétange/Rodange: Les chc réclament une fontaine d’eau et/ou un distributeur de boissons.

▶ Les chc du PDC demandent l’installation d’une fontaine d’eau.

De Chef de Service ass der Meenung datt dëst en Thema ass wat dee ganze Reseau betrëfft an och als solches misst agefouert ginn. Hien gëtt sengem Successeur dat weider dass deen eng Enquête/Analyse lancéiert..

Protection contre le froid/la pluie:

▶ Les chsv réclament un bonnet en cas de froid, courant d’air et de pluie. (Eb) Comme leurs collègues d’Ettelbruck, les chsv demandent aussi d’être équipés de bonnets et de vestes « fleece » comme les agents AV au guichet par exemple. (Lu) De Chef de Service ass der Meenung dass eng Mutz kann e Sécherheetsrisiko duerstelle well een dann eventuell d’Zich net méi sou gutt héiert wann een sech am Gleisberäich ophält an dofir kéint hien eng Mutz net erlaben. D’Personalvertrieder wäerten des Fro nach eng Kéier mam neie Chef de Service an der nächster Sitzung uschwätzen.

Wat de Fleece ugeet renseignéiert sech eise Service beim Service AV, do gesäit de Chef de Service kee Probleem virwaat dat net soll méiglech sinn.

Pour le SYPROLUX

Jeremy Manderscheid; Luc Plier; Sepp Di Chio; David Bollendorff.