Compte-rendu de la réunion auprès du Chef de Service EI, le 29.9.2025


NOMA / chefs de circulation

Les délégués du personnel désirent revenir sur ce point, car les explications fournies lors de la réunion auprès du Chef de Service EI en date du 26 juin 2025 n’ont pas réellement répondues à la question initiale. Ci-après la question, telle que formulée pour la réunion du 26 juin 2025 :

« Les délégués du personnel demandent comment sont définies les responsabilités du NOMA quant aux instructions données à un chef de circulation en cas d’incident? Qui devra assumer les responsabilités à la fin du compte en matière disciplinaire dans les cas, où des instructions transmises n’avèrent ne pas avoir été exactes, voir n’ont pas été les bonnes instructions à donner? » ▶ Et ass kloergestallt ginn datt de Fahrdienstleiter Chef ass an datt heen och d’Sécherheet muss garantéieren an och decidéiert wat ze maachen ass. De NOMA ass net dem Fahrdienstéeiter säi Supérieur hiérarchique an ass net do fir d’Reglement ze klären. Wann de NOMA allerdéngs en Uerder gëtt dee falsch ass gëtt heen och zur Rechenschaft gezunn. Wann Onkloerheete bestinn soll dat an den RPRS ageschriwwe ginn.

Prise en charge d’agents victimes

Les délégués du personnel désirent être informés sur les modalités de prise en charge d’agents victimes d’incident ou d’accident. En effet, les délégués du personnel ont été informés que récemment lors d’un tel événement, le conducteur d’engin moteur et l’agent du personnel d’accompagnement du train avaient directement été pris en charge sur les lieux. Cependant pour le chef de surveillance une prise en charge a fait défaut. Les dispositions de l’Instruction Générale N°38, expliquant la prise en charge médicale, psychologique et juridique, ne devraient-elles pas également être appliquées aux agents du Service EI?

▶ Bei engem Incident/Accident ass et esou gereegelt datt de NOMA sech em den Incident op der Plaz këmmert (CFL, Police, CGDIS) an de Chef en Astreinte ass fir d’Leit um Terrain do. An engem konkrete Fall zu Esch war ze bedaueren datt do eppes schif gelaf war a kee fir d’Leit vum EI op der Plaz war. Hei sinn déi betreffend Leit awer scho sensibiliséiert gi fir datt dat net méi soll virkommen. Den RH war allerdéngs beméit fir psychologesch Hëllef ze ruffe well d’CFL zu dem Zäitpunkt kee Psycholog hat. D’IG38 gëtt et net méi. Et kann een an esou Fäll och de Support psychologique vum CGDIS ufroen. Dat muss net de Chef sinn, mä et ka vu jidderengem deen et fir néideg fënnt gemaach ginn. Dës Leit kënne bis zu 48 Stonnen nom Accident geruff ginn. Sie maache just eng akut Prise en Charge a kee Suivi. Aktuell ass de Service Psy vun der CFL rëm besat an do kann een sech dann och gär am Gesondheetszenter melle wann een Hëllef brauch.

Nouveaux tableaux de service au Service EI

Les délégués du personnel désirent connaître l’avis du futur Chef de Service EI concernant l’introduction des nouveaux tableaux de service tablant sur un horaire 6 - 9 - 9 heures et leur mise en application.

▶ Den neie Chef de Service EI wëll dat ausféiere wat d’Direkteren entscheet hunn an dat bedeit och en uniforme Schichtsystem op der CFL. Elo gëtt deen neie Plang mol als éischt an der BLZ – ST ab dem 01.03.26 ulafe gelooss. Well den Här Lux net an dëser Versammlung present war géife mer dëse Punkt nach emol op den Ordre du Jour setze fir gewuer ze ginn op en et stéckelchersweis do wou et méiglech ass wëll ëmsetzen oder réischt global wa mer iwwerall genuch Personal hunn. Dofir sinn d’Congeslëschten elo mol bis Oktober fir da kënnen ze kucke wou mer mam Effectif dru sinn.

▶ D’Personalvertrieder vum SYPROLUX goufen nach ze bedenken datt een de Plang besser hätt am Oktober ulafen ze loossen amplaz am Fréijoer. Do géife mer deene mat Kanner entgéintkommen datt déi net alles wat Schoul a Crèche ass an der Mëtt vum Schouljoer mussen op d’Kopp geheien.

Les délégués souhaitent également être informés sur:

Le stade actuel de ce projet?

Quelles sont les orientations prévues et à quel horizon sont-ils appliqués?

Est-ce que les recommandations des syndicats qui ont été formulés dans leur avis à la DC seront pris en compte?

▶ De 15. September krut en EI e Bréif vun der DRH an et ass esou ëmgesat gi wéi et am Bréif stoung.

Qu’en est-il de la régularisation par rapport à l’article L.211-16 du code de travail respectivement de l’article 52 point 11.6 ainsi que la mesure d’exécution 16?

▶ Hei sollt ronderëm gefrot gi wou eng Paus Sënn mécht a gebraucht gëtt an da soll deen Dossier an engem Groupe de Travail analyséiert ginn. Et ass nach emol widderholl ginn datt elo schonn d’Méiglechkeet besteet datt een eng Paus ka maachen andeems een dëst am RPRS aschreift.

Qu’en est-il de la compensation pour la prise et remise de service?

▶ Dem RH senge Berechnungen no bräicht ee fir eng Kompensatioun vu 5 Minutte pro Ofléis eng 10 Leit méi am Effectif. Déi Leit sënn net do an et géif och zu Laaschte vum Congé goe wann d’Leit hei missten agesat ginn. Elo wou de Badge agefouert ginn ass kann een no engem Joer eng Analyse maachen. Fir d’Ofléis gëtt den RH ze bedenken dass wann een et da genau wëll maachen, dass do vill u Flexibilitéit géif verluer goen an d’Ofléis pünktlech misst gemaach ginn.

▶ D’Personalvertrieder vum SYPROLUX gesinn dat ganzt net als néideg. Si hunn d’ Kolleege vum OGBL och drop higewisen datt ee muss oppasse wann een et op d’Spëtz dreift datt een herno net méi schlecht do steet wéi elo. Well d’Leit sech Suerge gemaach hunn datt de Badge net sollt benotzt gi fir op d’Minutt genau eng Schicht ze pointéieren, wat wann dat heite soll ëmgesat ginn, de Fall wäert sin. Bis elo se keng Leit un eis rugetrueden déi dat heite gefrot hätten sou datt een dovunner kann ausgoen datt d’Leit mam aktuellem, méi largem, System zefridde sinn.

Situation de l’effectif

Compte tenu de la situation actuelle, particulièrement tendue en ce qui concerne l’effectif au sein du Service EI, nous sollicitons une information trimestrielle relative aux postes non-occupés, ventilée par région, par poste et fréquence.

▶ Dëst ass bis elo 1X am Joer gemaach ginn. Well et e risegen Opwand ass gouf sech no der Propose vum Chef de Service drop gëeenegt et an Zukunft 2X am Joer ze maachen. D’Personalvertrieder soten datt hinnen opgefall wier datt an der lescht vill Posten net besat gewiescht wiere wat dem RH awer normal wier. Do géifen et all Joers am September an em Chrëschtdag zu Engpäss komme well do vill Leit am Congé sinn an net kënnen asprangen.

Les délégués souhaitent par ailleurs connaître le plan d’action concret que le Service EI entend mettre en oeuvre afin de remédier à cette problématique.

▶ Dëst Joer sen 2 Klassen mat 18 an 16 Leit agestallt ginn. An der éischter Klass honn 9 Stéck den S0 gepackt an an der zweeter sen aktuel nach 11 Leit do. Fir 2026 sen 3 Klassen à 18 Leit ugefroot ginn. Leider bréngt de Personalmangel och mat sech datt Stellwierker mussen fusionéiern an Posten verschwannen. Bis 2028/29 sollen d’Posten zu Bt am neie Stellwierk centraliséiert ginn. Dono kënnt de PDL un d’Rei. De Belval soll dann 2030/31 op Péiteng kommen.

Les délégués souhaitent également être informés sur:

l’état des jours de congés et des heures de récupération de l’effectif EI

▶ Am EI gëtt an der Reegel de Congé deen ee pro Joer zegutt hott och verschafft. 70 Leit hunn am Moment méi wéi déi erlaabte 24 Stonnen déi ee mat riwwer däerf huelen.

le taux actuel d’absentéisme pour raison médicale

▶ Am Joer 2024 sinn 850 Schichten ausgefall. Fir 2025 se mer elo bei 676 bis den 31.08. 2024 waren et bis zum 31.08 759 Schichten. An der Moyennë sinn 97% vun de Schichte besat.

ainsi que l’évolution de ces indicateurs par rapport à 2024

▶ Bis Mee hate mer am Joer 2025 en Taux vu 5,48% u Krankmeldungen. Am Abrëll waren et der 6,10% an d’Moyenne. Aktuell leie mer bei 5,89%. 2024 loung den Taux bei 5,46%. Viru Covid lounge mer bei 4,2%. Am Verglach zu anere Servicer leie mer am EI zimmlech gutt bedéngt doduerch datt mer net vill Langzäitkrankmeldungen hunn.

BMS National

A propos de la surveillance renforcée par la BMS : est-ce réellement dans le cadre de la mission de la BMS, et quelle est la base légale qui la justifierait ?

▶ Des Mesuren si geholl gi fir bekannten Hotspots wou villes geschitt wat net sollt geschéie bësse méi ze iwwerwaachen. Dëst ass och net fir den Agenten de Kapp erof ze rappe wann se näicht do gesinn, wat jo och am normalen de Fall ass. Deen besoten Avis ass a Kooperatioun mat der Police opgesat gi fir méi Iwwerwaachung op gezielte Plazen ze garantéieren, wat d’Agenten dann och melle kenne wann eppes ausser der Rei sollt sinn.

Avis N° 2025-019 GI/QSE

Nous avons appris que des écoutes selon avis N°2025-019 GI/QSE auraient été effectuées malgré le fait que ces écoutes sont illégales. Pourriez-vous nous donner une prise de position claire de votre part à ce sujet?

▶ De Chef de Service huet kloer betount dass d’Ziel vun dëser Note net wier fir Agenten ze strofe mee fir Probleemer am Oflaf vun de Prozedure kenne festzestellen an des dann ze eliminéieren. Et gi keng Mesures disciplinaires géint Agenten ausgeschwat, sou wéi et och an der Note dra steet. D’Personalvertrieder sinn och informéiert ginn dass d’Note an noer Zukunft wäert iwwerschafft ginn an e Rectificatif komme wäert. Et ass och ënnerstrach ginn dass de Patron d’Obligatioun huet d’Sécherheet ze garantéieren an dass en sech do d’Fräiheet hellt fir dëst kennen ëmzesetzen.

▶ Den 2. Oktober waren d’Personalvertrieder vun SYPROLUX an OGBL op eng Entrevue beim Här Direkter Hoffmann invitéiert. Hei gouf preziséiert datt déi écouten just a konkrete Fäll op d’Demande vum EI resp. MI/UI gemaach ginn. Sie sinn absolut anonym an op eng bestëmmten Dauer limitéiert. Doduerch wäerten och keng Konsequenze fir involvéiert Agenten ausgesprach ginn am Fall wou sech Feeler sollte rausstellen.

▶ D‘CFL ass dru gehal fir alles ze maache fir Incidenten an Akzidenter ze verhënneren. Well gewosst ass datt et Problemer an der Kommunikatioun ginn, déi a méi Fäll festgestallt goufen, misst hei gehandelt ginn. De SYPROLUX huet gesot datt een awer misst dat Ganzt kucken. Oft sinn och Problemer well d’Dokumenter feelerhaft sinn, ASS’en ze komplizéiert, Schantercher sech iwwerlappen, Gefierer hott an har duerch eng Voie de travail fuere musse fir an eng aner ze kommen an d’ADEC’en iwwerfuerdert sinn. Dëst gouf och esou zur Kenntnis geholl. Mir als SYPROLUX begréissen dës Initiativ well et am Sënn vun eis all ass datt kengem eppes op der Aarbecht geschitt a wann de Problem bekannt ass datt een da muss handelen. Dës écouten ginn iwwert eng länger Zäit gemaach fir méi e globaalt Bild ze kréien. D‘CFL ënnerscheet am Fong 2 Fäll. En akute Fall wou een en eenzelnen Agent muss sensibiliséieren an en allgemenge Fall wou jiddereen muss sensibiliséiert gi wou dat Ganzt méi breet gefächert ass an zB an enger Formation continue ka geschéien. Mir fannen et och gutt wann do prezis Fäll géife presentéiert gi well dëst méi anschaulech ass an de Leit weist wat alles ka schif goen. Et ass och informéiert ginn dass dës Campagne zu engem spéideren Zäitpunkt nach eng Kéier wäert widderholl ginn fir festzestellen op déi Mesuren déi no dëser Campagne geholl gi sinn och hir Friichten droen. CFL huet preziséiert datt den RGE wäert ugepasst gi fir dës Prozedur ze reglementéieren.

7. Divers

Nous attendons toujours les données demandées dans le cadre de la réunion avec le chef de service du 19 juin 2025 point 3:

« Les représentants du personnel souhaitent aborder la question de l’évolution des effectifs au sein de l’entreprise. Depuis plusieurs années, nous avons le sentiment – partagé par de nombreux collègues – que les recrutements ne compensent plus les départs, qu’il s’agisse de démissions, de retraites ou de fins de contrat. Cette situation semble s’installer durablement, ce qui entraîne une surcharge de travail pour les équipes restantes, une détérioration des conditions de travail et un risque accru de démotivation. Afin d’objectiver ce constat, nous aimerions obtenir des données précises sur les embauches et les départs au cours des cinq dernières années. Par ailleurs, nous souhaiterions savoir quelles actions concrètes la direction compte entreprendre pour inverser cette tendance, stabiliser les équipes et garantir une gestion durable des ressources humaines. Existe-t-il déjà une stratégie en ce sens, et si oui, comment sera-t-elle mise en oeuvre et suivie dans le temps? »

▶ D’Moyenne vum Taux d’Echec an den épreuves intermédiaires bis den Examen de Clôture (S0) inclus, louch am Joer 2020 bei 38%. Deen Taux bis am Joer 2024 op 57% geklommen. D’Moyenne vum Taux d’Echec iwwer déi lescht Joer gekuckt läit bei 50%. Wat den Taux de Reussite vum Examen de fin de stage (S1) ugeet hunn d’Zuelen sech verbessert, allerdéngs kruten d’Personalvertrieder do keng genau Zuele genannt.

Des chefs de circulation nous ont rapportés que de plus en plus souvent, des travaux prévus par ATRA seraient fixés « sur entente locale »? Pouvez-vous nous confirmer ceci? Des travaux de soudure est-ce vraiment opportun de les régler par « entente locale»?

▶ Et si momentan Gespréicher mam Service MI amgaange fir d’Consigne MI-EI deemnächst mat an den RGI ze iwwerhuelen. Domadden soll dann och eng kloer Lescht mat an den RGI komme wéi eng Aarbechten ënnert der Consigne an ouni ATRA erlaabt sinn. Des weidere gëtt och dru geschafft fir dass de Service MI dem Service EI och soll des kleng Aarbechte laut Note MI-EI matdeele wann se stattfanne fir dass de Chc resp. Weichesteller sech besser organiséiere kann.

pour le SYPROLUX

Jeremy Manderscheid

Luc Plie