Rapport de la réunion auprès du Chef de Service AV, en date du 10 décembre 2025
Personnel Centre de Vente:
▶ Les délégués du personnel demandent que le distributeur de boissons situé au sous-sol du Centre de Ventes soit équipé d’un système de paiement par carte bancaire, voire d’un dispositif de paiement sans contact.
D'Responsabel vum Service AV froe beim Service EI no ob et machbar ass fir den Apparat nozerüsten oder z'ersetzen vu datt den Automat net ënnert der Gestioun vum AV ass.
▶ Compte tenu de l’augmentation de l’afflux des clients et des tâches au guichet Bagages de la Gare de Luxembourg, les délégués du personnel demandent s’il est envisageable de créer un tour de service supplémentaire de type « jour » pour maintenir une qualité de service impeccable. D'Responsabel vum Service AV wëllen net direkt eng ganz Tour am Guichet Bagages bäisetzen. Allerdéngs gouf eis eng flott Propose gemaach.
Am Moment ass am beim Poste vun de Fundsaachen nach eng Tour guer net besat.
Just d'Fréischicht ass mat engem Titulaire besat ma d'Mëttesschicht net.
Dës ass wéinst Personalmanktem net méi besat ginn, ma den Effektiv ass am Moment rëm gutt.
D'Iddi wier déi zweet Tour vun de Fundsaachen nees auszeschreiwen an ze besetzen an zwar vun 10 bis 18 Auer.
Soumat kéint dësen Agent tëscht 10:00 a +- 14:00 Auer am Guichet Bagages hëllefe well ëm déi Auerzäit vill Passage am Guichet Bagages ass an dono vu +- 14:00 bis 18:00 Auer de Service vun de Fundsaachen assuréieren.
D'Personalvertrieder vum SYPROLUX hunn dës Propose positiv opgeholl well se den Agenten am Guichet Bagages Entlaaschtung bitt.
An enger zweeter Phase ass et och méiglech mam neie System am Guichet Bagages eng Statistik ze kréie wéi vill a wat fir eng Bagages jee no Auerzäit ofgi gi fir vläicht nach méi cibléiert kënnen z'agéieren.
Et kéint een sech eventuell virstellen um Weekend de Guichet Bagages méi spéit op a méi fréi zou ze maache fir datt sech d'Agenten an der Mëttesstonn zu zwee méi laang iwwerschneiden.
PAT:
▶ Les délégués du personnel demandent que les PAT assurant la navette entre Kautenbach et Wiltz puissent ouvrir et fermer la salle d’attente à Kautenbach, afin d’élargir les horaires d’ouverture et ainsi améliorer le confort des clients en cas de rupture de correspondance tard en soirée.
Zu Kautebaach gëtt den Openthaltsraum vum Opsiichtsbeamten aus dem Service EI op- an zougespaart.
Hei ginn an noer Zukunft Gespréicher mam Service EI opgeholl fir ze kucke wéi een dem Client besser entgéint ka kommen.
Et hätt awer kee Wäert den Openthaltsraum vu Kautebaach eenzel ze betruechten well och Klierf steet um Plang vu datt den Openthaltsraum hei Weekends am Moment ganz zou ass.
Pour le SYPROLUX
Jérôme Weyrich; Pedro Tavares; Markus Beckmann; Fabrice Bichler.