Rapport de la réunion auprès du Chef de Service AV, le 16 juin 2025
Division AV-CV 1. Les délégués du personnel du SYPROLUX ont reçu des plaintes de la part de certains agents concernant la moquette du Call Center et du guichet de Belval-Université. Il conviendrait d’analyser dans quelle mesure cette moquette pourrait avoir un impact négatif sur la santé. Un remplacement de celle-ci est par ailleurs souhaité.
Aktuell ass net virgesinn d’Moquette am CallCenter ze wiesselen.
D’Cheffe de Division AV-CV huet eis informéiert, datt d’Moquette um Belval 2023 an am November 2024 gebotzt ginn ass.
Ugangs dës Joers waren e puer Flécken an der Moquette vum CallCenter. Déi Deeler sinn awer all ersat gi well nach Ersatzstécker do waren.
D’Firma déi d’Moquette botzt gëtt kontaktéiert a gefrot ob et méiglech ass déi am CallCenter ze botzen.
Eng Moquette wier och déi bescht Léisung fir e CallCenter, well doduerch och d’Geräischkuliss sou kleng wéi méiglech gehale gëtt.
Erfreelech war d’Informatioun, dass d’Moquette an der klenger Kichen um 1. Stack ganz ersat gëtt well se vill knaschteg ass.
Division AV-PAT 2. Les délégués du SYPROLUX demandent s’il est possible d’intégrer systématiquement l’ensemble desdits «temps alloués», prévus selon l’article 3.2 – Arrivée auprès du train à assurer du Livret C du Référentiel d’exploitation – version PAT, dans les tours de service du PAT, sans que ceux-ci puissent être modifiés sans préavis et sans raisons impérieuses de service. Cela permettrait de maintenir la qualité du service au client, de garantir un départ ponctuel selon H00 et d’assurer la sécurité personnelle des PAT.
Bei dëser Fro huet de Chef de Service eis informéiert, datt et net geplangt ass fir sämtlech «temps alloués» onflexibel anzebaue, well se un a fir sech am Déngschtplang virgesi sinn. Dës Zäiten solle nëmme gekierzt respektiv suppriméiert gi, wann et am Fall vun enger Perturbatioun wierklech net anescht geet. Weder d’Kierzen nach d’Suppriméiere soll eng Routine sinn.
Ëmsou méi wichteg ass et all eenzelnen «temps alloué», dee gekierzt oder suppriméiert gëtt per Meldekaart ze signaléiere fir datt een déi genau Unzuel kann analyséieren.
3. Les délégués du SYPROLUX souhaitent connaître le suivi de la question 20241002-09 S et savoir si un modèle d’armoire permettant la recharge des appareils électroniques a déjà été retenu pour les futures salles de pause. L’espace qui se libérera à Luxembourg à la suite de la suppression du Cashpoint représenterait un emplacement idéal. Le renouvellement des localités PAT à Ettelbruck et Rodange justifie également une réflexion sur l’uniformisation des installations.
Bei dëser Fro sinn d’Delegéiert informéiert ginn, datt sech nach net op ee spezifesche Modell festgeluecht ginn ass. Allgemeng soll awer gekuckt gi fir alleguer d’Pausesäll ze harmoniséieren.
4. Les délégués du SYPROLUX souhaitent savoir si les agents PAT auront prochainement accès à MäinRH à la suite de l’introduction officielle du MAG, et connaître l’impact qu’un tel accès pourrait avoir sur la gestion des agents PAT planifiés dans RailOpt.
Aktuell huet schonn all PAT Accès an de Mäin RH. Et ass awer wichteg ze betounen, datt d’Zuchbegleetpersonal weiderhin am RailOpt gefouert gëtt.
5. Les délégués du SYPROLUX demandent s’il est envisageable d’afficher les mots « embarquement terminé » sur les écrans AURIS à quai (Überkopfanzeiger) en gare de Luxembourg ainsi que de faire disparaître les trains en question des écrans de départ communs en gare et sur les quais dès que la procédure de la PMM a commencé, afin d’éviter que d’éventuels clients retardataires courent vers les trains en question et risquent de provoquer un retard au départ.
D’ Delegéiert sinn informéiert ginn, datt d’Ufro un déi jeeweileg Responsabel weidergeleet gëtt.
Projete vu sou enger Envergure sinn awer ganz wäitreechend an transversal. Et gëtt sech och bei aneren Eisebunnen ëmgekuckt, wéi déi mat der Thematik ëmginn.
6. Les délégués du SYPROLUX demandent s’il est possible d’avoir un retour personnel pour toute demande de congé bleu d’un agent PAT, indiquant la position exacte de la demande afin d’éviter des appels téléphoniques.
De Chef de Service huet d’Personaldelegéiert informéiert, datt hien eiser Ufro net ka nokomme, well de System keng automatesch Mail kann erausschécken.
Technesch léist de System eis Ufro also net zou. Verschidden Deeg sinn et net vill Ufroe, mee op Bréckendeeg kënnen et bis zu 70 Ufroe fir Congé ginn an doduerch ass eng manuell Ëmsetzung och kaum méiglech. D’Indikatioun vun der Plaz hëlleft och net wierklech, well een net weess wéi vill Leit e bloe Congé kéinten accordéiert kréien. Och d’Unzuel u bloe Congé dee kann accordéiert gi variéiert vun Dag zu Dag.
7. Les délégués du SYPROLUX demandent, en référence à la réponse de la question 20241210-07 S, de connaître le suivi de l’analyse afin de pouvoir valider, par exemple, la première et la deuxième demande de congé bleu des agents PAT pour chaque jour de travail.
Bei dëser Fro huet de Chef de Service eiser Demande zougestëmmt.
Dat ass eng ganz erfreelech Nouvelle, déi vill positiven Uklang fonnt huet.
Soumat hunn 2 Zuchbegleeder pro Dag sécher en accordéierte bloe Congé.
Als Startdatum ass viraussiichtlech den 1. November 2025 genannt gi, wann déi genau Modalitéite vun der Ëmsetzung bis da gekläert sinn.
8. Les délégués du SYPROLUX demandent, en référence à la réponse de la question 20250331-11 S, de connaître la date de mise en vigueur du deuxième tour de validation des listes de congé et si d’éventuelles modalités supplémentaires ont déjà été définies.
De Chef de Division AV-PAT huet eis Demande ugeholl.
Och dës Nouvelle ass ganz positiv opgeholl ginn.
Hei ass als Start op d’Congéslëscht vum 1. Mäerz bis den 30. Juni verwise ginn, déi am September 2025 soll erauskommen.
Och hei mussen déi genau Modalitéiten, zum Beispill, wéi vill Congé ee beim 2. Tour zousätzlech asetze kann, awer nach festgeluecht ginn.
9. Les délégués du SYPROLUX souhaitent savoir s’il est envisageable de prendre contact avec l’entreprise JCDecaux afin de rechercher de nouveaux employés sur les panneaux d’affichage sur les quais, en particulier pour les métiers où il est difficile de trouver des jeunes talents.
Et gëtt vun Zäit zu Zäit mat JCDecaux geschafft, dat awer éischter wann et em allgemeng Campagne geet, a net wann et sech ëm spezifesch Beruffer handelt.
Momentan gëtt d’Aemierk éischter op déi sozial Netzwierker geluecht, wou ee ganz aktiv am Recrutement ass.
pour le SYPROLUX
Jérôme Weyrich; Pedro Tavares