Rapport de la réunion auprès du Chef de Service AV, le 28 septembre 2023


►Informations du Chef de Service

1. Nodeems d’Roulements annoncéiert goufen (net presentéiert), a matgedeelt gouf, datt sech näischt géif fir d’Joer 2024 an deem Punkt ännere sinn d’Diskussiounen ugaangen. D’Weekender am Roulement SNCB a SNCF sinn op e puer kléng Ännerunge quasi d’selwecht bliwwen, ewéi mer se haut scho hunn. Fir den Db, Pt, Bt, Eb an Tv huet sech näischt geännert. Repos’ën a Weekender sinn bliwwen ouni Ännerung.

D’Vertrieder vun de Gewerkschaften an d’Stëmme vun den Zuchbegleeder um Terrain hu genau dëse Fait als Haaptfacteur fir d’Mëssgonscht um Terrain ervir gestrach.

Natierlech war d’Stëmmung do an der Sitzung gekippt. Dem Chef de Service seng Reaktioun kann ee roueg als inappropriéiert definéieren an et sollt och net bei engem verbale Fauxpas bleiwen.

Mam Saz «Wat gëtt hei gesabbelt!» hat de Chef de Service AV dunn d’Contenance vis-à-vis vun de Personalvertrieder verluer. No sengen Aussoen, wär ee ganz neie Roulement an doduerch verbonne Berechnunge gemaach ginn. An et wier net méiglech dee Roulement bis Dezember eraus ze bréngen.

Dee neie Roulement gesäit deemno fir, datt den DB-Roulement vu 44 Wochen op 2x22 Woche geännert gëtt, de SNCB-Roulement vun 42 Wochen op 2x21 Wochen an de SNCF-Roulement 42 Wochen op 2x21 Wochen. Des Weidere géifen awer och schonn Iwwerleeungen am Raum stoen säitens dem Chef de Service fir de SNCF-Roulement op 21 Wochen ze kierzen. Déi 21 Leit, déi dann ze vill wieren, géifen op den SNCB-Roulement opgedeelt ginn.

Als Personalvertrieder hu mer mat déier Approche eis Problemer, well hei geet et nees ënner anerem ëm di berümten «équité», dh. eng gerecht Verdeelung vun de verschiddenen Schichten an engem Déngschtplang.

Folgendes hu mer opgeworf:

Déi PAT, di vun der Anciennetéit ausgesinn, nach net esou laang mat dobäi sinn, géife vum SNCF- an den SNCB-Roulement gesat gi, ouni e grousse Choix ze hunn

Wéi grouss gëtt de SNCB-Roulement dann nach gemaach, datt deen op 63 Woche kann opgestockt ginn, freet een sech do. D’Äntwert koum prompt an domadder di 2. verbal Entgleisung. Laut Ausso vum Chef de Service, hätte PAT ee Luxusproblem, wa si manner Weekender hannert enee wéilte schaffen! Dobäi war kéng Rieds vu manner Weekender schaffen, mee se solle gerecht opgedeelt sinn.

2. Op Nofro op da verschidden Auerzäite vu Fréi- resp. Spéitschichte kéinten ugepasst ginn, koum dinn 3. deplacéiert Remark vum Chef de Service: «Ech maachen dem Zuchführer kee Cado!».

3. D’Stëmmung um Terrain am AV-PAT ass um Déifpunkt, mee de Chef de Service mengt et wier alles an der Rei. D’Statistik zu der Mataarbechterëmfro hätt erginn, datt d’Zuchführer net onzefridde sinn, si wieren esou guer ganz zefridden. De Chef de Service wier och oft um Terrain dobausse fir mat den Agenten ze schwätzen. An do géif ni eppes Negatives opkommen. Bei de Visiten am Refectoire hätt een och näischt Negatives matkritt. De Fait, datt béid Gewerkschaften der Obregkeet mëttlerweil zënter engem Joer ëmmer nees matdeelen, wéi d’Zuchführer denken an sech fillen, kennt anscheinend net géint eng Statistik un. Datt een als Personalvertrieder emol net wouer geholl gëtt, mee un enger Statistik festhält, wou emol net all PAT matgemaach huet, ass erbäermlech.

4. An de leschten 2 Méint, wou de Personalmanktem jo méi héich war, si genee 2 Coachen an 1 Formateur dobaussen um Terrain matgefuer als „PAT“. Domadder goufen 3 Zich vun deenen 3 Leit bedéngt.

5. De Ministère wéilt gären ofklären fir 2 Lonkescher Zich bäizesetzen. Moies een Zuch weider an Owes och.

6. No den Ofschlossaarbechten 2029 vun der neier Streck L-BT, well d’SNCF mat 9 Zich pro Stonn eriwwer kommen. Passagéier- a Gidderzich. Fir d’Käschten ze drécke well d’sncf och, datt d’cfl sech bedeelegt mat Zuchfaarten. Als Propose fir de SNCF-Roulement oprecht ze erhalen ass d’Fro gewiescht, fir de PAT Schichten ze ginn, wou ee Letzebuerg-Thionville fiert.

7. Am Ferienplaner gesäit een elo op wéi enger Plaz een op der Lescht ass a wien alles op senger Lescht mat drop ass.

►Questions adressées par les délégués du personnel AV-PAT

20230928-06

Les délégués du personnel désirent savoir si en cas d’un retard du train de Trèves, il y a une réglementation qui oblige le PAT luxembourgeois a être présent de Wasserbillig à Trèves? Peut-il changé au cour de route par exemple à Kreuz Konz?

Laut dem Vertrag mat der DB, dee bis 2029 geet, muss en Zuchführer bis op Tréier matfueren. Zu Tréier muss en „Übergabeprotokoll“ gemaach gi mam Agent DB, dee mam Kiss a Flirt virun fiert.

Eebenfalls muss en „Übergabeprotokoll“ gemaach gi vum Agent DB un eisen Zuchführer. Doduerch datt eisen Zuchführer duerch de Retard vum Zuch an op Uerder vun der BLZ zu Kreuz Konz muss erausklammen, sinn d‘Bestëmmunge vum Kontrakt net erfëllt. Den Zuchführer ass deementspriechend duerch seng Tour an Uweisung vun der BLZ ofgeséchert, falls eppes am Zuch no Kreuz Konz bis Tréier géif passéiere.

Datt natierlech Kreuz Konz net dee schéinsten, beschten a sécherste Quai ass, wou den Zuchführer mat Suen an der Täsch, muss stoe bleiwen an op säin Zuch waarde versteet sech och. Laut dem Chef de Service kéint awer op all Quai eng passéiere.

CFL kritt fir all Leeschtung Geld vun der DB, wann d’CFL sech awer net un d’Bestëmmungen hält, kritt d’CFL manner Geld, mee falsch si se net. An deem Punkt haten mer och Kurzwende zu Tréier ugeschwat, datt déi jo just fir d’Méint Juli an August soll gëllen. Hei ass awer fir de September nach näischt ofgeännert ginn. Do géifen se dann dem Büro rëm soen, si sollen di rëm dra setzen. 3 Tier sinn duerch d’Kurzwende am Dag gespuert ginn.

20230938-07

Les délégués du personnel désirent savoir si le conteneur mis à disposition par le Service TM à Wiltz peut être utilisé par le PAT? Si non, les PAT demandent à avoir également un endroit pour faire leur pause.

De Chef de Service huet sech beim TM ëmfrot a krut vum Här Claude Marx d’Bestätegung, datt den Zuchführer dee Container fir seng Paus och ka mat benotzen. Den AV wier awer bedréckt vum Fait, datt den TM do eppes opgestallt huet ouni dem AV dat am Virfeld mat ze deelen.

20230928-08

Les délégués du personnel demandent d’avoir les chiffres exactes des «congés bleus» accordés ou refusés pour chaque mois de cette année. Les délégués du personnel veulent savoir jusqu’à quand cette situation insupportable restera?

Congé bleu

 

total

total PAT

accordé PAT

refusé

 

% accordé

jan.

700

673

575

86

78

85,44

fév.

527

498

350

143

20

70,28

mars

513

489

374

104

1

76,48

avril

564

534

402

126

9

75,28

mai

590

559

422

129

4

75,49

juin

538

508

320

171

4

62,99

juil.

531

501

367

122

0

73,25

août

812

784

251

502

2

32,02

total

4775

4546

3061

1383

 

67,33

20230928-09

Les délégués du personnel demandent d’avoir les chiffres exactes combien de personnes ont été en maladie pour la période de mai à septembre? De combien de jours d’absence parle-t-on? Les délégués du personnel veulent savoir combien de personne ont été placées en inaptitude temporaire et en inaptitude définitive de janvier à septembre 2023.

Agents en incapacité de travail:

mois

nbr d’agents

nbr de jours

mai

79

450

juin

96

543

juillet

113

645

août

115

705

total

403

2365

Agents déclarés définitivement inapte

mois

nbr d’agent

janvier

1

février

1

mars

0

avril

1

mai

2

juin

1

juillet

0

août

2

20230929-10

Les délégués du personnel veulent savoir combien de repos ont été déplacés avec l’accord du PAT pour la période de mai à septembre 2023.

Am Mount Juli war laut dem Chef de Service kee PAT dee säi Repos verréckelt huet. Am Mount August waren et du well 3. Am Mount September waren et well 67 Reposen.

Vun de Vertrieder vum SYPROLUX war eng Mail raus gaangen un de Chef de Service, fird’Méiglechkeet opzegräifen, datt den Zuchführer säi Repos ka verkafe fir ee Montant X. Di Optioun géif de Service AV sech gären ophale fir de Fall, wou mer nach manner Leit eng Kéier hunn an et guer net méi opgeet an doduerch musse vill méi Deeg gestrach gi. Iwwert Joer gekuckt kenne Reposen ofgebaut gi. Doduerch besteet keng Noutwendegkeet fir sou eppes an ze féieren. Mee d’Optioun an Iddi bleiwen bestoen.

20230928-11

Pour lutter contre le manque de personnel chronique auprès de AV-PAT, les délégués du personnel veulent savoir combien de nouvelles classes sont prévues pour les 12 prochains mois. Combien de candidats par classe planifie-t-on?

Fir de Mount Oktober 2023 fänke 17 Kandidaten un. Des ass di lescht Klass fir Joer 2023.

Am Januar 2024 fänke 24 Kandidaten un. Des Klass gëtt awer gespléckt. 14 Leit fänken direkt am Januar mat der Formatioun un, di restlech 10 Leit si Francophonen, déi fir d’éischt dräi Méint lëtzebuergesch Kuere musse maachen. Di 10 Kandidate fänken da réischt am Mäerz mat der Formatioun fir PAT un. Am Mäerz kommen nach eng Kéier 4 Leit dobäi, di keng Sproochekueren musse maachen.

20230928-12

Les délégués du personnel veulent savoir pourquoi les uniformes ne sont plus livrés régulièrement. L’attente est extrêmement longue.

D’Plënneren an d’Digitaliséieren duerch eng nei App hunn den Oflaf am Büro gestéiert an et an hunn dozou gefouert, datt den Delai méi grouss ginn ass. Liwwerverzögerungen hunn di Saach net besser gemaach.

3 XL ass momentan fir Männer Reenjackett nach net ukomm.D’Uniforme sollen Enn des Joers réischt verdeelt gi. Sämtlech Commanden si fäerdeg a raus geschéckt gi.

Points Guichet & Portier:

20230928-13

Avant les travaux au Centre de Vente en Gare de Luxembourg, il avait été demandé d’installer une borne de chargement à casier individuel verrouillable pour les portables téléphoniques. La demande de la part de notre clientèle est grande.

Les travaux dans la gare ne sont pas complètement achevés. En attendant on est à la recherche du bon endroit pour installer une telle borne. Un opérateur adéquat est également en train d’être recherché. A la fin des travaux, les bornes SNCF devraient également être déplacées à un autre endroit. Actuellement on est en train de vérifier le fonctionnement des prises électriques dans les salles d’attente.

20230928-14

Le délégué du personnel demande s’il est envisagé de prolonger l’horaire d’ouverture du service des objets trouvés aux week-ends et ceci sur 2 tours de service «matin» et «après-midi»?

Il n’est pas prévu de prolonger les heures d’ouverture du service des objets trouvés pendant les week-ends. Les statistiques indiquent qu’il n’y a pas assez de travail pendant les samedis et dimanches.

20230928-15

Les agents au poste de Belval/Université se posent la question pourquoi le prix d’un abonnement pour un agent CFL pour le park&ride vient d’augmenter de 25€ à 85€? Ceci signifie une dépense importante, surtout pour les remplaçants. Il est donc demandé de garder les prix dans chaque parking CFL, existant ou futur, a un montant plus bas pour le personnel.

Le prix d’abonnement mensuel des parkings, à l’exception de celui de la gare Luxembourg, vont augmenter à 85€ pour chaque utilisateur, agent CFL y compris. Et ceci suite aux dispositions tarifaires du Fonds du Rail. Le montant de ce tarif préférentiel de 25€ n’est pas prévu et son application contraire à la réglementation en vigueur. Une adaptation du prix horaire aura lieu avec l’installation des nouveaux appareils et la mise en ligne de l’application pour les parking. Le prix horaire passera de 0,42€/heure à 0,50€/ heure. L’utilisation du parking sera gratuite entre 19:00 hrs et 6:00 hrs, ce qui diminuera les frais en partie.

20230928-16

Dans le contexte des parkings, le délégués du personnel aimerait bien savoir quand les travaux au site de la Gare de Luxembourg commenceront et à quel montant les coûts sont envisagés?

Les travaux du parking commenceront comme prévu début 2024. La durée des travaux est de 6 mois.

20230928-17

Le délégué du personnel aimerait bien être informé sur le 2 points suivants:

• sous-vêtements thermiques pour les portiers et réservistes:

les portiers de la gare de Luxembourg seront équipés avec des sous-vêtements thermiques. Les PAT n’en auront pas, car ils seraient moins longtemps exposés au froid;

• points fumoir sur les différentes quais en Gare de Luxembourg:

les points fumeurs ne seront pas déplacés sur les quais.

 

Les délégués du SYPROLUX

Fabrice BICHLER

Patrice KLEIN