Generalversammlung Sektioun Osten den 28. Februar 2020 um 18:00 Auer
Invitatioun
SEKTIOUN OSTEN
Heimat invitéiert de Comité vun der Sektioun Osten Iech ganz häerzlech op hier Generalversammlung, an zwar:
Freideg, den 28. Februar 2020 um 18:00 Auer
am Relais du Château de Betzder
(4, rue de Wecker L-6832 Betzdorf)
Um Ordre du Jour sti folgend Punkten:
- Begréissung duerch den Präsident vun der Sektioun Paul Gries
- Aktivitéitsbericht vum Sekretär Frank Dumont
- Finanzrapport vum Caissier Igor Gomes
- Decharge vum Caissier a vum Comité
- Wahl vun zwee Keeserevisoren
- Deelweis Neiwahlen vum Comité
(Kandidaturen gi bis virun der Generalversammlung entgéint geholl)
- Aktualitéiten vun der Verbandsleedung
- Éierung vun verdéngschtvolle Memberen vun der Sektioun Osten
- Divers
Nom offiziellen Deel offréiert d‘Sektioun en Owesiessen.
Mir hoffen, Iech op eiser Generalversammlung begréisse kënnen.
D’Partner vun eise Memberen si selbstverständlech och häerzlech wëllkomm.
Aus organisatoresche Grënn biede mer Iech ëm Umeldung bis spéitstens, den 20. Februar 2020.
SYPROLUX-Generalsekretariat: 22 67 86 1 / Basa 1289 oder op: syprolux@pt.lu
De Comité vun der Sektioun Osten