Bericht iwwert Generalversammlung vun der Sektioun Osten den 01. Mäerz 2019


Och dëst Joer hunn sech erëm d’Memberen vun der Sektioun Osten zu Betzder am Restaurant Relais du Château getraff fir hir Generalversammlung ofzehalen.

Den President vun der Sektioun Paul Gries huet Memberen wëllkomm geheescht an huet sengem Komitee Merci gesot fir d‘Aarbecht déi am laaf vum Joer geleescht gouf.

 

An senger Funktioun als President vum FCPT huet hien iwwert déi aktuell Themen wéi de gratis ëffentlechen Transport, den Gefor vum Zoumaachen vun eise Schalteren matsechbréngt, an doduerch den Risiko

vun  Geeschter Garen op eise Strecke erhéicht. De Paul fuerdert dass de Client nach méi an de Mëttelpunkt gestallt gëtt.

De Paul wollt och net ze laang referéieren fir dass SYPROLUX Presidentin Mylène Bianchy duerno nach Zäit genug huet Kandidaten fir Sozialwahlen ze presentéieren, an huet dem Frank Dumont, dem Sekretär vun der Sektioun Wuert ginn fir den Tätegkeetsbericht.

 

De Frank deelt der Versammlung mat dass Memberszuel sech konstant hält, wéi an de leschten Joeren em déi 160 Memberen, den Komitee deen aus 11 Leit besteet an sie am laf vum Joer 4 mol zesummen komm sinn.

D’Sektioun wor am leschten Joer op all op all wichtegen Evenementer vun der Gewerkschaft vertrueden, an um Kongress deen dëst Joer zu Dummeldeng wor,

huet de Paul sech als President  vum FCPT an de Frank sech als Generalsekretär adjoint zur Wahl gestallt, Sie goufen op dësen Posten och gudd gewielt .

Um Kongress  goufen och Kandidaten fir Sozialwalen virgestallt, eis Sektioun geet mat 7 Memberen an Wahl dës sinn de Paul Gries an den Service Centraux/Délégation Centrale, de Ramiro De Sousa Valente am MI/Délégation Centrale, den Alf Krämer am MI/Délégation Centrale, den Igor Gomes  am TM, den Justino de Araurjo BU, de Carlo Giver am MI an den Guy Heiderscheid am EI/Délégation Centrale.

 

Als Ausfluch wor den 27 Oktober eng Visite vun der SES organiséiert ginn mat engem Iessen duerno, insgesamt 19 Memberen hätten dorunner deelgeholl.

 

Duerno huet de Frank den Keeserapport fir den Keessjee  Igor Gomes virgedroen, deen verhënnert wor.

De Fazit wor deen dass Kees nach Gesond ass obwuel mat engem Minus ofgeschloss gouf.

De Romain Casel am Numm vun de Keesserevisoren huet dëst bestätegt an virgeschloen dem Keessjee Décharge ze ginn.

Versammlung huet dem Keessjee an dem Komitee Décharge per Acclamatioun ginn.

Den Romain Casel an den Robert Grosch sinn per Acclamatioun fir en weidert Joer als Keesserevisoren bestätegt ginn.

Bei den deelweis Neiwahlen koum den Justino de Araurjo nei an de Comité bei.

Bei den Aktualitéiten vun der Verbandsleedung huet den  Steve Watgen, Generalsekretär SYPROLUX,  eis iwwert nei  Projeten vun der CFL informéiert.

No dem Steve huet Mylène Bianchy, Presidentin vum SYPROLUX,  eis déi 64 Kandidaten virgestallt déi den 12 Mäerz fir den SYPROLUX mat an Wahlen ginn.

Mylène huet och iwwert d ‘Konsequenzen vum gratis ëffentlechen Transport geschwat an iwwert Schwieregkeeten déi bei den CFL bestinn.

 

Duerno goufen fir 30 Joer am SYPROLUX folgend Memberen geéiert:

Goerens Jean-Paul an Kohnen Francois déi sech entschëllegt hätten an

Gries Paul, Ravinger Pascal, Ravinger Steve an Welsch Marco.

 

Den Owend gouf dunn mat engem kale Plat an engem gudde Patt Miseler Wäin ofgeschloss.

 

Frank Dumont

 ag-osten19.jpg

v. l. n. r.: Pascal Ravinger, Frank Dumont, Paul Gries, Steve Raviger, Mylène Bianchy an Marco Welsch