Generalversammlung Sektioun Osten den 01 Mäerz 2019
Einladung
Heimat invitéiert de Comité vun der Sektioun Osten Iech ganz häerzlech op
hier Generalversammlung, an zwar:
Freideg, de 01. Mäerz 2019 um 18:00 Auer
am Relais du Château de Betzder
(4, rue de Wecker L-6832 Betzdorf
Um Ordre du Jour sti folgend Punkten:
• Begréissung durch den Präsident vun der Sektioun Paul Gries
• Aktivitéitsbericht vum Sekretär Frank Dumont
• Finanzrapport vum Keessier Igor Gomes
• Décharge vum Caissier a vum Comité
• Wahl vun zwee Keesserevisoren
• Deelweis Neiwahlen vum Comité
(Kandidaturen gin bis virun der Generalversammlung entgéint geholl)
• Sozialwahlen 2019: Viirstellung vun de Kandidatinnen a Kandidaten;
Revendicatiounen
• Éierung vun verdéngschtvolle Memberen vun der Sektioun Osten
• Divers
Nom offiziellen Deel offréiert d'Sektioun en Owesiessen.
Mir hoffen, Iech op eiser Generalversammlung begréisse ze kënnen.
D'Partner vun eise Memberen si selbstverständlech och häerzlech wëllkomm.
Aus organisatoresche Grënn biede mer Iech ëm Umeldung bis spéitstens,
den 20. Februar 2019 an daat beim:
Paul Gries Frank Dumont
paul.gries@vonet.lu frank.dumont@syprolux.lu
621 266 935 661 356 717
De Comité vun der Sektioun Osten