Invitatioun Sektiounsausflug 2019
Léiw Memberen, dëst Joer ass eisen
Sektiounsausfluch Freides, den 20 September 2019
Programm vum Dag:
Visite vun Voyages Emile Weber zu Kanech
Z.A. Reckschléed L-5411 Canach
an uschléissend geet et fir e gemeinsamt Owesiessen
an de Restaurant Wäistuff Leuck zu Lennengen:
6a, rue de Canach L-5430 Lenningen
- RDV um 16.15 Auer bei Voyages Emile Weber zu Kanech.
- Visite dauert ca 2,5 Stonnen.
- En Onkäschtebäitrag vun 20€ gëtt virun der Visite opgehuewen.
- Um +/-19.00 Auer zu Lennengen an der Wäistuff Leuck wou folgenden Menü zur Auswahl steet:
Menu fir Owes: |
Entrée: a ou b |
a) Feierstengszalot b) Avocat farci aux légumes |
Plat: a ou b |
a) Entrecôte Sauce Pinot Noire, Pommes frites et Salade b) Risotto Champignon de bois |
|
Dessert: a ou b |
a) Dame blanche b)Tarte maison |
Umeldung: bis spéitstens den 10 September 2019 mat der Auswiel vun dem Menü beim:
Frank DUMONT frank.dumont@syprolux.lu (GSM:661 356 717)
Mat kollegiale Gréiss,
de Comité Sektioun Osten