Uleies vum SYPROLUX Norden zu de Wahlprogrammer 2018


D'Chamberwahlen de 14. Oktober récke mat grousse Schrëtt ëmmer mi no. Dofir wollte mir virun der Opstellung vun de Wahlprogrammer eis Uleies matdeelen.

 

Zanter ronn 15 Joer fuerdert de SYPROLUX Norden den Ausbau vun där ieweschter Nordstreck (Ettelbréck-Ëlwen).

Mir fuerdere keen integralen 2gleisigen Ausbau vun Ettelbréck op Ëlwen, dat wier vermessen an aus verschiddene Grënn net realistesch; z.B. wéinst den Tunnellen (Käschtepunkt).

Mee mir fuerderen Iwwerhuelgleiser (voies d'évitements) do wou et méiglech ass. Dass sou Auswäichméiglechkeeten noutwendeg si fir Verspéidungen ze vermeiden, huet d'Aktualitéitsdebatten iwwert de CFL Fahrplang 2018 am Januar an d'Mobilitéitsdebatten am Abrëll dëst Joer kloer bewisen.

Zanter 1998 stoung a verschidden «plans pluriannuels» de Bau vun enger Überholung zu Méchela. Ënner dem Transportminister Lucien Lux war déi mol mat 15 Mio.€ budgetiséiert ginn. Bis haut ass näischt geschitt.

Wéi de Claude Wiseler de Projet vum Hallefstonnentakt Lëtzebuerg-Ëlwen, wat eng „Plus-value" fir de Norde bedeit, ugangs 2013 op d'Schinn gesat huet, war kloer gesot ginn, dass fir Verspéidungen ze vermeiden, de Streckenabschnitt Ëlwen-Klierf erëm 2gleiseg géing ausgebaut ginn. Haut wëllt keen, weder CFL Direktioun nach MDDI, méi eppes dovunner wëssen.

All Dag kommen e puer dausend Zuchbenotzer aus dem Norden ze spéit an d'Schoul resp. op d'Aarbecht. Duerfir ass et noutwendeg, dass déi Überholunge gebaut ginn, fir d'Pünktlechkeet ze steigeren a fir datt d'Korrespondenzen Zuch-Zuch an Zuch-Bus garantéiert ginn.

Op deene Garë wou Unterführunge fir d'Zuchbenotzer bestinn (Ëlwen, Klierf, Kautebaach a Giewelsmillen) missten dës och behënnerte gerecht agericht ginn.

Och misst den Hallefstonnentakt erëm op der ganzer ieweschter Nordstreck ageféiert ginn. Fir Méchela a Giewelsmillen gëllt dëst säit Dezember 2017 net méi.

120 Mio.€ investéiert de Lëtzebuerger Staat an den Ausbau vun der Eisebunnsstreck Beetebuerg-Thionville, bedeelegt sech um Ëmbau vun der Gare Thionville an un engem Parkhaus zu Thionville.

Kee Problem fir eis.

Och bedeelegt de Staat sech un engem 2gleisigen Ausbau vun der Stréck no Däitschland zu Igel fir d'Verbindung vun Igel op Tréier-West.

Kee Problem fir eis.

Desweideren bedeelegt de Staat sech un der Stréck Lëtzebuerg-Arel mat engem Parkhaus zu Viville (hanner Arel).

Kee Problem fir eis.

An de Norden?

Déi Fro misst erlaabt sinn ze stellen. Mir hu kee Problem dermadder, dass de sech Staat am Ausland un der Finanzéierung vum Ausbau vun de Schinnenetzer bedeelegt. Mir hunn awer ee Problem dermadder, dass op der ieweschter Nordstreck vun Ettelbréck op Ëlwen guer näischt an der Richtung geschitt. Hei gi mir behandelt wéi Bierger 2.Klass.

De SYPROLUX Norden ass och fir ee 4spurigen Ausbau vun der N7. Mir sinn der Meenung, dass de Norden een Ausbau vun der ieweschter Nordstreck an vun der N7 brauch.

Fir d’SYPROLUX Sektioun Norden,

 

André DHUR, President 2014-2018

Romain PLÜMER, President 2004-2014