Generalversammlung Sektioun Norden


Nierwt den Vertrieder van der SYPROLUX Leedung woren och d’Politiker, Eicher Emile an Marco Schank bei onser Generalversammlung unwiesend.
Hauptthema bei der Generalversammlung woren den gratis öffentlichen Transport an d’Sozialwahlen 2019.
Die nei bzw. aal Régierung hatt mat mat hierem Bekanntgenn van engem gratis öffentlichen Transport, suwohl verschidden Parteien, wie oh Gemengen mat dëser Informatioun iwerannt. Sie verkoofen et als sozial Moosnahm, opschons mär well deen bëlligsten Tarif han, an dat Ganzt soll bis den März 2020 emgesatt genn. Als sozial Moosnahm wär et nëmmen gerecht gewesst wann den Präis vam Ticket aan eng Paye angepasst genn wär, bzw. wann et oh fir behënnert Lekt gratis genn wär fir mat hirem Minibus kannen ronderemgefouert ze genn, dëst gellt bis well ewa nëmmen firt Fahren op an van der Arbischt. Fir dassen mieh Lekt giffen op een ÖT emsteigen, misst dësen mieh effektiv an pünktlich sen. Heiranner missten d’Suen investeiert genn, dann giffen d’Lekt van ganz alleng op een ÖT emsteigen. An deem Senn wellen mer dem Marco Schank Merci soon, deen des Themen an enger Froenstonn beim Minister opgeworf hatt.
Den Emile Eicher hatt eis dann enner Anerem na van den Pläng geschwatt, dass sich CFL fir een Terrain zu Elwen interesséeiert fir do een Atelier opzeriiten, fir oh hei kannen no äisem Matérial ze kucken. Den SICLER ass positiv angestallt, et get na just no enger passender Platz, fir die momentan Firma die sich hei établéiert hatt, gekuckt ze fannen.
No dem Presentéieren van eisen Kandidaten fir d’Sozialwahlen, guffen eis langjähreg Memberen geiert.

Fir hir 15 jährig Memberschaft woren den M. De Oliveira Emidio, M. Moura Silva Rui Manuel an Veiders Rene op eis Generalversammlung invitéiert.

Fir 30 Joor woren et den M.Post Marc an M. Stempel Jean-Baptiste.

Fir 40 Joor den M. Delosch Jean-Marie an Mme Geiben- Lentz Anne.

Fir hir 60 jährig Memberschaft woren et Mme Breuer-Freres Marguerite an M. Palzer Aloyse.

Comité Sektioun Norden

GV-Norden2019.jpg

v.l.n.r.: Dhur André, Veiders René, Geiben-Lentz Anne, Breuer-Freres Marguerite, Paul Gries und Mylène Bianchy