Generalversammlung Sektioun Norden


Den 23. Februar haat de SYPROLUX-Norden seng alljährlich Generalversammlung am Parc Husen am „Kannerhaus am Wëldpark" mat anschleissendem Eessen am Restaurant Montallegro direkt nierwt der Schwëmm.

Den President André Dhur konnt su munchen aktive Member begréissen, grad wie d'SYPROLUX-Leedung an den Députeierten Marco Schank.

Dëst Joor haat eise Präsident Andre Dhur net esu vill erfreeliches ze verzielen. Die nächst 10 Joor soll d'Nordstreck ausgebaut genn, ewer lo net am Senn, dass mer eng Überholung zu Mechela kreien, déi well zanter 1995 an der Planung ass, mee et sollen Parking'en zu Ëlwen an zu Mechela gebaut genn. Mee dëst wor oh well dat letzt Joor virgeseen. Sumadden bleiwt net vill fir den Norden van deenen 3,8 Milliarden, déi d'CFL well bis 2023 investéieren.

Mär han zwar een neien Arrêt mat Funiculaire op den Kierchbierg op dem Deel van der L10 beikriit, mee dofir ass den Halefstonnentakt hannert Ettelbréck verwässert genn. Seit dem Fahrplangwiesel an de neien transversalen Zisch, sen eis „Verspéidungen" ropgangen. Et wär fleit suluas aan der Zekt net nëmmen Verspeidung van den Zisch ze kucken, mee oh wievill Lekt sich Prozentual an deenen Zisch befannen par rapport zu deenen pünktlichen Zisch den Daag iwer.

Leider sen mer iwert eng Daageszeitung gewaaren genn, dass sollen 222 Agressiounen op der CFL stattfonnt han. Wann sich dëst giff als Wourrecht rausstellen, wieren daat laut dem CSV-Nord-Dépuéierten Marco Schank 222 Grënn fir eng Policeenheet fir den öffentlichen Transport.

Durich die goud Zesaamenarbischt van der SYPROLUX an eisen CSV Politiker, die su munsch parlamentarisch Frojen stellen, kannen mer su een van deem Anneren pofitéieren.

D'Sekretärin Katja Felten hat den Aktivitéitsrapport firgedroon. Van Komitéssitzungen iwert een Trëppeltour an dem Ausfluch op Oochen op den Krëstmaart gemeinsam mat der Sektioun Ettelbreck, haaten mer oh een Delegéiertendaag am Kulturzentrum Helmdange.

Den Keessier Zeimes Marc hat eis den Keesenbericht virgeleit wu mer een klengen Plus ze verzeechnen han. D'Kees guff durich den Andy Seil an Nico Schenk iwerpréift an fir goud gehaalen.

Dann haaten mer na Jubilaren fir hir 15, 30, 40 an 60 Jährig Memberschaft ze éieren.

Fir 15 Joor : Andre Dhur an Hans VanBruwaene. 30 Joor : Albert Gleis, Lucien Schank an Marcel Thinnes. Fir 40 Joor : Eugène Recken. Fir 60 Joor : Franz Pleger, Henriette Delosch-Schmitz, Marie Determe-Juncker an Felix Lutgen. Déi Jubilaren déi net konnten op der Generalversammlung sën, kreien hieren Cadeau zu engem spéideren Zektpunkt.

Nodeems mer d’Generlaversammung aafgeschloss haaten, han mer eis et goud schmaachen an den Owend gemittlich ausklengen geloss.

SYPROLUX NORDEN

 

 

 

Ehrung verdienstvoller Mitglieder durch die Verbandsleitung 


v.l.n.r.: Mylène Bianchy, Franz Pleger, Hans VanBruwaene,


André Dhur, 
Paul Gries, Katja Felten und Marc Zeimes 


Foto: Isabelle Faber