Chef de Service GI, le 22 octobre 2020


Approbation du procès-verbal de la réunion du 17 juin 2020.

Deen ass ugeholl ginn ouni Bemierkung.

Echange d’informations.

Aarbechten duerch Monti besonnesch am Beräich vun der Brigade B21:

Bedéngt duerch deen neie RGV an eng méi systematesch Kontroll bei déier méi Mängel am Gleisbau opgedaucht sinn, déi esou séier wéi méiglech musse behuewe ginn. Bedéngt duerch déi vill Aarbecht, en Manktem un Personal huet Firma Monti en Kontrakt fir och 2021 60 Schichten ze schaffen an den néidegen Entretien ze maachen. Eventuell muss dat och doriwwer eraus verlängert ginn. D’Iddi ass awer datt d’CFL hier Leit soll forméieren an duerno den Entretien erëm selwer maachen. Et gouf betount, entgéint de Rumeuren, déi schonn zirkuléieren, dass net dru geduecht gëtt dës Arbechten outzesourcen.

Réorganisation filière spécialisée voie

D’Fiche de poste ginn elo ausgeschafft. Et besteet en Groupe de Travail mat 3 Chef de Brigadë fir dat auszeschaffen an da kréie mir déi viirgeluecht.

Mir hunn betount datt et wichteg ass, dat d’Leit an de Brigaden de Projet richteg a vun enger Persoun erkläert kréien.

Hei gouf proposéiert datt all d’Chef de Brigade zesumme geruff gi, wou sinn de Projet da vum Chef de Service presentéiert kréien.D’Personaldelegéierte gi mat invitéiert soubal een Datum fonnt ginn ass. Am Kader vun dëser Virstellung sollen dann och déi 3 Chef de Brigade fir de Groupe de Travail definéiert ginn. Eréischt no der Infoversammlung solle mir dann eise Feedback zum Projet ginn.

Folgend Remark kann een elo schon als SYPROLUX maachen:

Datt Viraarbechter aus der Orientation Exploitation och solle Coupurë maachen ass en absolutten No-go, a soll aus dem Projet erausgeholl ginn. An der Unité E ass ofgeschaaft ginn datt I-Léit Coupurë maachen, an da géing et hei erëm agefouert ginn. Des Weideren ass dat den Job vun de Catenairen.

Soss ass de Projet mat de Remarken aus dem Chef de Service MI sengem Rapport fir eis an der Rei, awer mat zousätzlech folgenden Upassungen:

De Viraarbechter “orientation travaux voie” muss net nëmmen Adec Niveau 1 si, mee och Agent de Secu-

rité Niveau 1 oder Niveau 2. Do ass z’erklären wat den Ënnerscheed ass. Mir sinn eis net sécher op dat am neie Livre 2 beschriwwen ass.

Des Weidere si mer der Meenung, datt Kompetenze vun de verschiddene Kategorië Leit innerhalb vun den 2 Orientatioune genee mussen definéiert ginn:

• Wat däerf en Viraarbechter maachen a wat muss en dofir wëssen?

• Wat däerf en Chef de Brigade maachen a wat mussen dofir zousätzlech wëssen? Mir sinn en plus der Meenung, datt et misst méiglech sinn déi verschidden Examen un ze passen.

• Wat en Viraarbechter schonn huet musse léieren a wësse muss net méi onbedéngt erëm am Chef de Brigade Examen nei gepréift ginn. Mee do solle virun allem déi Saache gepréift sinn déi hie méi muss wëssen. Dëst onofhängeg vun der Orientatioun.

Gemeinsam Sitzung am Dezember

Bedéngt duerch déi aktuell sanitär Kris soll déi gemeinsam Reunioun am Dezember e bëssen anescht organiséiert ginn:

Et soll nëmmen eng Reunioun sinn ouni Iessen. Inspekteren sollen och net un der Versammlung deelhuelen. Et soll en Sall an engem Hotel fonnt ginn deen genuch Leit Plaz léisst. Eventuell den Hotel iwwert dem Saturn (Radison)

Doléances présentées par les délégués resp. affaires portées à l’ordre du jour par le Chef du Service Gestion Infrastructure.

1.1. Les délégués désirent connaître la procédure exacte concernant l’établissement ainsi que la transmission de la fiche d’appréciation professionnelle dans le cadre du bilan psychologique.

Le passage de cette fiche remplie par l’intermédiaire de MI/RHT est-il nécessaire ?

La Division Psychologie conseille dans un souci de confidentialité de faire parvenir cette fiche au service sous pli fermé.

Dat ass richteg datt dëst soll sous pli fermé un de Service Psychologie goen. Allerdéngs ass et esou datt de Service PS et léiwer hätt datt Retoure géingen zentraliséiert iwwert de RHT zeréck kommen. Well mir do awer eis Bedenke vu Confidentialitéit geäussert hunn, ass Folgendes proposéiert ginn:

De Chef local schéckt d’Fiche sous pli fermé un de Service PS a gëtt dem RHT eng Réckmeldung via Mail datt d’Fiche ausgefëllt zeréck bei de Service PS ass.

De Chef de Service MI fäert, datt d’Chef locaux soss ze vill Fichen net zeréck schécken. Esou behält de RHT awer den Iwwerbléck wien nach muss déi Fichen zeréck schécken.

1.2. Les délégués demandent être informés des solutions retenues pour tous les problèmes soulevés dans le passé (travail de nuit, prime pour travail de nuit, comptabilisation sur la période de référence, respect des conditions de travails, etc.) pour l’introduction du régime de l’horaire mobile.

Hei si ma gewuer ginn, datt de RH un engem néien Reglement fir den Horaire Mobile schafft, wou deene Bedenken déi ma opgeworf hunn soll Rechnung gedroe ginn: Multiplicateure ginn ugepasst, et gëtt festgehale wéi Nuetsschichte pointéiert ginn, etc, etc. Hei musse mer ofwaarde wat kennt. Dat selecht zielt fir d’IG 15 an d’IG 33, déi jo och beim Horaire Mobile muss berécksiichtegt gi vir verschidde Léit.

1.3. Les délégués désirent connaître les raisons limitant l’application du télétravail aux agents travaillant sous le régime de l’horaire mobile. Suivant les informations des délégués, l’IG 39 ne prévoit pas cette limitation.

Huet sech eigentlech erleedegt well et jo an d’IG 39 dra komm ass an déi och esou ugeholl ginn ass.

1.4. Les délégués désirent être informés du statut de tous les points restés en souffrance des dernières réunions (p. ex. stockage MI-BGT-EM)

Well eng To-do Lescht an den Ae vum Chef de Service GI schwiereg ass, soll an Zukunft de Rapport am Detail behandelt gi well da jo déi oppe Punkte vun der Versammlung X-1 nach eemol beschwat ginn ouni datt se an der Reunioun X extra mussen um Ordre du Jour stoen. An wann do nach eppes oppe bleift ass et jo dann erëm am Rapport vun der Reunioun x+1 en Thema.

1.5 Les délégués demandent être informés sur la situation actuelle du télétravail.

Est –ce que la situation est uniforme pour tout le Service MI. Quelles postes sont autorisés pour le télétravail ? Quelles sont les conditions ? Est-ce qu’on veille bien au maximum que les agents se rencontrent au stricte minimum ?

L’avis des délégués est de bien veiller à séparer les équipes et que les mêmes personnes travaillent ensemble et que les mêmes personnes ne se rencontrent pas. Ni la prise de service ni la fin de service devraient être

dans un réfectoire commun. Selon possibilité les agents devraient commencer et terminer leur séance de travail directement sur le chantier. Ceci pour éviter le cas échéant lors d’une infection, un service minimum. Quel est l’avis de la Division Santé au Travail ?

Wann d’Gestes Barrières ugewannt ginn, ass d’Infektiounsketten ënnerbrach, jiddefalls huet dëst bei de positive Fäll innerhalb der CFL esou funktionéiert. Gesonde Mënscheverstand soll awer och nach spillen. Et ass net verbueden datt um Chantier direkt an net am Refectoire vum Siège oder Zäitversat ugefaange gëtt (10 Minutten keng hallef Stonn). Wichteg ass, datt all Exceptioun zu der Reegel propper ugefrot gëtt, net datt Diskussiounen ugi wann eppes geschitt. (Mam privat Auto ob de Chantier ufänke fueren, decaléiert ufänken)

1.6 Les délégués demandent quand la distribution des fruits sera relancée pour le Service MI ?

Wann d’Santé au Travail den Accord gëtt. Ass awer fir d’ganz CFL esou.

1.7 Les délégués demandent être informés sur l’état d’avancement du groupe de travail I.G.15.

Dëse Punkt ass um Ordre du Jour vun der Délégation Centrale. Et muss een mol ofwaarden, wat do diskutéiert gëtt.

1.8 Les vêtements Elis et les armoires ont été enlevés. Les délégués demandent être informés du délai de la mise en place des nouveaux armoires et vêtements.

Neit Gezei gëtt getest. Am ganze sinn 3 méiglech Fournisseuren ausgemaach ginn: Tester vum éischte sinn esou gutt wei ofgeschloss, an déi vum 2ten Fournisseur sinn am gaangen. Duerno ginn och dem 3ten Kandidat seng Kleeder getest. Uschléissend gëtt eng Entscheedung getraff.

Bei de Schief ass et esou, datt déi Elis gehéiert hunn an Elis déi siche komm si, wou de Kontrakt mat hinne gekënnegt ginn ass. En neie Fournisseur ass fonnt ginn, allerdéngs muss deen sech nach am Ariba aschreiwen an als Fournisseur fir CFL zougelooss ginn. Eréischt da kann eng Commande gemaach ginn.

An Zukunft sinn och méi Fournisseuren, déi am Spill sinn:

• 1 Fournisseur fir Kleeder

• 1 Fournisseur fir Botzen

• 1 Fournisseur fir den Transport

• 1 Fournisseur fir Schief.

1.9 Les délégués demandent être informés sur l’état d’avancement du bâtiment pour l’équipe de la brigade à Kleinbettingen.

D’Leit setzen a Containeren zu Mamer. De GI ass der Meenung, datt Mamer en gudde Standuert ass, an et soll eventuell aus dem Provisoreschen eppes Definitives ginn. De Chef de Distrikt soll eng Propose maache, wat gebraucht gëtt. Wann déi Propose um Dësch leit, kritt den II den Optrag fir dee Projet ze maachen. De Ball léit beim MI, deen elo seng Besoinen definéiere muss.

Di aktuell Situatioun ass keng gutt, well de Buedem futti ass. D’Toilette ass och an engem schlechten Zoustand. De Facility Management soll sech drëm këmmeren, datt di Container gefleckt ginn. De Chef de Distrikt (MI-I-I1 N) sot et wär besser nach e puer Joer an de Container ze bleiwen am Wëssen datt en neit Gebai kënnt.

1.10 Klammcouren

D’Klammschoul kennt net méi bei d’CFL Couren halen. Se sichen eng Léisung. Ass awer nach näischt sprochräif. Hei gëtt et awer knaschteg, well Recyclage mussen all Joer ofgehale ginn.

An de Catenairen ass wéinst Covid en Klammcour ugefaange gi mee duerno net ofgeschloss ginn .

Et muss elo kuerzfristeg eppes vum MI oder D/GI komme, wei sech ze verhalen ass mat engem ofgelafene Klammcours. Däerf nach geklomme ginn oder net? Eng Derogatioun fir d’Validitéit eventuell 6 Méint ze verlängeren?

1.11 Robelchauffeuren

Bei da nächster Mise en Stage muss drun geduecht ginn och Léit fir MI-E mat ze huelen.

Et ass am Moment eng Penurie bei de Chauffere vun de Robele well fir Allerhellegevakanz ass de CLIF béi.

1.12 Kandidat vun der Voie fir an de Stellwierkschlässer.

Ass alles esou wäit an der Rei vum RH aus, mee lo seet de Bunnemeeschter (MI-I-I2 C) en däerf net goen, well keen Ersatz kennt. De Ramiro De Sousa Valente schwätzt mam Bunnemeeschter fir gewuer ze gi wat do leeft.

Di nächst Sitzung ass den 10. Dezember 2020.

d’SYPROLUX-Delegéiert

Ed Mallinger, Nelson Costa, Fraenz Duhr