De Kleeschen huet sech ugemellt fir en Dënschdeg, den 03. Dezember 2019 ab 15:00 Auer
Invitatioun
Léiw Membere vum SYPROLUX
Wéi all Joer kënnt de Kleesche bei d‘Kanner an d’Enkelkanner vun all eise Memberen onofhängeg vun hirer Sektioun.
De Kleeschen huet sech ugemellt fir en
Dënschdeg, den 03. Dezember 2019 ab 15:00 Auer
an de Centre Nic Braun niewent der Hesper Gemeng (474, route de Thionville)
Kanner bis 9 Joer kënne mat hirer Famill un dëser Feier deelhuelen, fir Gedrënks a Schneekeréien fir Kleng a Grouss ass gesuergt.
D’Kanner sinn härzlech invitéiert, dem Kleeschen e Gedicht op ze soen oder e Lidd ze sangen!
Fir déi genee Unzuel vun Kanner gewuer ze ginn, biede mir Ierch, Ierch bis de 27. November unzemëllen an dat um SYPROLUX-Sekretariat:
Telefon: 22 67 86-1 | CFL-Basa: 1289 | E-Mail: syprolux@pt.lu |
Mat beschte Gréiss,
Sektioun Lëtzebuerg an Kannervakanzen- a Sozialwierk