Kleeschen 2018


Léiw Memberen vum SYPROLUX

Wéi all Joer kënnt de Kleeschen bei d'Kanner an d'Enkelkanner vun all eise Memberen, onofhängeg vun hierer Sektioun, an zwar huet hien sech ugemellt fir en

Denschdeg, den 04. Dezember 2018 ab 15 Auer

an de Centre Nic Braun, niewent der Hesper Gemeng, 474 ,route de Thionville.

Kanner bis 9 Joer kënnen mat hirer Famill fir dës Feier ugemellt ginn. Et gi Spiller gemat a mir bastele mat hinnen. Fir Gedrënks a Schnékereien fir Kleng a Grouss ass gesuergt.

D'Kanner sinn härzlech invitéiert, dem Kleeschen e Gedicht op ze soen oder e Lidd ze sangen!

Fir déi genee Unzuel vu Kanner gewuer ze ginn, biede mir Ierch, Ierch bis spéitestens Méindes, den 25. November beim Marianne am Sekretariat unzemëllen,

um Telefon (+352) 22 67 86-1 oder CFL 1289,

resp. per Mail syprolux@pt.lu

Deelt eis w.e.g. folgendes mat:

Unzuel Erwuessener; Unzuel an Virnumm vun de Kanner bis 9 Joer an ween e Gedicht well opsoen oder en Lidd sangen. Merci

Kinderferien- und Sozialwerk / Komité Sektioun Letzebuerg