Invitatioun Kleeschen 2017
Wéi all Joer kënnt de Kleesche bei d'Kanner an d'Enkelkanner vun all eise Membere, onofhängeg vun hirer Sektioun.
De Kleeschen huet sech ugemellt fir en
Denschdeg, de 05. Dezember 2017 ab 15:00 Auer
an de Centre Nic Braun niewent der Hesper Gemeng
(474, route de Thionville)
Kanner bis 9 Joer kënne mat hirer Famill un dëser Feier deelhuelen. Fir Gedrënks a Schneekereien fir Kleng a Grouss ass gesuergt.
D'Kanner sinn härzlech invitéiert, dem Kleeschen e Gedicht op ze soen oder e Lidd ze sangen!
Fir déi genee Unzuel vun Kanner gewuer ze ginn, biede mir Ierch, Ierch bis de 27. November unzemëllen an dat um SYPROLUX- Sekretariat:
Telefon (+352) 22 67 86-1 / CFL-Basa 1289
oder op
syprolux@pt.lu
Mat beschte Gréiss,
Sektioun Lëtzebuerg an
Kannervakanzen- a Sozialwierk