Invitatioun Generalversammlung Sektioun Esch/Alzette 2026
D’Kommiteeë vun de Sektiounen Esch/Uelzecht a Péiteng invitéieren Iech ganz häerzlech op hier:
Generalversammlung
e Freideg, den 13. Mäerz 2026 um 18:30 Auer an de Restaurant Il Ritrovo
2, rue Gadderscheier zu Zolwer
Dagesuerdnung:
• Begréissung duerch de Sektiounspresident vun der Sektioun Esch/Uelzecht
• Aktivitéitsbericht vum Sekretär vun der Sektioun Esch/Uelzecht
• Finanzbericht vum Keessjee vun der Sektioun Esch/Uelzecht
• Rapport vun de Keeserevisoren
• Erklärungen zur Sektioun Péiteng
• Ofstëmmung zur Fusioun mat der Sektioun Péiteng
• Virtrag vun der Leedung
• Éierung vun de Jubilare vun de Sektiounen Esch/Uelzecht a Péiteng
• Fräi Aussprooch an Diskussioun
Wann Dir interesséiert sidd fir am Kommitee vun der Sektioun matzeschaffen, kënnt Dir Iech gäre mellen.
No der Versammlung offréiert d’Sektioun géint 19:15 Auer en Owesiessen.
D‘Memberen déi kee Fleesch iessen oder aner Allergien hunn, si gebieden dëst bei der Umeldung unzemierken.
D’Partnerin / De Partner an d’Kanner vum Member si selbstverständlech wëllkomm.
Umelle kënnt Dir Iech bis spéitstens de 6. Mäerz .2026 am SYPROLUX-Generalsekretariat: Tel: 22 67 86-1 oder iwwer Mail: syprolux@pt.lu.
Fir d’Sektiounen Esch/Uelzecht a Péiteng De Kommitee