Generalversammlung Sektioun Esch/Alzette 2025


De 25. Abrëll 2025 huet d’Sektioun Esch/Uelzecht sech fir hir uerdentlech Generalversammlung am Restaurant „Mess Café“ zu Reckeng op der Mess getraff. Et war e vergläichsweis kuerzt Joer tëscht deenen zwou Generalversammlungen. Et sief erënnert, datt d’Generalversammlung vum Joer 2024 e wéineg méi spéit am Joer war, fir genau ze sinn den 11. Oktober 2024. Am Komitee ass awer decidéiert ginn fir d’Generalversammlung rëm an d‘2. Trimester vum Kalennerjoer ze leeën.

No enger kuerzer Begréissung duerch de Sektiounspresident Jérôme Weyrich huet de Sekretär Giuseppe Di Chio a gewinnt professioneller Manéier den Aktivitéitsbericht vum leschte Joer virgestallt. Dësen ass mat enger Komiteessitzung an enger Schmaachkommissioun (e gesellegen Owend mat Owesiesse fir d’Generalversammlung virzebereeden) e wéineg méi kuerz ausgefall wéi soss ma et loungen och just 6 Méint tëscht béide Generalversammlungen. Et ware virop d‘Aktualitéitsthemen an déi interessant secteuriwwergräifend Diskussiounen déi d’Gespréich an eise Sitzunge gepräägt hunn. Flott war et ze héieren datt d’Sécherheet ëmmer méi Thema ausserhalb vun der Aarbechtsplaz gëtt a souguer hir Plaz an eise Sitzunge fënnt.

Um Enn vum Aktivitéitsbericht ass mat enger Gedenkminutt un déi verstuerwe Membere vun der Escher Sektioun geduecht ginn.

D’Keess stëmmt

Nom Aktivitéitsbericht huet de Roger Weyrich fir de Romain Biver de Keesebericht vum Joer 2024 presentéiert. D’Keess gouf de 24. Abrëll vum Keesekontrollerer Roger Wadlé zu Schëffleng kontrolléiert. De Marc Schroeder an de Romain Laures hunn d’Kees um Owend selwer och nach eemol kontrolléiert. Et gouf keng Beanstandung. D’Kees ass am Verglach mam Joer 2024 liicht am Plus an de Komitee huet dem Roger Weyrich d‘Decharge fir d’Joer 2024 ginn.

Merci Roger fir 50 Joer SYPROLUX

Dëst Joer war et dem Sektiounspresident Jérôme Weyrich eng besonnesch Éier well déi Escher Sektioun konnt säi Papp, de Roger Weyrich, laangjäregen an treie Member fir seng 50 Joer am SYPROLUX éieren. De Roger war selwer laang Jore Sekretär a Keessjee vun der Sektioun éier hien sech am Joer 2020 e wéineg zeréckgezunn huet. De Roger bleift awer mat senger energescher Manéier an och mol méi kritescher Vue gär gesinne Gaascht op eiser Generalversammlung. Zousätzlech stellt de Roger nach ëmmer gär en Zëmmer bei sech doheem zu Schëffleng zur Verfügung wou mir eis Komiteessitzungen ofhalen a këmmert sech dann och ëm d’Wuel vun eise Komiteesmemberen.

Wale vum Komitee

Bei de Wale vum Komitee ass eestëmmeg ugeholl fir de Komitee all 2 Joer zu 50% z’erneieren. Follgend Lafzäite si festgehale ginn.

2027 - 2029

Jérôme Weyrich - President

Pedro Tavares - Vizepresident

Giuseppe Di Chio - Sekretär

Romain Biver - Keesjee

Memberen:

Fernand Heinz; Paul Kettels; Markus Beckmann; Magali Heinz; Venant Theisen; François Duhr; Romain Liber; Edouard Mallinger

Interventioun vun der Leedung

Am Numm vun der Leedung huet d’SYPROLUX-Presidentin Mylène Bianchy d’Wuert ergraff an et ass séier kloer ginn, datt der eenzeger onofhängeger Eisebunnsgewerkschaft d’Aarbecht an Zukunft net Wäert ausgoen. E wichtegen Dossier deen d‘Aktualitéit am Moment dominéiert ass d‘Diskussioun ëm den Tiercé mam Ewechfale vun der sougenannter „Galopptour“. Weiderhin op der Lee steet d’IG 15 déi de Bereetschaftsdéngscht reegelt. Ugeschwat gouf och d’Nouvelle déi de Mataarbechterinnen a Mataarbechter, déi ab dem 15. Oktober 2015 agestallt gi sinn, eng Prime vun 12 bis zu 20 Punkte jee no Beruffsgrupp an Aussicht stellt.

Nom Festleeë vun der nächster Komiteessitzung déi den 10. Juli stattfënnt, huet de Komitee en Iessen offréiert.

De Komitee vun der Sektioun Esch/Uelzecht