Generalversammlung vun de Sektiounen Esch a Péiteng
E Freideg, den 13. Mäerz 2026 ëm 18:30 hu sech d’Sektiounen Esch a Péiteng zesummen am Restaurant Il Ritrovo zu Zolwer fir hir uerdentlech Generalversammlung getraff. Et war e chargéierten an och emotionalen Owend dee fir béid Sektiounen ustoung. No enger kuerzer Begréissung vum Sektiounspresident vun der Sektioun Esch Jérôme Weyrich ass et och schonns mat der Dagesuerdnung weidergaangen.
D’Keese stëmmen
No der Begréissung huet de Roger Weyrich fir de Keesjee Romain Biver de Keesebericht vum Joer 2025 presentéiert. D’Keess gouf am Viraus vun de Keesekontrollere Roger Wadlé, Romain Laures a Marc Schroeder zu Schëffleng kontrolléiert. Et gouf keng Beanstandung a soumat gouf dem Roger nom Bericht vum Keesekontroller Romain Laures och d’Decharge vun de Membere ginn.
D’Kees ass am Verglach mam Joer 2024 liicht am Minus, dëst well dem Syndicat eng Subventioun zougesprach gouf déi 2025 bezuelt ginn ass fir sech un de Renovatiounskäschte vum Studio an der Residence Verlaine ze bedeelegen. Och d’Kees vun der Sektioun Péiteng vum Joer 2025 gouf virgedroen an hei gouf keng Beanstandung festgestallt sou datt dës konnt fir 2025 ofgeschloss an ugeholl ginn.
Aktivitéitsbericht
No de Finanzberichter huet de Sekretär vun der Sektioun Esch Giuseppe Di Chio a gewinnt professioneller Manéier den Aktivitéitsbericht vum leschte Joer virgestallt.
Déi lescht uerdentlech Generalversammlung war de 25. Abrëll 2025 am Mess Café zu Reckeng op der Mess. Virun der Summervakanz huet sech den Escher Kommitee nach eemol de 10. Juli 2025 fir eng Kommiteessitzung gesinn an der sech iwwer d’Neiegkeeten ausgetauscht ginn ass. Den 24. Oktober huet sech den Escher Komitee fir hir traditionell Schmaachkommissioun am Restaurant Il Ritrovo zesumme fonnt wou och d’Generalversammlung geplangt ginn ass. An d’Joer 2026 gouf de 26. Januar mat enger Kommiteessitzung gestart.
Donieft waren d’Membere vun der Escher Sektioun och Gäscht bei den Aktivitéite vum SYPROLUX an hunn och Boxemännercher a Knippercher verdeelt a giess.
Déi Escher Sektioun war mat enger Delegatioun um Protestpiquet vum 25 Juni 2025 vun der CGFP vertrueden. De Kommitee besteet weiderhin aus follgende Memberen:
Jérôme Weyrich – President
Pedro Tavares – Vizepresident
Giuseppe Di Chio – Sekretär
Romain Biver – Keesjee
Memberen:
Fernand Heinz; Paul Kettels; Markus Beckmann; Magali Heinz; Venant Theisen; François Duhr; Romain Liber; Edouard Mallinger
E gelongent Ophuele vun der Sektioun Péiteng
No dem Aktivitéitsbericht huet d’SYPROLUXPrésidentin Mylène Bianchy de Membere vun de Sektiounen Esch a Péiteng d’Ophuele vun de Membere vun der Sektioun Péiteng an d’Sektioun Esch proposéiert. Leider konnt fir d’Sektioun Péiteng kee Kommitee méi zesummegestallt ginn sou datt en Ophuelen an d’Sektioun Esch onëmgänglech war. No enger kuerzer Erklärung vun der Presidentin Mylène Bianchy an den Interventioune vun de Memberen huet sech séier erausgestallt datt dëser Fusioun, souwuel vun de Membere vun der Sektioun Esch, wéi och vun de Membere vun der Sektioun Péiteng, näischt am Wee géing stoen a sou konnt d‘Fusioun mat enger Wal ofgestëmmt an ugeholl ginn.
Éierung vun eise Jubilaren
Virun der Éierung vun eise Jubilaren ass mat enger Gedenkminutt un déi verstuerwe Membere vun de Sektioune geduecht ginn.
Éiere konnte mir dëst Joer op eiser Generalversammlung 6 Jubilaren.
Et ware follgend Memberen déi perséinlech op Zolwer komm sinn.
Ivo Carlizzi fir 30 Joer
Romain Lanners fir 40 Joer
Jean-Pierre Lordong fir 40 Joer
Victor Dell‘Angela fir 50 Joer
Jos Klicek fir 50 Joer
Liliane Calzi – 50 Joer
Nom offiziellen Deel huet de Kommitee en Iessen offréiert bei deem sech vill ausgetosch ginn ass.
De Kommitee vun der Sektioun Esch