Generalversammlung der Sektion Esch/Alzette 2019


Rapport vun der Joresversammlung vun der Escher SYPROLUX Sektioun vum 30. Januar 2019.

Ëm 18.15 Auer mécht de Sektiounspresident Christophe Kettels d‘Versammlung op.


Hie begréisst den FCPT President Gries Paul, de beigeuerdnete Sekretär Dumont Fränk, d‘Gläichheetsdelegéiert Isabelle Faber souwéi all déi Memberen vun eiser Sektioun, déi komm sinn.


Duerno dréit de Jérôme Weyrich de Sekretärsbericht amplaz vun eisem verhënnerte Sekretär Sepp Di Chio vir. Eis Sektioun besteet aus 120 Memberen, eng Zuel, déi iwwert d‘ Joren +- konstant bliwwen ass. Eise Komitee besteet aus 13 Leit. Mer haten 4 Komiteessitzungen. Eis Sektioun war um Kongress zu Dummeldeng mat 9 Delegéierte vertrueden. Stierffäll hate mer der 2. Den Albert Gilson, 2 Deeg no senge 95 Joer an de Forman Ernest. Mer konnten awer och den 23. Januar dem Roger Wadlé fir seng 90 Joer felicitéieren. De Roger Wadlé aus haut nach 1 vun eise Keesserevisoren. Mer wënschen him nach fir d‘ Zukunft eng gutt Gesondheet.


De Keessjee Roger Weyrich huet de Bilan vun 2018 virgedron, eng Keess, déi mat engem liichte Minus ofschléisst.


Well mer jo 2019 Sozialwahlen hunn, gëtt de Kettels Christophe gläich d‘Wuert weider un de Gries Paul.


Dee seet dem Komitee vun Esch Merci fir d‘Aarbecht an der Zentral bei der Virbereedung vun de Wahlen 2019. Hie geet och op de gratis ëffentlechen Transport an e.a. d‘Gefor vum Zoumaachen vun eise Schalteren. En hofft, datt mer net nach méi Geeschtergaren op eise Strecke kréien. De Paul wëll, datt de Client nach méi an de Mëttelpunkt gestallt gëtt.


No dem Paul war et um Mylène Bianchy, SYPROLUX Presidentin, fir iwwert d‘ Sozialwahlen, eise Programm ze schwätzen an all eis Kandidaten am Detail virzestellen. D‘Mylène huet och iwwert d‘Konsequenzen vum gratis ëffentlechen Transport geschwaat an iwwert d‘Schwieregkeeten déi op den CFL entstinn.


Duerno ass et mat den Éierungen viru gaangen.


D‘Madamm Meiers-Nussbaum an d‘Madamm RoederSchaaf fir 60 Joer SYPROLUX an de Fernand Heinz fir 40 Joer SYPROLUX.


De Keessjee huet fir seng Aarbecht eng gutt Fläsch kritt.


Als Ofschloss huet de Komitee eng Agape spendéiert, déi d‘Leit sech gutt schmaache gelooss hunn.


Roger WEYRICH

AG-esch2019.jpg

v.L.n.R.: de Roger Weyrich, d‘Mylène Bianchy, de Fernand Heinz, d‘Madame Meiers-Nussbaum,de Christophe Kettels, d‘Madamm Roeder-Schaaf an de Paul Gries