Internationale Fraendag 2017: „Fraen an enger opstriewender Aarbechtswelt: E Planet 50-50 bis 2030“


Och dëst Joer gouf den 08. Mäerz nees weltwäit op Fraereschter an Ongläichheeten zwëschen de Geschlechter higewisen. Aktuell gi nach ëmmer manner Fraen enger bezuelter Arbecht no mä leeschten dofir awer dee gréissten Deel un onbezuelten an informeller Aarbecht. Sief et doheem, an der Famill, bei der Kanner Betreiung oder an der Berufswelt ass et oft d’Fra déi d‘Koordinatioun vum Alldag iwwerhëlt an „Chargen verdeelt“ ënnerhalb vun der Familjengemeinschaft.

Et ass kee Klischee dat Fraen, trotz Vollzaïtbeschäftegung, nach ëmmer méi Zäit mat hire Kanner verbréngen wei d‘Pappen. Enger Studie no verbréngen d’Fraen am Durschnëtt 5,5 Stonnen pro Dag mat de Kanner dat sin 2 Stonnen mei wei d’Männer. Dee gréissten Ënnerschedd mëscht sech bemierkbar an der Altersstuf vu Kanner ënner 7 Joer.

Dofir huet d‘Politik och déi lescht Joren reagéiert an huet ab dem 01.12.2016 de „Congé parental” méi flexibel opgestallt, déi finanziell Entschiedegung opgewäert an en „Ersatz Akommen” ëmgewandelt. Domat gëtt den Congé parental och fir déi Leit mat méi héijem Akommen attraktiv. D‘Ersatz Akommen get op Basis vun den tatsächlech geleeschten Aarbechtsstonnen gerechent. D‘Maximal bzw. Minimal Betrag variéiert jee no Unzuel vun Aarbechtsstonnen.

Béid Elteren Deeler kennen bei Vollzäitbeschäftegung bei engem Patron tëscht 4 Modeller wielen:

Bei Vollzäitbeschäftigung:

• 4 oder 6 Meint

Bei Deelzäitbeschäftegung:

• 8 oder 12 Méint

Fraktionnéiert:
• 1 Dag pro Woch während 20 Méint

• 4 Méint bannent 20 Méint

Wann d’Arbechtszaït tëscht 20 a 40 Stonne/Woch:
• 4 oder 6 Méint Vollzaït Congé parental oder 8 oder 12 Méint Deelzaït.

Wann d’Arbechszäit tëscht 10 an 20 Stonne pro Woch leit:
• 4 oder 6 Meint

Während der Stagezaït:

• 4 oder 6 Méint

Een Elterendeel muss den 1. Congé parental uschléissend un de „Congé Maternité/Congé d’Acceuil” huelen ausser bei Allengerzéiender.

Den 2. „Congé parental” däerf bis zum 6. Liewensjoer vum Kand geholl ginn (bei Adoptioun bis 12 Joer).

Et ass och méiglech als Elteren zur gläicher Zäit vum Congé Parental ze profitéieren.

D’Situatioun zu Lëtzebuerg:

D‘Situatioun um lëtzebuerger Aarbechtsmaart weist dat ëmmer méi Fraen enger bezueltener Aarbecht no ginn aktuell 40,5%. An de Verwaltungsréit sinn Fraen nach ëmmer an der Minoritéit, nëmmen 23% vun hinnen bekleeden sou ee Posten zu Lëtzebuerg.

Am Privatsektor ass et sou dat Fraen durschnëttlech 8,6 % manner Gehalt bezeien wie hir männlech Kollegen.

Situatioun bei der CFL:

D’CFL Mammenhaus zielt aktuell eng ronn 3260 Beschäfteger, dovun sin 2807 (86.10%) männlech an 453 (13.90%) weiblech.

3065 si vollzeit beschäftegt an 181 schaffen reduzéiert Arbechtszäiten.

Et sin aktuell 5 Fraen am „Mammecongé” an 32 profitéiren vum Congé parental.

D’Bilanz vun den villen Moossnamen déi an de letzte Joeren ëmgesat goufen fir d‘Situatioun vun der Fra an der Gesellschaft ze verbesseren wei zb: d‘Schaafen vu Gesetzestexter mat Sanktiounen géint haislech Gewalt, der Reform vum Schwangerschaftsofbroch, dem Bestiednis vun gläichgeschlechtlechen Koppelen, d’Aféierung vu Quoten bei den National an Europawalen ass gréisstendeels positiv wann ee bedenkt d‘Verpflichtung zur Gläichstellung vun de Gehälter bei deenen 2 Geschlechter réischt virun 50 Joer a Kraaft getrueden ass!

Mä trotz allen Flexibiliteitsmodellen an Reformen huet d’Fuerderung no méi Fraen um Aarbechtsmaart ee fade Beigeschmach: nämlech deen vum liberalen Feminismus deen sech ganz dem Neoliberalismus verpflicht. Wann d’Wirtschaft verlaangt dat Fraen bis zu Pensiounsuntrëtt sollen cotiséiren, huet des Fuerderung näischt mam Wonsch vun der Gläichstellung vun der Fra an der Aarbechtswelt ze dinn mä baséiert op Profitmaximéierung an dem Striewen no Wirschaftswuesstem.

D’Aarbechtswelt huet sech an de leschte Joren brutaliséiert, d’Idealbild vun Fra a Mamm als Vollzäitbeschäftegt a Familjemanagerin huet gewisen dat Zuel vun gesondheetleche Problemer bei Fraen mat Duebelbelaaschtung gravéierend zougeholl huet: Burn Out, psychesch an physesch Erschöpfung, Depressiounen a vill aner mental Leiden bis hin zu Krankheeten bedengt duerch Mobbing dominéieren den Familjen- an Berufsalldag vun ville Fraen.

D‘Fleeg an d’Obhut vu kranke Kanner oder Familljememberen fällt meeschtens zu Laaschten vun de Fraen. Si huelen Congé oder schaffen just Deelzäit bzw. froen eng onentgeldlech Auszaït bei hirem Patron fir sech em d‘Kanner oder pflegebedürfteg Familljememberen ze këmmeren. Dest féiert dozou dat hinnen herno Cotisatiounsbeträg a Joeren bei Pensiounsuntrëtt feelen.

Missten net Fraen a Männer gläichzäiteg vun dësem idealiséierten a karrierorientéierten Denken eweg kommen a sech souwuel an der Kannerbetréiung, wei och am Haushalt zum gläichen Deel engagéieren? Doduerch dat Männer ëmmer nach Vollzäit schaffen verstäerken si des Ongläichheet vun der Roll vun der Fra am Beruff- an am Familjeliewen.

Zerstéiert den Draam vun der beruflescher Karriere d’Bedürfnisser no Empathie a Secherheet am Familjenliewen?

Vill Fraen sinn tëscht 40 a 50 Joer desillusiounéiert, hunn dat Gefill beruflech an familjentechnesch versot ze hunn. Den Drock an der Aarbechtswelt, d‘Fuerderung no méi Flexibilitéit an permanter Verfügbarkeet loossen sie dann erkennen wéivill perséinlech Ofstrécher sie a punkto Liewensqualitéit geopfert hunn.

Gesellschaft fuerdert zwar permanent Kannerwuestum mä Fakt ass dat des Aufgab vun 2 Persounen alleng praktesch net ze bewältegen ass.

Wat wär eng reell Entlaaschtung fir Fraen an eiser Gesellschaft? Wat wär dann d’Alternativléisung? Schaafen vun Mehrgenerationunshäiser?

Oft kennt d‘Gefill op dat Politik „Vereenbarkeet vun Beruff a Famill” just als ee Schlagwuert benotzt fir sech no baussen aktiv an dëser Roll kennen ze verkafen. Mä d‘Realitéit ass oft eng aner: D’Öffnungszeiten vun de Crèchen passen net op d’Arbechtszäiten vun de Fraen, déi frei Platzen sinn limitéiert an ouni festen Zäitplang muss een kräfteg an Täsch gräifen wat de Bezuel Modus ubelaangt. Ausserdem ass der erwerbstäteger Fra net genug gehollef, sie muss awer Kanner an d‘Schoul oder Opfaangstruktur bréngen, ofhuelen, akafen, kachen, den Haushalt maachen, Congé froen wann Kanner krank sinn ... dee ganzen Management bléift gréisstendeels zur Laascht vun der Fra.

Leit Léisung an der Liewensféirung vun de 70er Joeren?

D‘Alternativ zu de Crèchen, Maison de Relais, Jugendhäiser an diversen Opfaangstrukturen fir Kanner a Jugendlecher wär zréck op de Wee vum Liewen an de Kommunen; d‘Liewen vu méi Generatiounen ënnert engem Dach sougenannten Mehrgeneratiounshäiser.

Kannerbertreiung an Seniorenbetréiung ënnert engem Dach: Haushalt, Familjenarbecht a Fräizäitgestaltung kéint sou op méi Persounen verdeelt ginn, Erfahrungsaustausch ënner de Generatiounen ...

Laangfristeg gesinn muss een Ëmdenken vun der aktueller Liewensform bewierkt ginn. Ziel soll eng alldeeglech geliewten Familjenkultur vum Deelen ginn: Beruffsliewen engersäits an Kanner bzw. Seniorenbetreiung anerseits.

Dëst wär e grousse Schrëtt a punkto Gläichberechtegung an Entlaaschtung vun der Fra am Beruff an am Familjenmanagment.

Kannererzéiung ass déi wäertvollst Tätegkeet déi an eiser Gesellschaft iwwerhaapt geleescht gëtt.

Fir des Roll nees an „d’Groussfamill” zréckzeféieren an des Liewensform vu Kanner an Senioren Betreiung ënnert een Deckmantel ze kréien wäert eng vun de gréissten politeschen Erausfuerderungen an de kommende Jore ginn.

Tania PESCH