Internationalen Fraendag 2018: Fraen un d’Muecht-per Gesetz ???


1918-2018 

100 Joer Fraewahlrecht: «Votez égalité» dës Campagne gouf virun de Kommunalwahlen am Fréijoer 2017 an d’Liewe geruff fir dat Fraen sech zukünfteg méi an der Politik sollen engagéieren an de Prozentsätz vu weibleche Kandidaten op de Wahllëschten sech soll steigeren.

Laut Bericht vun der interparlamentarescher Unioun ass de Prozentsätz vun de Fraen an der Politik weltwäit an de letzte Jore rasant geklomm.

Zu Lëtzebuerg sinn 28% Fraen an der Chamber vertrueden d.h. vun den 60 Deputéiert sinn 17 Fraen.

Jonk, dynamesch a gutt ausgebilt Fraen zitt et zounehmend an Chamber.

Mä wei positionéiert Lëtzebuerg sech am weltwäiten Verglach ?

Vun 193 Staaten weltwäit fënnt een ënnert den Top 5


1.Ruanda56 %


2.Bolivien53,1 %


3.Kuba48,9 %


4.Island47,6 %


5.Nicaragua45,7 %:

 

Schweden a Finnland sinn déi eenzeg EU Staaten wou ënnert den Top 10 leien.

Lëtzebuerg leit op Platz 52 knapp hannert dem Süd Sudan !

Am Verglach mat den EU Memberlänner leit Lëtzebuerg am Mëttelfeld.

13 Länner , wei Frankräich mat enger Fraequote vun 38,8%, Belsch 38% an Däitschland 37% positionéieren sech viru Lëtzebuerg mat enger Fraequote vun 28%.

Des Zuele beweisen dat et zu Lëtzebuerg «  Nohuelbedarf » gëtt. Mä wei ee Wee ass dee richtege fir engersäits motivéiert, kompetent an dynamesch Fraen ze motivéieren sech politesch ze engagéieren ? Mat der Aféierung vun enger obligatorescher Fraequote fir déi politesch Parteien ?

De Gesetzesprojet vun 2016 deen eng Fraequote vu minimum 40% op de Wahllëschte virschreift gouf vum Staatsrot nach net integral fir Chamberwahle virschreiwt op hire Wahllëschten ze presentéiere fir sou béid Geschlechter vertrueden ze hunn. Bei den Europawahle leit Fraequote bei 50%.

Ass déi gesetzlech gereegelt Fraequoten déi eenzeg Moossnam fir paritär Verhältnisser op de Wallëschten ze bewierken ?

Geet Reegelung fir eng d’Fraequote vu Minimum 40% weit genuch misst et 50/50 sinn ???

Politesch Gruppéierunge wou sech net un des Reegelung hale solle sanktionéiert ginn andeems si manner finanziell staatlech Zouschëss iwwert Parteifinanzéierungsgesetz kréien.

Presentéiert eng Partei eng Lescht mat manner wei 30% Kandidate vun engem Geschlecht fir Chamberwahle kritt sie just ¼ vu staatlechen Zouschëss.

Fir déi politesch Parteien awer net ze vill ënner Drock ze setze gelt des Reegelung nach net integral fir Chamberwalen am Hierscht 2018.

Regierung huet ambitiéis Pläng fir d’Fraequot an der Politik an an der Privatwirtschaft ze erhéijen. Eng speziell Datebank mat iwwer 400 Frae soll weisen dat et a Lëtzebuerg net un qualifizéiert a motivéiert Frae feelt déi bereet si führend Ämter ze bekleeden a Verantwortung ze iwwerhuelen.

Déi staatlech an ëffentlech Ariichtungen hunn sech fir 2019 zum Ziel gesat 40% vun de Posten an den Opsiichtsrot mat Fraen ze besetzen.

Zudeem solle verstäerkt Campagnë lancéiert gi fir Fraen ze motivéieren sech fir Spëtze Posten ze bewerben.

Mä ass Muecht a Geld Motivatioun genuch fir dat Frae solch verantwortungsvoll a virun allem zäitintensiv Poste wëlle bekleeden ?

Si Fraen awer net nach ze staark vun hirer historesch gewuessener klassescher Frae Roll an hirem Mammen Instinkt gepräägt ?

Geet finanziell Onofhängegkeet, berufflech Führungspositiounen, an Etikett duer fir Fraen an d ‘Politik an op Führungsposten ze verflichten oder misst vill méi eis « Zéit Kultur « , d ‘Identitéit a Kultur vun eiser globaliséierter a profitorientéierter Gesellschaft reforméiert ginn ?

Reegelméisseg gëtt vun de Medien an der Politik alternativ Aarbechtsmodellen a Konzepter thematiséiert an héichgepriese fir dann nees am Tirang ze verschwannen.

Favoriséiert Deelzäitaarbecht an de Betriber, Laangzäitaarbechtskonte mat flexibel asetzbaren Iwwerstonnen, Jobsharing (Jobtandem), verstäerkt Méiglechkeet vun Home Office Arbecht ……weg vum traditionelle Strukturen nom “Uwesenheetsprinzip” dh nëmme Personal wat minimum 8 Stonnen am Büro setzt schafft produktiv a rational … !

Zu Lëtzebuerg ass déi gesetzlech gereegelt Fraequote reegelméisseg ee brisant Thema an der Politik, an de Medien an am Alldag vun de Fraen!

Zu Lëtzebuerg gëtt bis dato just Fraequoten an der Politik gesetzlech gereegelt a finanziell sanktionéiert.

Op der Aarbechtsplaz an am Alldag ass d’Fraequote “Selbstverwierklechung”.....wär dëse Modell vu finanzielle Sanktiounen net och op Besetzung vu Führungsposten an ëffentlech Ariichtungen a Betriber mat staatlecher Bedeelegung uwennbar ?

 (Quelle : Wort/Zeit online)

Tania Pesch