Entrevue beim Direkter vun der EF an dem Chef de Service BU, den 03. November 2021


Vill vun Iech kennen sech nach un di méi ewéi ugespaante Situatioun 2015 am Bus erënneren, wou et ënnert dem Lead vum SYPROLUX zu engem Protestpiquet koum, well mer bei eiser Hierarchie kee Gehéier fonnt hunn an dëst besonnesch a punkto Pausereegelung.

Abee, 2021 ass d’Lag am Busbetrib och nees net roseg. E groussen Undeel vun eise Kolleeginnen a Kolleege lafen op der Felg a kréie bei hiren Tier knapps de Fouss op de Buedem. Ëfters ginn Tier gewiesselt, an de Roulements’en gëtt op de leschte Stëppel gefummelt, vun Anhalen vu Pausen dachs guer net ze schwätzen. An di unhalend Pandemie gëtt esou munch engem de Rescht, esou dass bei ville vun eise Kolleeginnen a Kolleegen d’Zündschnouer zimmlech kuerz ass.

Als SYPROLUX hunn mer duerfir entscheet, eng Entrevue beim EF-Direkter Marc Hoffmann unzefroe fir eis Doleancen ervir ze bréngen a fir no Léisungen bzw Léisungsusätz ze sichen. D’Diskussioun huet sech ënnert aanerem ëm 4 Haaptpunkte gedréint. Dës goufen vum EF-Direkter Marc Hoffmann perséinlech um Enn vun eiser Entrevue resuméiert.

1. Effektiv

Et ass fir eis als Sozialpartner net ze verstoen, dass am Busbetrib lafend Leit agestallt ginn, an d’Personaldecken trotzdeem nach ëmmer ze kuerz ass. Mat der Ausso vum Chef de Service BU, dass am Betrib eng 4 inapte Agente wären an eng Rei Laangzäitkranker, hu mer eis als SYPROLUX net zefridde ginn.

D’Obregkeet vum BU soll en detailléierte Personalbestand opstellen, dat no Filière, no Graden, no Affektatioun, no Beschäftegungsgrad: e sougenannten Ist-Zoustand vum Betrib. Nëmmen Opgrond vun engem kloren Ist-Zoustand kann ee verlässlech Previsiounen opstelle fir di kommend Jore wat de Besoin un Personal vun engem Service ass.

2. Agent de réserve - Poste de Commande/CEB

Beim Reservepersonal fir de PC gëtt eng Analyse gemaach, zu wéi vill Prozent di eenzel Mataarbechter als Chauffeur agesat gi bzw um PC agedeelt sinn. Op Grond vun esou enger Analyse kéint dann di eng oder aner Plaz an de Roulements’en fräi ginn. Dee betreffenden Agent géing dann aus dem “personnel roulant” erausgeholl ginn an zum “personnel sédentaire“ zielen. Am Fall wou esou en Agent nees ganz wéilt an d’Conduite goen, misst hien dee Moment just ofwaarden, dass sengem Rang entspriechend eng Plaz am Roulement fräi gett.

3. Telematik

A punkto Telematik hunn mer ët engersäits mam Disponent vum Material ze dinn. Deem säi Posten ass 7/24 besat, deemno e klasseschen “Tiercé-Posten”. Den Disponent vum Personal schafft vu Méindeg bis Freides op 2 Schichten, deemno ass dat e “poste binaire”. Op der Eisebunn kenne mer di 2 Regimmer och an anere Servicer. Duerfir ass ët fir eis als SYPROLUX onverständlech, dass dës Leit keen Tableau de Service hunn mat enger eegener Reserve. Aus deem Grond huet den Direkter Hoffmann entscheet, dass dëse Punkt muss analyséiert ginn.

4. Ausgeglachen Journées’en

Aktuell sinn einfach zevill Journées’en ongläichméisseg an net gerecht opgedeelt. Deen een Agent schléit d’Rad, deen anere kritt knapps eng Koppel ze fueren. Hei soll d’BU-Obregkeet analyséieren, op den Disponent déi quasi iwwerfëllte Schichten kann entlaaschten, bzw sollen d’Disponenten och drop sensibiliséiert ginn, esou vill ewéi méiglech Zenarien duerchzekucken, éier sie eng final Entscheedung fir d’Journée treffen.

5. Workshop mat Fokus op de Schablounen

Als SYPROLUX krute mer och zougestanen, dass deemnächst nees Workshopen organiséiert gi mat de Personalvertrieder. An den éischte Fokus wär dann fir d’Schichtdauer vun plazeweis 12 Stonnen am “Langzeitdienstplan” nees op mannst op di initial 10 Stonnen ze reduzéieren.

Fir den Direkter Hoffmann ze zitéieren: «12 Stonnen erschéngt mer vill. Ech hat och 10 Stonnen am Kapp!»

Fazit:

Obwuel eis Personalvertrieder, Daniel Schildgen an Marc Becker villes vun der Long op Zong gesot hunn, war et e konstruktivt Gespréich. Mee eist gréissten Uleies als SYPROLUX-Personalvertriedung war et an dësem Gespréich emol och engem Ressort-Direkter matzedeelen, wéi verschidde Situatioune vun de Leit opgeholl bzw empfonnt ginn. A mer vertrauen als SYPROLUX drop, dass dës Punkten, déi kloer vum EF-Direkter zesummengefasst goufen, vun der BU-Obregkeet verstanen an och esou ëmgesat ginn.

Fir de SYPROLUX

Daniel SCHILDGEN, Marc BECKER

 

Um Ënn nach eng kleng Remark:

Esou muncher ee vum BU-Middlemanagement war an der Formatioun “Leadership”. Ech selwer hunn och un dëser deel geholl. Dat Wichtegst wat ech aus déier Formatioun matgeholl hunn ass, dass “Leadership” bedeit: Sengem Vis-à-vis op Aenhéicht a mat Respekt ze begéinen an dat zu all Moment. Virun allem soll een sech als Responsablen an engem Service net dorop verloossen, dass ee vill nei Mataarbechter huet, déi sech oft net trauen, op Mëssstänn opmierksam ze maachen. Des Weidere kennt et ganz schlecht un, bei der Gewerkschaftspresidentin, wann ee versicht de Personaldelegéierten, un d’Häerz ze leeën, verschidde Punkte besser net unzeschwätzen. An gewësse Fäll kéint engem dat emol als Aschüchterungsversuch duergeluecht ginn. An do wëlle mer jo bestëmmt net hin.

Mylène BIANCHY