Generalversammlung vun der Syprolux Sektioun Ettelbréck


 

Eng 50 Leit haten sech um 18:00 Auer zu Warken am „Café Kaell“ afonnt fir Aktuelles aus der Gewerkschaft a Polit-Welt sowéi Informatiounen iwwer laafend CFL- Projeten ze kréien.

De President vun der Sektioun konnt aus gesondheetleche Grënn net deelhuelen, sou dat Sekretärin Tania Pesch den Oflaaf vum Owend organiséiert huet.

De Nord Deputéierten Marco Schanck huet iwwer déi demographesch Entwécklung vun eisem Land referéiert a bedauert dat bis dato keen Ausbau vun der Nordstreck geplangt wär. Obwuel am Hibléck op déi vill Verspéidungen an Ausfäll vun den Zich, bedéngt duerch technesch bzw. Infrastruktur Problemer dëst dréngend noutwenneg wär fir déi 2-Gleisegkeet op der Nordstreck ze realiséieren.

Benotzer vun ëffentlechen Transportmëttel haten héich Erwaardungen an de neien Fahrplan 2017/2018 gestallt. Mä am Endeffekt huet just ee klengen Deel vun hinnen konnten vu reellen Verbesserungen profitéieren an zwar déi Leit wou aus dem Norden kommen an als Ziel de Kirchberg hunn. De neien Arrêt Pafendall an de Funiculaire erméiglechen hinnen een Zäitgewann vun méi wei 20 Minutten pro Trajet.

Mä leider ginn et och eng etlech Leit déi dës Relatioun net notzen, si mussen sech ab dem lëschten Dezember neien Fahrzäiten an Streckenopdeeleungen upassen. Transversal Linnen déi schonns 1998 fir vill Duercherneen an Onstëmmegkeeten gesuergt haten, bréngen fir déi mëscht Benotzer keng wierklech Verbesserung an hiren alldeeglechen Déplacementer.

De Marco Schank huet dofir een Appel un CFL an Politik- Verantwortlech geriicht, dat de Client a Punkto Pénktlechkeet am Zuch a Bus Trafik net kann op 2023 vertréischt ginn, mä si wëllen ELO ee verlässlechen Fahrplan sowéi proppert Fahrmaterial wat och zu Stousszäiten genug Platz r all Reesender bidd.

Begréissenswäert ass dat d’CFL 5,5 Milliounen Euro an d’Zuchstreck Ettelbréck-Dikkrich wëll investéieren. Eng néi Eisebunnsbréck get iwwert d‘Sauer gebaut. Mat méi wéi 20.000 Ge erer pro Dag, Tendenz steigend staut et net just zu den Haaptstousszäiten! Ponts et Chaussées wëll parallel zur Zuchstreck en eegenen Buskorridor op enger Längt vun 1,2 km bauen.

Mir als SYPROLUX fuerderen nach ëmmer 2 zousätzlech Halten op der Zuchstreck Ettelbréck-Dikkrich, een beim Cactus an een bei der Zone Industrielle Walebroch. Laangftisteg gesinn d’Wéiderféirung vun der Streck op Gilsdorf bei de Schoulkomplex a nees d‘a Betriebhuelen vun der bestehender Streck Ettelbréck- Colmar/Berg-Bissen.

D‘Mylène Bianchy, SYPROLUX-Presidentin ass kuerz op d’Agressiounen am ëffentlechen Transport agaang. De rezenten Zuelen vun der Press no, sinn dës an d’Luucht gaangen. De SYPROLUX fuerdert schonns séit laangem eng Unitéit bei der Police, déi Sécherheet am ëffentlechen Transport garantéiere soll.

D‘Mylène ass dono kuerz op Situatioun am FRET agaang an huet vu Problemer an der CFL Cargo bericht. Déi spigelen sech am finanzielle Beräich erëm, dëst ass bedengt duerch d‘Ëmrüstung vum Fahrmaterial op ETCS, de Bau vun engem neien Atelier, Streckesperrungen, Streikbewegungen op de Nopesch Réseau‘en ...)

De Jean-Paul Schmitz, huet eis déi grouss Infrastrukturprojet‘en fir d‘Joeren 2018-2023 virgestallt. Dës gesinn eng Modernisatioun een Ausbau a Neibauten vun den CFL- Infrastrukturen um ganze Réseau vir.

Den FCPT-President Paul Gries ass nach emol opt Vir an- Nodeeler vun der neier “Fahrplanoptimisierung” seit Dezember 2017 agaangen. Trotz de verbesserten Informatiounssystemer Aramis, Auris an d‘eropsetzen vun Zäit Pufferen op deenen verschidden Zuch-Linnen kennt et dach zu massiven a regelméissegen Verspéidungen. Wat net grad zur Zefriddenheet vun de Benotzer vum ëffentlechen Transportmëttel féiert.

Dëst kennen Présentatiounen wéi de CORE2 vun der Direktion an d‘After-Work-Eventer och net wett maachen. Wëll d’Auswirkungen vun der Gehälterreform bei der haaptsächlech déi ënnescht Carrièren finanziell Aboussen hu missten astiechen an dei zum Deel ongerecht an net Posten orientéiert Verdeelung vun den Punkten r „d‘Postes à responsabilité particulière“, d‘Onstëmmegkeeten beim Ausbezuelen vun geleeschten Iwwerstonnen “Majoration” an verschiddene Servicer leien den CFL- Mataarbechter nach schwéier um Mo a sinn och fir eis als SYPROLUX nach net “giess a verdaut”!

Uschléissend stoungen de Keesebericht souwéi den Aktivitéitsbericht op der Dagesuerdnung. De Keessier Änder Bertemes konnt seng Bilanz mat engem gesonden Iwwerschoss ofschléissen a krut d’Entlaschtung vun den Keesserevisoren.

Dem Aktivitéitsbericht vun der Sekretärin konnt een enthuelen dat et ëmmer méi schwéier gëtt Aus ich ze organiséieren wou all Goût trëfft an all Zéit Schema vun de Memberen passt.

Op Nationalfeierdag hunn déi 2 Sektiounen Ettelbréck a Norden een Trëppeltour an der Emgéigend vun Ettelbréck op den Ditgeshaff organiséiert an do den Natur a Léierpad vum Cactus besicht.

Am Dezember haten déi 2 Sektiounen hir Memberen op Köln op de Chrëschtmaart invitéiert.

Uschléissend goufen déi austriedend an nei wählbar Memberen fir eng weider Period bestätegt an et gouf och e neie Member opgeholl:

den Erny Winandy, Buschauffer um Poste isolé Ettelbréck.

 

 

 

 

Duerno goufen eis Membere geéiert: 

Fir 15 Joer: M. Schirtz Jean-Marie

Fir 50 Joer: M. Thies Fred

Fir 50 Joer: Mme Graff Liliane

Fir 60 Joer: Mme Juncker Madeleine

Fir 60 Joer: M. Gilson Charel

Fir 60 Joer: M. Gricius Willy

Entschëllegt waren d‘Madame Anne Heusbourg (50 Joer) an den Här Jean Schmit (60 Joer)

Bei der fréier Aussprooch konnten d’Memberen hier Doléancen a Froen virbréngen déi vun der SYPROLUX- Leedung beäntwert an diskutéiert goufen.

Den Owend gouf mat engem gudden Iessen an der Verlousung vun der traditioneller Tombola, déi d’Komiteesmemberen an SYPROLUX- Sympathisanten alljährlech stëften, ofgeschloss.

Tania PESCH