sypronews am BU - 26. Juli 2021


Info betreffend d’ I.S.40 (Congé de récréation)

Kolleeginnen, Kolleegen

betreffend d’I.S.40 deelen mer Iech folgend Ännerungen/Verbesserungen mat:

1. Joker (Congé par bulletin spécial)

Vum nächsten Exercice 2022 un, geet d‘Zuel vun 8 op 10 Jokeren pro Agent pro Joer erop. Den Delai fir sech anzeschreiwen gëtt an enger éischter Testphase vun 2 op 3 Méint erop gesat.

2. Schwaarzt Buch (congé non inscrit au plan de congé/congé noir)

Vum Oktober 2021 un gëtt an enger Testphase den Delai fir sech anzeschreiwen vun 1 Mount op 2 Méint eropgesat. Wann sech déi Ännerungen no der Testphase als gutt erweisen, kennt dann och nach 1 Creneau am schwaarze Buch an och bei den Jokeren bäi pro Dag (sécher fräi). Dat bedeit, mer hätten dann bei den Jokeren déi éischt 6, an am schwaarze Buch déi éischt 2 Agents‘en garantéiert fräi.

3. Roude Congé (congé de récréation)

Do ginn am Grupp SecoursRail d’Creneauen esouwuel am Scol ewéi am Vac em 1 eropgesat, d.h. 4 Creneauen am Vac an 3 am Scol.

Lëtzebuerg, am Juli 2021

Dan Schildgen