Aktivitéitsbericht vun der SYPROLUX-BU-Kommissioun


Kolleeginnen, Kolleegen

Wéi mer alleguerte wëssen, war d‘Joer 2020 fir kee vun eis en einfacht. Vun engem Moment op deen anere war alles anescht an eisem Privat- ewéi och an eisem Aarbechtsliewen. Keen vun eis konnt sech virstellen, datt esou e klenge Virus eis d’Fäerte géing léieren an eis an eisem Alldag esou géing aschränken ouni ze wëssen ewéi laang dëst géing unhalen.

Wat de Busbetrib ubelaangt, hunn mer awer zu kengem Moment opgehale mat schaffen. – Nee! – ganz féx huet et geheescht, mer als Gummibunn wäre „systemrelevant“. Den Transport vun de Leit misst oprecht erhale ginn. An esou stounge mer als Buschauffer mat un der Front a waren dem Virus ausgesat. Hei sief och ernimmt, dass mer als SYPROLUX schonn am Virfeld vum Lockdown bei der CFL-Direktioun intervenéiert sinn, fir dass an de CFLBusse solle schnellstméiglech Ofspärungen installéiert gi fir de Chauffer alt e bëssi ofzeschiermen.

A wa mer och am Ufank vum Confinement applaudéiert kruten, hunn mer awer am Laf vun de Wochen a Méint misste feststellen, dass de COVID-19 nawell dacks als Virwand gebraucht ginn ass fir geplangte Saachen op d’laang Bänk ze drécke bzw. direkt z’annuléieren. Dee klénge Virus ass e bemol vun eiser Obregkeet als Dauervirwand an d’Feld gefouert ginn.

Als Gewerkschaft hu mer missen eis Aarbecht deelweis nei erfannen. Mer hunn eis mat neien digitale Mëttel missen aushëllefe fir mat de Leit um Terrain ze kommunizéieren, dëst zu Laaschte vum direkte Kontakt. Et huet geheescht, an heescht deelweis 14 Méint nom Ufank vun der Pandemie nach ëmmer, Distanz halen.

Als SYPROLUX hunn mer awer versicht eis Gewerkschaftsaarbecht no beschtem Wëssen a Gewëssem ze maachen. Hei ernimme mer duerfir e puer Punkten an chronologescher Suite:

1.- Reuniounen vun eiser SYPROLUX-BU-Kommissioun:

• den 17.Februar,

• den 19. August

• den 11.Dezember.

2.- Reuniounen beim Chef de Service vum CFL-Busdéngscht:

• den 16.Juni (amplaz den 17.Mäerz),

• den 22.September a fir

• den 07.Dezember. Zu dëse Sitzunge sinn och all Kéiers Rapport’en geschriwwen a publizéiert ginn.

Et sief ernimmt, dass mer als SYPROLUX eng Partie Punkten am Joer 2020 konnten ëmsetzen. Esou hu mer erreecht, dass de Roude Congé an zwou gläich laang Perioden opgedeelt gouw mat enger 4. Aschreiwungsphase, wat eng Verbesserung fir d’Reservisten duerstellt. Des Weideren ass et eis gelongen d’Unzuel vun de Congés Creneau’en erop ze setzen. An via eis Joker kenne elo pro Dag 6 Fräistellungen garantéiert ginn.

Bei de Roulement’en konnten am EN2 a punkto Dagesschichten och Verbesserungen duerchgesat ginn. Par Conter, wat d’Schablounen ubelaangt, krut d’Personaldelegatioun bis dato keng Satisfaktioun. Als SYPROLUX bleiwe mer bei eiser Meenung, dass de Busbetrib op alle Fall muss d’Dauer vun hiren Creneau’en an den Schablounen zeréckschrauwen, esou wéi dat den 11. Februar 2019 festgehale gouf.

Desweideren hunn den Dan Schildgen an de Marc Becker vill Zäit an Energie investéiert, fir punktuell a strukturell Problemer am direkten Echange mat der Obregkeet ze léisen, wéi z.B. eng Partie Inkoherenzen am Kontext mat den ordonéierte Covid-Mesuren vun der Eisebunn an der Applikatioun dovun an eisem Service. En plus, mussen ee leider ëmmer erëm feststellen, dass vun dem een oder aneren "Chef" de CFL-Personalstatut bzw. eis Aarbechtskonditioune sollen "ad absurdum" gefouert ginn. Esou huet missen d’Délégation Centrale op e Neits festhalen, wéi mat engem Feierdag verfuer gëtt, deen en Agent am Krankheetsfall net konnt eran huelen. A weider ass fir eis als SYPROLUX nach ëmmer kloer, dass d’Reegelwierk vum OG3 a punkto Krittäre fir kennen op e “poste à responsabilité” ze kommen och fir de Service BU zielen, besonnesch wann et och nach em esou en verantwortungsvolle Posten, ewéi deem vun engem Coach geet. An dësem Kontext ginn nach Gespréicher am Kader vum "Comité de réglementation RH” gefouert.

Um Ënn bleift ze soen, dass den Dan Schildgen an de Marc Becker och weider wäerten no beschtem Wëssen a Gewësse schaffen, fir d' Interessie vun de Kolleeginnen a Kolleegen am BU ze vertrieden an ze verdeedegen!

Vive de SYPROLUX!