Bemierkungen aus dem Norden


De Client am Mëttelpunkt

Laut der Stratégie van der CFL soll de Client am Mettelpunkt ston. Wéi dat an der Theorie soll ausgesinn kreie mer an flotte Videoen, mat Flyeren an e-mail’en erklärt. D‘Praxis geseit fir de Client ewer leider anechter aus, op d’manst op der Nordstreck.

Wann dann teschent dene ville Späerpausen en Zug soll fahren, dann as dat regelméisseg mat Verspeidungen, Suppressioun an och mat reduzeierten Zugkapaziteite verbonnen.

De gréisste Problem leit hei bei den internationalen Verbindungen aus Richtung Léck. Seit dem September sen gréisser Verspéidungen op der Tagesordnung. D’Zig komme mat grousser Verspeidung aus Richtung Léck an doduerch giän et natierlich o rem Verspéidungen bei den Départen zu Letzebuerg. Dat zéit sech wei e roude Fuedem iwer de ganzen Dag. Engt 2.Gleis teschent Ettelbreck an Elwen geif den oft genannten Dominoefekt secher reduzeiren.

Den eichten Dag nodem dat dei ganz Nordstreck eng ganz Woch an der Allerhelljevakanz gespart wor as zum Beispill de ganzen Dag ken Zug teschent Léck a Letzebuerg gefahr an d’CFL krut et nit fiärdig Ersatzzig anzesetzen teschent Letzebuerg an Elwen. Den Dag doerno gung et mat grousse Verspéideungen firan.

Regelmeisseg komme Schüler doduerch ze spéit an d’Schoul an aner Client’en ze spéit op d’Aarbicht. Vill Client’en ha mer well doduerch verlueren well se déi Verspéidunge van hierem Congé afgerechent kréien an do rop keng Lost mei han. D’Schüler kreie mer sou o nit motiveiert an Zukunft wann se eng Kéier schaffe ginn viran den öffentlichen Transport ze notzen.

Niéwent de Verspéidungen wou de Client dann op de Garen op nit iwerdeckte Quai’en am Reen an an der Käält steht, get hen dann an engem Zug mat reduzéierter Kapazitéiten van 50% (1 Motrice am Platz van 2) rem opgewiermt. Do as nit nemmen de Client ze bedauren, mä och de Kolleg Zugführer. E méiglechst groussen Afstand halen wéinst Corona kann en da vergeessen. Bei nit artgerechten Déirentransporter schalt den Déiereschutz sich op d’manst an, an hei?

Op Nofro hen kret de Client dann erklärt, dat de Problem om Noopegréseau respectif bei der SNCB wier, an dat d’CFL do neicht kent man.

De Client steht schlussendlech am Mettelpunkt an engem grousse schwarze Lach.

Marc ZEIMES Sektioun NORDEN/ETTELBRÉCK


De roude Fuedem

Aktuell get jo de roude Fuedem durch de Groupe CFL gespannt. Hei kréien mir alleguerten erklärt, dat Stratégie vun der CFL wir, eis Clienten di Offert ze bidden, di se verdengt hät. Schéin dat mir dat no 75 Joer endlich gesot kréien. Berouegend ass ewer, dat di meescht dest well virdrun wossten.

CFL wollt dëse roude Fuedem ewer o direkt dem Client weisen, an huet an der Allerhellegen Vakanz e roude Fuedem van Elwen bis Letzebuerg gespannt. Eng roud Linn bedeit hei, Streck wor komplett gespart. Vir dem Client ze weisen dat CFL vill Zait vir si aplangt, gouf en Bus-Service offreiert den eise Client an entspannten 120 Minuten vun Elwen bis op Letzebuerg brengt. An desen 2 Stonnen inclus waren net nemmen eng Busfahrt, mee zwou. No 70 Minuten, wou en Landschaft am Éisleck konnt genéissen, ass en zu Ettelbreck geland, wou en no enger kurzer Visite vum Chantier vun der Gare en sech vir weider 44 Minuten an de Bus vir op Letzebuerg konnt setzen. Net emmer ass desen direkten Bus gefuer, an Fahrt hat sech em weider 7 Minuten verlängert, well en de Chantier zu Miersch och wollt weisen.

An ech hoffen an wenschen, et ass keen opt Idi kommen, van Kautebach op Léck ze fueren. Laut CFL App 5 Stonnen…

Ech hoffen et mierkt en eng gewëssen Ironie an desen Zeilen. Am Fong ass et eng Frechhet esou e Service Client unzebiden. Ze bedauren sen di Léit, di sech hei an der éischter Reih remfond hun, an dem Client Ried an Äntwert mussten gien. An am meschten ze bedaueren ass de Client selwer, den jo am Mettelpunkt vun der Stratégie steht. Mat enger gudder Offert di se verdengt hätten.

André DHUR