Bréif vun der Sektion Norden


Här Deputéierten,
Madamm Buergermeeschter,


Als reegelméissengen Klient vun der Bunn, fille ech mech elo schonn zanter e puer Joer vun eisem Transportsystem bedrunn.
Ech sinn an d’Gemeng Buerschent geplënnert wou den Zuch nach all 30 Minutten op der Giewelsmillen an zu Méchela gehalen huet.
Leider ass dëst jo duerch déi transversal Zisch ewechgefall zum grousse Bedauere vun de Leit déi hei ronderëm wunnen (ech mengen et ware genuch Reklamatioune schonn deemools erakomm). Datt ee vun der Giewelsmillen net méi direkt op Léck dorobber konnt fueren oder eben nëmme méi all 60 Minutten een Zuch krut, domadder missten d’Leit sech jo arrangéieren, well et deemools geheescht huet, datt déi Minutt wou mer um “Pfaffenthal-Kirchberg” géinge verléiere jo awer iergendwou misst erageholl ginn. Vue datt et sech ufillt wéi wann den Norde jo scheinbar näischt wäert ass, gouf déi Minutt dann natierlech och um ieweschten Deel vun der Nordstreck gestrach. Datt Gemeng Buerschent direkt 2 mol betraff war, huet CFL wuel net interesséiert an och wann de Service um Client esou grouss geschriwwe gëtt, fille mir ons elo nach méi wéi virdrunner wéi een 2t Klass Mënsch.
Net nëmmen datt d’Leit sech elo 2 Joer arrangéiert haten an sech deelweis ëmgestallt respektiv op een Auto zeréckgegraff hunn, well se keng aner Wiel haten, gëtt dann net méi spéit wéi beim nächste Fuerplangwiessel elo och nach an de Spëtzestonnen, déi Arrête gestrach, wou fir vill Leit wichteg waren, fir op d’Aarbecht respektiv Heem ze kommen.
Och eis Kanner déi an d’Schoul wëllen an och deelweis musse mam ëffentlechen Transport fueren, kréien dann elo doduerch datt deen Zuch vu 07.05 dann net méi op der Giewelsmillen stoe bleift, och schonn direkt am neie Joer Schwieregkeete gemaach. Ass dorunner geduecht ginn, deenen dann eng Alternativ unzebidden oder geet een an der Stad dovun aus “dat si Bauerenkanner” déi gi schonn eens?

Et ass traureg ze gesinn, datt mir 2017 um xx.45 an der Stad fortgefuer an um x1.54 zu Ëlwen ukomm sinn ouni, datt mir de Pafendall ugefuer sinn, awer dofir Méchela a Giewelsmillen. Elo fuere mir um xx.44 also nach 1 Minutt méi fréi, fir deen neien Arrêt ze bedéngen a sinn déi nämmlecht Auerzäit do, mee elo fuere mir awer nëmmen nach Giewelsmillen un a Méchela net méi.
Déi Zich wou 2017 nach um xx.18 gefuer sinn, waren um x1.24 zu Ëlwen. Elo fir 2020 fueren se xx.16 an sinn awer trotzdeem eréischt um x1.24 zu Ëlwen an elo fuere mir zwar den Arrêt Pafendall un, awer dofir 1 Arrêt am Norde manner.
Fazit vu xx.44 eng Minutt méi an awer een Arrêt manner fir den Norden !
Fazit vu xx.16 zwou Minutte méi an awer een Arrêt manner fir den Norden !
Et ass och schéin ze gesinn, datt mir 2017 vun Ettelbréck mat Méchela an der Giewelsmillen bis op Kautebaach 14 Minutten am Horaire virgesinn haten, elo well mer jo een Arrêt manner hunn, gëtt dat dann op 13 reduzéiert. Ma wou sinn déi vill Minutten dann hin? Mir kréien ëmmer méi Fuerzäit an den Horairë bäigesat, mee mir Leit am Norde kréien Arrêten ewechgeholl, déi awer fir vill Leit wichteg sinn an och genotzt géife ginn. Sënn déi Leit am Süden da wierklech méi wäert a wichteg oder wéi solle mir dat verstoen. Fir wien baue mir nei Strecken, kréien deelweis souguer 4 Gleiser, wou se am Norde mol net am Stand sinn eent 2. Gleis ze verleeën? Mir fillen eis reegelrecht vum Transportsystem veraascht.
Well mer jo ee grousse Chantier zu Ettelbréck hunn, huet een alt am Ufank gemengt et géif mat iwwerluecht ginn an déi Leit wou ronderëm wunnen, kéinten dann ob déi nächstbescht Arrête ronderëm fueren, mee éischtens bleiwe mir jo do nëmmen all 60 Minutte stoen an et gouf verpasst, fir am Viraus méi ee grousse Parking ze bauen, datt och de Client mol eng Kéier ee Virdeel hätt an net dee Chaos misst zu Ettelbréck matmaachen.
Nach zu enger klenger anerer Saach, ech hunn schonn eng aner Äntwert op eng Reklamatioun gesinn, also dat braucht Dir mir dann net ze äntweren. Dass mir duerch de Chantier, elo mat den Zich misste méi lues fueren, ass alles schéin a gutt, mee wisou gouf dann de Fuerplang net ugepasst, mee en ass bliwwe ewéi en war? Well ausserhalb vun de Spëtzestonnen si mir jo lo och ëmmer nëmmen 1 Arrêt ugefuer a Fuerzäit ännert sech net, obschonns mir jo lo awer anscheinend méi lues fuere mussen.
Iergendwéi duerchblécken ech déi Logik net. Villäicht gëtt et och einfach keng, oder et huet een eng gesinn, deen näischt vu Lëtzebuerg versteet. Ech gesi just ëmmer méi, datt mir “déi van Douawen” einfach am Stach gelooss ginn a selwer musse kucke fir eens ze ginn!


Lëtzebuerg, den 30. Dezember 2019

Katja Felten
Sekretärin Sektioun Norden