Bréif un Memberen van der Sektion Ettelbréck an Norden


Leif Memberen van der Sektion Ettelbreck a Norden. Mir sollten den 20. März di éischt gemeinsam Generalversammlung am Sportshotel Leweck ofhalen. Et hatten sech wirklech vill Memberen ugemeelt vir en schéinen Owend madennen ze verbrengen. Et soll- ten hei och dei Memberen geéiert gen, di eis iwert vill Joeren trei zur Säit stoungen. Ob desem Wee wëll ech hinne MERCI soen. Mir werten denen un- an ofgemeelteten Memberen hir Cadeauen zu engem spéideren Zaitpunkt iwwerreechen. Mir hun leider mussen eis Generalversammlung aus aktuellen Grenn annuleiren. Well eis den Coronavirus (CoVid-19) nach wärend Wochen an Méint wert beschäftigen, ass et natirlech schwéier ze soen wini mir dest all sollten nohuelen. Dest gellt och vir anner geplangten Aktiviteiten wéi den éischten Mee, eisen Treppeltour den 9. Mee an eisen Ausfluch an Saarschleife den 19. September.

Eng Generalversammlung soll och emmer e Reckbleck sen op dat ofgeschlossent Joer. Sektionen Ettelbreck an Norden han iwert Joeren enk zesummen geschafft, hir Aktivitäten madennen ofgehalen an och hir politisch Punkten zesummen virgedroen. Dovir wor et logisch dat am November 2019 den Zentralkomite d‘Fusion ofgeseent hat. Well des nei Sektion vun der Fläch grouss ass, werte mir mat eiser Generalversammlung probeiren emmer an engem anneren Eck ze sin.

2019 wor och ent Wahljoer vir de SYPROLUX. Et kann e soen dat de SYPROLUX hei gudd ofgeschniden hat. Et woren och Memberen van eiser Sektion mat op de Lesten an guffen och gudd gewielt. Merci och hinnen vir hiren Asatz an hir Arbicht.

2019 hat Regierung eis mat enger Kiischt iwerrascht. Des Kiischt ass den gratis öffentlichen Transport. Dest ass ewer eng sauer Kiischt, well Konsequenz ass dat mir op der ganzer Nordstreck keng Guicheten méi hun, wou eis Klienten en internationalen Billjee oder en Ticket vir éischt Klass könne kafen. Och wann op verschidenen Garen en Homme d’accueille bleift, ass et ewer en Reckschrett vam Service am Klient!

Et sollt Kiischt em Kuch sin vam öffentlichen Transport. Mee hei gen Kiischte verdeelt bevir de Kuch gebak ass. Et ass richtig a wichtig dat Gare Ettelbreck emgbaut get. Et ass gudd dat Elwen ent Parkhaus soll kreien. Wann e Minister vun 240 Millionen Euro schwetzt vir Nordsreck, da muss en och soen dat Nordstreck an der Gare Letzebuerg ufänkt. Mir als SYPROLUX fuerderen seit Joeren dat em iweschten Deel van der Nordstreck eng Duebelgleisigket, do wou et méiglech ass. E Minister behaapt dat et am Regelverkeier keng Verspéidungen weinst der Eegleisigket geif entstoen. Mee Regel ass déi dat e weinst der Eegleisigket keng Verspeidung kann opghol gen an dat e pünkllichen Zuch bem kräizen van engm net pünktlichen Zuch op der Eegleisigket och Verspeidung kritt. Wëllen mer mei perfomant gin da brauche mer des Duebelgleisigket.

Och den Halefstonnentakt op der ganzer Nordstreck wir hei wichtig. Beim Heichwasser zu Kautebach, wou et vill ze weinig Parking get, hätten Giewelsmillen an Méchela wichtig Ausweichgaren könnte sin. Mee well hei just den Stonnentakt ass, sen des Garen vill manner attraktiv.

Mir als SYPROLUX aus dem Norden probeiren hei weider am Ball ze bleiwen.

Ech wenschen iech eng gudd Gesondhet a Vive de SYPROLUX!

André DHUR