Dem Armand Schilling zum 90sten !
Mir Beeteburger haten virun kurzem déi dach rar Geleenheet eisem eelsten Comitésmember zu séngem 90sten Geburtsdaag ze gratuléiren, dat während enger klénger Feier bei him doheem! Et war den richtijen Ament fir op éng laangjährig Karriär bei der CFL an natiirlëch dem Syprolux zreck ze kucken!
Enn der fofzéjer Jôeren kou’m den Armand op’t Bunn, nodeems hien éng Offizé‘er Karriär beim Militär ausgeschlôen hat. Hien huet als „surnuméraire“ zu Diddeléng an dono zu Beeteburg ugefaaangen, fir dono an de Service des Finances versaat ze gin wou‘ hien sollt „lieweslaang“ kréien!
Ganz séi’er huet hien och am Syprolux militéiert, wou‘ hien séch een Numm gemaat huet als ganz begaabten „Schreiberling“ an aviséierten Fotograf. Et weess kaum een wivill Stonnen hien fir séng Recherchen an soss Quellennoweiser investéiert huet bis alles a Perfektioun um Blaat konnt erschéngen! Honnerten vun Deplazementer,dax an’t Ausland waren néideg fir mat villen Detailer iwer die eenzel Privat- an Biergbunnen z.B. aus der Schweiz eppes gewuer ze gin an heimatt den „Transport“ neess ze fidderen!.Séng Frâ Jeanny war dobäi him éng grou’ss Stäip an gou’f domatt och zum Insider vun dëser spezieller Matière.
Trotzdem hien mat séngen Artikelen quasi jo ausgelaascht war, huet en niewebäi awer nach Zäit fond fir nach d‘Keess vun der Beeteburger Sektioun a Perfektiou’n während laangen Joeren ze féiren!
Mir wënschen dem Armand an sénger sympathischer Madame, weiderhin ee gesonden an laangen Liewesowend., an dem „Transport“ nach vill „sénger Zeilen“!
Jos. Hansen