Bericht Generalversammlung der Sektion Osten 2024


Och dëst Joer hunn sech traditionell Membere vun der Sektioun Osten zu Betzder am Restaurant Relais du Château getraff fir Generalversammlung ofzehalen.

De President vun der Sektioun Paul Gries huet Membere wëllkomm geheescht an sech gefreet dass esou vill Memberen sech Zäit geholl hunn dobäi ze sinn. En huet a senger Ried och op de Problem higewisen dass mir an de Sektioune keen Ersatz fonnt hu fir de President a Sekretär ab 2026 ze iwwerhuelen, well de President an de Sekretär dann a Pensioun ginn.

En huet sengem Kommitee Merci gesot fir d‘Aarbecht speziell sengem Sekretär vun der Sektioun dem Frank Dumont, an huet him Wuert gi fir den Tätegkeetsbericht.

De Frank deelt der Versammlung mat dass Memberszuel sech nom Covid erëm stabiliséiert huet op elo nach 129 Memberen, an deem Zesummenhang huet hie Versammlung gebieden alle Verstuerwenen Memberen an hire Familljememberen ze gedenken.

De Kommitee deen aus 11 Membere besteet ass am laf vum leschte Joer 4 mol zesumme komm.

Sektioun war op all wichtegen Evenementer vun der Gewerkschaft vertrueden, wéi zum Beispill de Kongress a Familljefest.

An der Exekutive vum SYPROLUX ass de Paul als Gestionnaire IMMO an de Frank als Generalsekretär adjoint vertrueden.

Am Plaz vun engem Ausflug huet de Comité decidéiert eppes Neies ze maachen andeems Memberen op e Mëttesiessen an Tourelle invitéiert goufen. De Memberen huet dee Mëtteg gutt gefall an hu gefrot fir dëst méi oft ze maachen. Dëst huet de Frank och versprach ze organiséieren.

Duerno huet de Keessjee Igor Gomes de Keeserapport virgedroen.

Fazit war deen dass Kees nach Gesond ass obwuel mir dëst Joer mat enger Perte ofgeschloss gouf.

De Romain Casel am Numm vun de Keeserevisoren huet dëst bestätegt a virgeschloen dem Keessjee Decharge ze ginn.

Versammlung huet dem Keessjee an dem Kommitee Decharge per Acclamatioun ginn.

De Romain Casel an de Robert Grosch si per Acclamatioun fir e weidert Joer als Keeserevisore bestätegt ginn.

Bei den deelweis Neiwale vum Comité goufe Member sortant déi erëm hir Kandidatur gestallt hun, de Paul Gries, Marcel Entringer, Guy Scholtes, Nico Stoltz a Georges Konsbrück, bestätegt.

Bei den Aktualitéite vun der Verbandsleedung huet Mylène Bianchy, Presidentin vum SYPROLUX, iwwer Aktuelles op der CFL an iwwer Sozialwalen 2024 geschwat a Lëschte vun den eenzelnen Kommissioune virgestallt.

De Paul krut vun der Versammlung den Akkord fir Sondéierungsgespréicher mat der Sektioun Lëtzebuerg ze feiere fir eng Fusioun mat der Oplag dass awer wieder Memberaktivitéiten och am Osten stattfannen.

Duerno goufe verschidde Jubilaren am SYPROLUX geéiert:

• fir 40 Joer am SYPROLUX: Dimmer Pierre.

• fir 15 Joer am SYPROLUX: Kemp Stefan.

• an de Ramiro De Sousa Valente krut e Cadeau als Merci fir säi laangjäregen Asaz am Comité an deen elo seng wuelverdéngte Pensioun well genéissen.

Den Owend gouf du mat engem kale Plat an engem gudde Patt Miseler Wäin ofgeschloss.

Fränk Dumont

Sekretär Sektioun Osten