Bericht Generalversammlung der Sektion Osten 2023


No enger Paus duerch Pandemie hunn sech och dëst Joer traditionell Memberen vun der Sektioun Osten zu Betzder am Restaurant Relais du Château getraff fir Generalversammlung ofzehalen.

Den President vun der Sektioun Paul Gries huet Memberen wëllkomm geheescht an sech gefreet dass esou vill Memberen sech Zäit geholl hunn dobäi ze sinn. En huet an senger Ried och op de Problem higewisen dass an de Sektiounen ëmmer manner aktiv Memberen matschaffen an dass mir do eng Léisung musse fannen.

En huet sengem Kommitee Merci gesot fir d‘Aarbecht speziell sengem Sekretär vun der Sektioun dem Frank Dumont, an huet him Wuert ginn fir den Tätegkeetsbericht.

De Frank deelt der Versammlung mat dass Memberszuel sech an de leschten Joren reduzéiert huet op elo nach 130 Memberen, an deem Zesummenhang huet hien Versammlung gebieden alle Verstuerwenen Memberen an hiren Familljememberen ze gedenken.

Den Kommitee deen aus 11 Memberen besteet ass am laf vum vun de leschten 2 Joer jeeweils 3 mol zesumme komm.

Sektioun war op all wichtegen Evenementer vun der Gewerkschaft vertrueden, wéi zum Beispill de Kongress an Familljefest.

An der Exekutive vum SYPROLUX ass de Paul als Gestionnaire IMMO an de Frank als Generalsekretär adjoint vertrueden.

En Ausflug konnt an de leschte Joren net stattfannen an och fir dëst Joer ass de Comité um plange kann awer net soen op dat nach dëst Joer wäert stattfannen.

Duerno huet de Frank de Keeserapport fir de Keessjee Igor Gomes virgedroen, dee verhënnert war.

De Frank huet fir d’eicht de Bilan vun 2021 virgedroen deen am Verwaltungsrot vum guttgeheescht gouf. Duerno de Bilan vun 2022.

Fazit war deen dass Kees nach Gesond ass an déi 2 Joer e Gewënn gemaach gouf, obwuel mir ob eng Quote-Part vum leschte Joer verzicht hunn fir eis un de Feierlechkeete vum 100ten Anniversaire ze bedeelegen.

De Romain Casel am Numm vun de Keeserevisoren huet dëst bestätegt a virgeschloen dem Keessjee Decharge ze ginn.
Versammlung huet dem Keessjee an dem Kommitee Decharge per Acclamatioun ginn.

Den Romain Casel an den Robert Grosch sinn per Acclamatioun fir en weidert Joer als Keeserevisore bestätegt ginn.

Bei den deelweis Neiwalen déi lescht Joer hätte misste stattfannen, huet Versammlung de Charel Hengel, Igor Gomes, Alfred Krämer, Günther Nicolay an de Frank Dumont bis 2026 bestätegt.

Bei den Aktualitéite vun der Verbandsleedung huet Mylène Bianchy, Presidentin vum SYPROLUX, iwwer déi aktuell Dossiere vum SYPROLUX, wéi ënner anerem den I.G.15(Astreinte), Coopératiounvertrag LCGB, Sozialwahlen 2024 geschwat.

Duerno goufe verschidde Jubilaren am SYPROLUX geéiert:

• fir 40 Joer am SYPROLUX: Müller Marc an Zeimes Guy.

• fir 30 Joer am SYPROLUX: Juncker Luc an De Sousa Valente Ramiro.

Den Owend gouf dunn mat engem kale Plat an engem gudde Patt Miseler Wäin ofgeschloss.


Frank DUMONT