FCPT-Kongress : Bericht Kannervakanz- an Sozialwierk 2017-2018


Ech sin frou haut dierfen am Numm vum Kannervakanz- an Sozialwierk iech d’Aktiviteiten vun dénen léschten 2 Joer ze präsenteieren.

Een groussen Merci virun allem, soen ech awer all den Memberen déi Kannervakanz- an Sozialwierk finanziell ennerstëtzt hun, an besonnech och onsen Pensionären, waat jo schon eng Taditioun ass dass mir do mat den Löschten fir Neijoersgatulatiounen ophiewen.

An dénen verschidden Aktivitéiten déi den SYPROLUX huet iwer ganz Joer ass Kannervakanz- an Sozialwierk och meeschtens present.

Wéi z. Bsp.: Oktavmass, Schlussprozessioun Kleeschen, an die eenzel Sitzungen vun der Leitung.

Finanziell Bedeelegung vun verschidden Kolonien vun der Croix-Rouge, SNJ an Caritas hun mir 2017 an 2018 allkeiers fir 13 Kanner ausbezuelt.

Nohëllef Stonnen an verschidenen Schoulfächer wou mir och finanziell Bedeelegungen ausbezuelt hun, haaten mir 2017 fir 6 Kanner an 2018 fir 2 Kanner.

Periodesch könn dir am Transport noliesen waat mir alles ubidden, wou an wivill mir beiléen bei Vakanzkolonien an bei Nohellefskuren.

Vakanzkolonien bedeelegen mir ons mat max 500€ pro Joer pro Kand / Enkelkand am Alter vun 6-17 Joer vun der: CROIX-Rouge; CARITAS an SNJ.

Nohellefskuren bedeelegen mir ons mat max. 300€ pro Joer pro Kand / Enkelkand vun:

STUDIENKREISNACHHILFE; INTELLEGO oder STÄIP.

Ech hoffen op eng grouss Bedeelegung vun onsen Kanner an Enkelkanner, an enger vun dénen verschidden Kolonien oder bei den Nohelleskuren fir Schoul, wou sie können drun délhuelen.

Eng weider Informatioun hun ech nach fir iech, wou ech iech och alleguer alueden an zwar den Denschdeg den 4 Dézember ab 15:00 auer op Hesper an den Centre Nic BRAUN fir mat ons zesummen den Kleeschen ze empfänken, fir Animatioun ass och dén ganzen Nometteg gesuergt, sou wei Kaffi an Kuch och fir jiddferén do ass.

Organiseiert ass daat ganzt vun der Sektioun Letzebuerg an dem Kannervakanz- an Sozialwierk zesummen.

Merci well ech soen dénen Leit déi sech dén Dâg do hirgin fir eng Hand mat unzepaacken.

En besonnech Merci dem Helga an Ad fir daat waat Helga all Joers un Stonnen an senger Kichen steet fir ze baacken.

Daat wier et vum menger Sait, ech wönschen dem SYPROLUX Kannervakanz- an Sozialwerk nach all guddes, eng flott an löschtech Zesummenaarbecht mat iech alleguer an enger laanger Zukunft.

Fir Sozialwahlen am März wönschen ech dem SYPROLUX den Maximum vun den Stëmmen.

Dofir wier do daat bescht einfach den Rondel schwärzen vun der Léscht 5.

Merci fir nolauschteren. Vive de SYPROLUX.

MULLENBACH MANUEL

Responsabel Kannervakanz- an Sozialwierk