Chef de Service BU, vum 23 Abrëll 2021


1. Le délégué du personnel demande pourquoi le Service BU n’applique pas le principe de fixer un délai à l’ensemble des CR’s pour présenter leurs préférences pour les périodes où ils désirent liquider leurs heures supplémentaires et journées improductives, comme convenu et arrêté lors de la réunion de la Délégation Centrale le 26 septembre 2012 sous Point 5) : « Toutefois il est préconisé de proposer aux agents en question de présenter, dans un délai fixé par le Service concerné, leurs préférences pour les périodes où ils désirent liquider leurs heures supplémentaires et journées improductives en souffrance. Passé ce délai, il appartient au Service de fixer d’office les périodes de liquidation de ces heures et journées ».

Den Delegué Titulaire vum SYPROLUX krut vum Chef du Mouvement geäntwert, dass et der Responsabilitéit vun all eenzelem Reservist iwwerlooss bleift, fir sech no engem Feierdag säi respektiven Congé compensatoire (S) ze froen, an dat iwwert déi normal Prozedure wéi schwaarzt Buch, Joker, etc. No dësem Delai ass et dem Service iwwerlooss, fir den Dag ze setzen.

2. Monsieur le Chef de Service, s’est-t-il se entre-temps concerté avec le Service RH concernant la justification resp. l’argumentaire de l’attribution d’un poste à responsabilité particulière à un agent ne remplissant pas les conditions prérequises par la fiche de poste “Coach”? En cas d’une réponse affirmative, le délégué du personnel désire en connaître le contenu.

Laut Ausso vum Chef de Service, ass déi Saach mam Chef de Service RH opgekläert. De Service wär en règle. Mer hunn dës Ausso zur Kenntnis geholl, bleiwen awer als SYPROLUX der Meenung, dass dës Virgoensweis net richteg ass. Aktuell ass en Text säitens der Direktioun an Ausarbecht, wou an enger “Décision de principe” soll geholl ginn, wéi verfuer gëtt, wann sou genannten “poste à responsabilités particulières” besat ginn.

3. Le délégué du personnel demande pour l’ensemble des agents l’introduction d’une option pour échanger, resp. fractionner des jours de congé où autres journées improductives en heures simples.

Do ass keen zefriddestellenden Accord fonnt gi. D’Propose vum Service BU war, den integralen Congé an Stonnen ëmzewandelen, wat fir eis als SYPROLUX inakzeptabel ass.

4. Vu l’introduction, resp. l’attribution de deux nouvelles lignes d’autobus à partir du mois de mai 2021, le délégué du personnel demande des renseignements en ce qui concerne le mode de la planification, resp. le déroulement de la formation “connaissance de ligne” pour l’ensemble du personnel roulant sur route.

Bis dato si laut Chef du Mouvement ronn 50% vum Effectif op der neier Linn 502 (Ettelbréck > Iechternach) ugeléiert gin. Do soll kee Chauffeur mussen ouni déi néideg Formatioun/connaissance de ligne fueren. Par konter, gëtt op der neier Linn 109 (Iechternach > Kierchbierg via Bech) kee Chauffeur extra forméiert, vu datt de Linneverlaaf bis op déi Escale via Bech quasi identesch mat eiser aktueller Linn 110 ass.

5. Question concernant la ligne 175 : Vu la desserte de tous les arrêts en mode «monter/descendre» et la suppression partielle des tampons de temps (p.ex. Mondorf-Christophorus) sur ladite ligne dès le 13 mai 2020, il s’est avéré que les horaires fixés par le ministère ne peuvent souvent pas être respectés. Nous disposons donc de quelques tours de service qui ne tiennent pas compte de ces faits. Le délégué du personnel revendique une amélioration resp. une supervision adéquate des tours de service concernés.

Den Delegué Titulaire krut zougesot, dass de Planifikatiounsbüro grad wéi de CEB/Telematik géinge sensibiliséiert ginn, fir déi Problematik méi a besser an hirer Planifikatioun ze consideréieren.

6. Question concernant tous les agents lesquels n’ont pas pu recourir ni à un «congé pour raisons familiales», ni à une dispense de service dans le contexte et depuis le début de la pandémie du COVID-19: Le délégué du personnel demande cordialement pour les agents concernés l’attribution d’un congé ou d’une dispense extraordinaire en tant que «geste de reconnaissance».

Do bedauere mir als SYPROLUX et nawell ganz staark, dass do mol net den Usaz vun engem Konsens konnt fonnt ginn.

7. Le délégué du personnel tient à soulever les points suivants concernant le contrôle du bon fonctionnement des caméras bus:

• l’activation automatique de la caméra lors de l’engagement de la marche arrière;

• le nettoyage régulier de la caméra arrière.

Den Atelier wäert eng Campagne lancéieren, fir datt all Bus op déi reklaméiert Funktiounen hin kontrolléiert gëtt. En plus kennt an all Hal an der Stad an zu Iechternach en Eemer mat Seefewaasser an entspriechend laanger Biischt stoen, fir kennen déi Réckfuerkamerae propper ze maachen.

8. Concernant les tours de service « Matin » de l’équipe SECOURSRAIL, le délégué du personnel revendique le respect de la promesse de ne pas attribuer plus de trois séances matin consécutives aux agents concernés.

De Pool vun de Chaufferen am SecoursRail gëtt erop gesat. Esou soll vermidde ginn, dass méi ewéi 3 Fréischichten un engem Stéck solle geschafft ginn.

9. Le délégué du personnel demande à ce que soit adapté l’horaire de l’équipe de nettoyage. En ce moment l’équipe procède au nettoyage du réfectoire entre 11:00hrs et midi, le moment où bon nombre d’agents sont en train de prendre leur repas, ils sont alors contraints de quitter le local.

De Service wäert sech mat der Entreprise vum externe Botzpersonal concertéieren, fir d’ Refectoire’en an Zukunft eréischt vu 14 Auer un ze botzen.

10. Divers:

• Den Delegéierte vum SYPROLUX huet matgedeelt, dass et duerch den Engagement vum SYPROLUX mëttlerweil en “Accord de principe” gett, wéi mat engem reportéierte S (Congé compensatoire) ze verfueren ass am Fall, wou den Agent deen Dag krankgemellt ass. Do ass et an Zukunft ganz kloer an ouni Zweiwel esou, dass den Agent dee gesate S rëm zréckkritt.

• Tablets: An 2 bis 8 Woche soll laut Ausso vum Chef de Service eng Testphase ulafen, wou +/- 10 Agent’en déi Tablettë wäerte kréien an iwwert en Zäitraum, den nach muss definéiert ginn, testen.

Fir de SYPROLUX

Daniel Schildgen

 

D'Konscht vum Informéieren

ass gewëss keng einfach. Si beinhalt, dass een Informatioune kritt, se iwwerpréiwen an se weider gëtt. Dobäi ass et oft de Volet vun der Sich an der Iwwerpréiwung, deen di meeschten Zäit an Iwwerleeung kascht. A mat der Konscht ass et ewéi mat villem: si ass net jidderengem ginn. Esou gëtt aus Informatioun, Desinformatioun, bewosst Streeë vun Héieresoen oder d'Verbreede vun net vollstännegen Informatiounen.

Als SYPROLUX si mer intervenéiert an engem Dossier, wou et em de Choix vun engem Kandidat goung fir e sougenannten "poste à responsabilité particulière" geet. Fir esou e Poste kennen ze bekleede spille Critèrë vu Grad, vun Anciennetéit a vu Profil. Dës Prozedur ass an eisem Ordre Général 3, Annexe 4, Section 7 beschriwen. An dësem spezifesche Fall, wou et em d'Besetze vun engem Coach-Poste geet, si mer als SYPROLUX nach ëmmer der Meenung, dass d'Obregkeet vum Service BU net richteg ass. Dëst hu mer och dem Chef de Service RH matgedeelt, an deemno dee Punkt an eisen Aen och nach net ofgeschloss ass.

Den 23. Abrëll 2021, kuck do de selwechten Dag huet d'Sitzung beim Chef de Service BU stattfonnt, huet de Service RH am "Comité de Suivi réglementation RH" matgedeelt, dass am Kader vum Reegelwierk zu de "postes à responsabilité particulière", eng "décisioun de principe" am gaange wier ausgeschafft ze ginn, déi ee vir alle mol soll d'Modalitéite soll erkläre bzw kläre fir dass di Prozedur fir jiddereen nozevollzéien ass.

Dat ass e bëssi eng aner Informatioun, ewéi eng Ausso vun der BU-Obregkeet: "Wéi wësst Dier dat net? Dee Punkt vum Coach ass gekläert, mer si richteg! Huet d'Madame Bianchy iech dat net gesot?" - Dat ass, léif ausgedréckt, eng zimmlech bëlleg Aart a Weis fir Polemik ze streeën a versichen Dissenz ze séiën. Bis dato hu mer als SYPROLUX nach ëmmer versicht eis Punkten a Doleancë propper a korrekt ervir ze bréngen am Sënn vun de Mataarbechter a mat oppene Kaarten ze spillen. Mer hoffen, dass dat och an Zukunft eiser Delegatioun ze gutt kënnt.

Mylène Bianchy