Chef de Service BU, vum 22. September 2020


Presenzen :

Fir de Service BU : di Hären Carlo Hansen, Laurent Neumann, Rico Niro, Bob Casel

Fir de Landesverband : di Hären André De Paiva Marques, Jean-Paul Schweigen, Steve Kerschen

Fir de SYPROLUX : Marc Becker

Points présentés par le Chef de Service BU

Duschkabinn: et gouf virgeschloen an unanime ugeholl, dass aus der Duschkabinn fir Dammen eng zweet Toilette gemaach gëtt. En plus gëtt gekuckt, wou een op enger anerer Plaz eng Duschkabinn fir eis Dammen kann installéieren.

33/20: Le délégué du personnel demande pourquoi la durée des créneaux de disponibilité au sein des schémas de base des couches de travail n’a pas encore été réduite, comme prévu par l’addendum du procès-verbal du 11 février 2019, alinéa 9, qui dit : « les créneaux de disponibilité au sein des schémas de base des couches de travail seront réduits au fur et à mesure et ceci dans la mesure du possible. » Il s’avérait les derniers temps que lesdits créneaux de disponibilité ont été élargis non seulement en ce qui concerne la couche de travail « jour », mais aussi sur les autres couches de travail soit « matin » ou « soir ».

No enger animéierter Diskussioun huet de SYPROLUX däitlech gesot, dass ee Creneau vun enger Schichtlach op kee Fall méi laang dierft sinn ewéi 10 Stonnen. No laangem Hin an hier, ass op dësem Punkt keng Eenegung fonnt ginn. Laut Ausso vum Chef de Service BU ass et dat do oder näischt. De SYPROLUX – Delegéierten, huet dës Ausso zur Kenntnis geholl a wäert dëse Punkt mat an säin interne Gewerkschaftsgremium mathuelen. Bleift ze bemierken, dass d’Personalvertrieder nach eng Kéier versprach kruten, dass di definitiv Schichtpläng all Kéier no hirer Finalisatioun esou séier ewéi méiglech un d’Fuerpersonal verdeelt ginn.

34/20: Le délégué du personnel demande que les agents de réserve du PC/CEB soient remplacés par des agents qui suivent l’agent concerné dans le tableau de classement après une période d’essai de 6 mois au plus tard. Ceci a pour but d’avoir une culture juste et de compléter de nouveau les différents roulements jusqu’à un nombre de 19 agents.

Op deem Punkt gëtt et keng Diskussiounsbereetschaftsäitens der Hierarchie. Et sief dann ee vun deene betraffenen Agente géing fräiwëlleg an temporär op seng Plaz am Roulement verzichten. An eisen Aen ass dës Approche ongerecht vis-à-vis vun de Chauffeuren, wat hier Plaz am Klassement vum Roulement ubelaangt. Des Weidere verhënnert et, dass d’Kolleegen aus der Reserve an en Roulement kenne kommen. An dem Agent Reserve/PC gëtt esou e kloren Schichtplang verwiert, wéi en fir Leit virgesinn ass, déi op 3 Schichten schaffen. (tableau de service «tiercé»)

35/20: Le délégué du personnel demande que pour le poste isolé d’Echternach le personnel reçoive le même modèle d’armoire vestiaire pour casque moto qu’au poste central de Luxembourg.

Dëse Schaff ass geliwwert a gëtt an den nächsten Deeg zu Iechternach opgestallt.

36/20: Le délégué du personnel remarque que les distributeurs de café/boissons froides ne fonctionnent pas au niveau du paiement avec carte bancaire au poste isolé d’Echternach.

D’Firma DIANALUX gëtt kontaktéiert fir eng Léisung ze fannen.

37/20: Le délégué du personnel demande que les emplacements des coffrets de premiers secours dans les bus de la marque IRIZAR soient affichés convenablement. Ceci étant donné que ces coffrets ne se trouvent pas à l’emplacement initialement prévu.

De Atelier kuckt d’Fixatiounen all no, well d’ 1. Hëllef Këscht soll op der Plaz sinn, wou se virgesinn ass. Duerfir wäert den Atelier sech drëms bekëmmere, fir di respektiv Fixatiounen ze verbesseren. Egal wéi soll kee Bus eraus fueren, wou di Conffret’en entweder net do, resp. net op hirer initialer Plaz sinn.

38/20: Le délégué du personnel désire être informé sur l’état d’avancement des tablettes pour les chauffeurs.

Dësen Investment gëtt 2021 budgetiséiert. Esou kann dann och eng Ausschreiwung Ufank 2021 gemaach ginn.

39/20: Le délégué du personnel souhaite que des cours de premiers secours soient dispensés à l’ensemble des chauffeurs.

D’Verantwortlech vum BU wäerte versichen en deementspriechende Cours, deen d’Basisnotioune vu der 1. Hëllef vermëttelt, am Kader vun enger « Journée Conducteur» mat z’intégréieren.

40/20: Le délégué du personnel demande l’établissement d’un relevé reprenant la dénomination des pictogrammes concernant les défauts affichés le plus fréquemment au tableau de bord des autobus. Ceci aiderait à optimiser la communication entre le conducteur et l’ateliers en cas de panne (modèle FAQ).

Duerch d’Komplexitéit an d’Unzuel vun de méigleche Piktogrammer ass et net méiglech do eng Auswiel ze treffen. D’Chauffeure sollen egal wéi folgendermoosse virgoen:

Am Fall vun enger Feelermeldung um Tableau de Bord ëmmer d’Telematik kontaktéieren an e Bon de travail ausfëllen.

41/20: Le délégué du personnel revendique un « workshop » concernant une révision intégrale du cours d’examen à apprendre par les agents-stagiaires et ceci dans les meilleurs délais.

Aucune opposition à ce point! De Chef de Service fënnt dëst eng gutt Iddi. D’Delegéiert kéinte jo schonn emol eng Lescht maache mat de Punkten, déi ofgeännert misste ginn. Dat war zwar net d’iddi, wéi eiser Meenung, dee Sujet häett sollen ugepak ginn, mee nujee…

Zousätzlech Informatiounen

Elektresch Bussen: d’Autocollant’en fir den entspriechenden Tempolimitt si bestalltan ginn direkt opgepescht.

Gare Beetebuerg: den Accès fir op d’Toilette ass garantéiert. Wat den Accès an deen ale Guichet ubelaangt, fir deen eventuell als Réfectoire kënnen ze notzen, freet de Chef de Service BU dëst bei der CFL-Immo no a gëtt de Personalvertrieder dann eng Äntwert

Roulements:

Klassesche Roulement: de Kandidat, deen eng Mutatioun an e Roulement refuséiert, dee méi héich agestuuft ass, gëtt wärend engem Joer blockéiert. Dëst huet awer keen Impakt op eng eventuell Mutatioun an en Iechternacher Roulement.

Grénge Roulement:

D’Dauer, wou een am Grénge Roulement ka bleiwen, ass op maximal 12 Méint limitéiert.

Et besteet eng Transitiounsphase vun 3 Méint (12+3), wann den Agent d’Mutatioun an e klassesche Roulement unhëllt.

Am Fall, wou den den Agent refuséiert fir an e klassesche Roulement ze wiesselen, gëtt hien direkt zeréck an d’Reserve gesat.

Dës Dispositiounen triede réckwierkend op den 01/07/2020 a Kraaft.

Fir de SYPROLUX

Marc Becker