Chef de Service BU, de 16. Juni 2020
Qualité /sécurité : présentation rapport qualité/sécurité :
Am Kader vun de sanitäre Mesuren ass betount ginn, dass d’Droe vun der Mask esou laang en Vigueur bleift, ewéi néideg a bis eng aner Entscheedung vun der Direktioun geholl gëtt.
Points présentés par de le Chef de Service BU :
Libérations de service : D’Verantwortlech vum BU hunn de Mataarbechter hire Merci ausgedréckt. Den Asaz vun de Leit wärend der Kris ass exemplaresch. Et goufen um Pic vun der Kris teschend 25 a 35 Fäll, wou Leit op de congé pour raisons familiales zeréckgegraff hunn. An di ganz Zäit iwwer goufen et wéineg Krankeschäiner am BU.
Journées improductives :
D’Unzuel vun de Journées improductives si vun Abrëll 2019 mat 9348 Deeg op 9197 Deeg am Abrëll 2020 gefall (-151 Deeg).
Astellungen
An de Méint September an Oktober 2020 kommen all Kéier 1 ETP bäi a bis Enn 2020 nach 4-6 ETP.
20/20 : Le délégué du personnel demande que le Service Bus organise dans les plus brefs délais un “Workshop d’urgence” ensemble avec tous les délégués du personnel ainsi qu’avec le Bureau de la planification, ceci avec le seul but à redresser le schéma de couche de travail “Echternach 2”, comme il avait été proposé par Monsieur le Chef de Service lors de la réunion fin février concernant cette problématique.
An der Woch vum 13. bzw 20. Juli kréien d’Delegéiert eng nei Propositioun fir d’Roulements zu Iechternach. Do kenne kleng Adaptatioune gemaach ginn, ouni de Roulement 1 zu Iechternach ze verschlechteren. Uschléissend gëtt e Workshop ofgehalen. Mat Bezuch op d’IS40, gi Proposë virgeluecht fir Ännerunge beim Congé fir d’Reservisten ze maachen. Di nei Roulements trieden de September 2020 a Kraaft. Des Weidere gouf gesot, dass een am grénge Roulement kann 1 Joer bleiwen, duerno muss een an de Roulement 4 wiesselen, esou bal eng Plaz fräi ass. Wann een dëst refuséiert, muss een an di al Reserve iwwerwiesselen.
21/20 : Le délégué du personnel demande que le PC communique impérativement au conducteur le numéro de l’autobus prévu pour la journée resp 30 min à l’avance au lieu de 20 min comme maintenant.
Dëst gëtt gekuckt fir d’Fréischichten, déi tëschent 03 :00 a 05 :00 Auer ufänken.
22/20 : Étant donné que les réservistes doivent travailler régulièrement en 3 postes, le délégué du personnel revendique à ce que cette répartition se fasse de manière équitable entre l’ensemble des agents de la réserve.
Di Verantwortlech vun der Planifikatioun versichen hiert Bescht ze maache fir d’Schichten esou gutt ewéi méiglech ze verdeelen.
23/20 : Le délégué du personnel demande que les journées “Secours Rail” soient fixées sur une durée de 8 heures maximum par journée, surtout pour la séance „matin“(03:00h-12:00h).
De Pool gëtt erhéicht op 20-25 Leit fir esou d’Tier kenne besser ze verdeelen.
24/20 : Quand est-ce que les créneaux de disponibilité au sein des schémas de base des couches de travail seront réduits (comme annoncé lors de la réunion du 2 novembre 2019)?
D’Schichtlage ginn net gekierzt. D’BU-Verantwortlech wëllen en Zäitpuffer behalen, well esou vill Changementer am Fuerplang kommen. Dës Äntwert ass awer op kee Fall zefriddestellend. Do ass eng Dagesschicht (08-20 Auer) mat 12 Stonne geplangt, obwuel mer an eisem Statut eng maximal Amplitude vun 10 Stonne stoen hunn.
D’Unzuel vun den Dagesschichtlage soll awer däitlech erof gesat ginn.
25/20 : Le délégué du personnel revendique de réduire les changements d’autobus de la même catégorie au cours d’un tour de service.
Esou e Buswiessel gëtt net ouni Grond gemaach, duerfir soll een sech do net ze vill Froe stellen
26/20 : Lors de l’élaboration des plans de congés pour 2021, le délégué du personnel revendique une augmentation concernant les créneaux de congé pour les agents réservistes, suite à une significative augmentation de l’effectif en 2018/2019.
Dëse Punkt soll am Workshop diskutéiert ginn. D’Vertrieder vum Landesverband hunn awer schonn am Virfeld wéineg Verhandlungsbereetschaft gewisen. Si sinn dergéint de Reservisten eppes ofzetrieden.
27/20 : Le délégué du personnel demande la réintroduction de la “journée conducteur” pour au plus tard pour l’exercice 2021.
Eng klassesch « Journée du conducteur» gëtt et net méi. Dës gouf ersat duerch Themespezifesch Formatiounen. Esou bal d’Leit all duerch eng Formatioun gaange sinn, geet een et op dat nächst Thema iwwer.
D’Verantwortlech vum BU wëllen och d’Format vun den Info-Versammlunge bei groussen Theme bäibehalen.
28/20 : Est-ce qu’il est possible d’établir des feuilles de dépannage rapide et d’entretien pour les différents types de bus? (Type Checklist)
Op all Bus kënnt esou eng Checklist. All Chauffer kritt och en Exemplaire an seng Case. Si ginn ausgehaangen an iwwer Mail verschéckt. Et ginn och nach Gespréicher gefouert fir en Genre «FAQ» (frequently asked questions) auszeschaffen.
29/20 : Le délégué du personnel demande la mise à disposition d’un réservoir AdBlue au sein du poste isolé d’Echternach.
Dëst ass net méiglech, well dofir brauch een eng spezial Konstruktioun mat engem Commodo/Incommodo.
30/20 : Le délégué du personnel demande pourquoi l’écran dans le couloir du poste central à Luxembourg n’est pas utilisé pour afficher toutes les informations utiles concernant la situation trafic/route en temps réel?
Béid Säite waren sech eens, dass esou ewéi den Ecran de Moment ass, e keng Plus-Value bréngt. De Service BU huet awer selwer keng Handhab iwwert di Installatioun. Et gëtt awer nogekuckt an no enger Léisung gesicht.
31/20 : Le délégué du personnel demande quelles sont par définition les attributions des Coachs en matière de formation des Cr’s stagiaires?
A Punkto Aarbechtskonditioune kréien d’Coachs just 1 Dag Formatioun. Dat ganzt ass deemno nach verbesserungswierdeg.
Les délégués du SYPROLUX
Daniel Schildgen,
Marc Becker