Rapport Chef de Service AV du 18 juin 2020


Information du Chef du Service AV

• De Rapport vun der leschter Réunion vum 12.03.2020 ass vun der Delegatioun ugeholl ginn.

• Der Delegatioun ass de Formatiounsplang vum Personal AV fir Periode 2020-2021 virgestallt ginn.

• De Chargé du Service AV, huet sengem ganze Personal e grousse Merci ausgesprach, dëst wëll sinn an der ganzer COVID-Zäit hier Aarbecht virbildlech gemaach hunn a sech virbildlech verhalen hunn.

Service AV

20200618-01 Les délégués du personnel demandent la mise à disposition gratuite de café au Service AV, à l’instar du Service TM, resp. du Service SF.

De Chef de Service AV huet matgedeelt dat Kaffisautomate géifen deemnächst am Openhaltsraum vun der Gare Lëtzebuerg an an de Gare Satellit installéiert ginn. De Kaffi ass gratis fir Agent’en, wat scho laang eng Fuerderung vum SYPROLUX war.

20200618-02 Les délégués du personnel désirent être informés sur les mesures sanitaires Covid-19 :

Quelles mesures devront-être prises et mises en place pour le personnel sédentaire (administratif, manutention, guichet) et roulant (PAT) ?

Hei gëllt et sech un den Avis vum AV ze halen. Et ass virgesinn, bei deene Leit wou et Sënn mécht den Télétravail auszebauen an unzepassen.

20200618-03 Comment le Service AV compte-t-il accompagner le personnel pendant le déconfinement ?

Vue dat CFL erëm op 100% eropgeschrauft huet, ginn erëm normal Konrollen am Zug gemaach. D’Personal vum PAT sinn erëm méi present beim Client. D’Servicer vum AV funktionéieren erëm normal . (Z.B. de Guichet)

20200618-04 Comment se fera le réapprovisionnement en matériel de protection individuel ?

D’Material fir sech ze schützen (Händchen, Lingetten) ass disponibel a ka beim Coach ofgeholl ginn. Wann de Stock op e Minimum fällt gëtt dëst Material erem nobestallt. De Service besteet drop dat Material verdeelt a gebraucht gëtt.

PAT

20200618-05 Comment se fera la reprise des tâches des PAT à bord du train ?

Voir Avis.

20200618-06 Les délégués du personnel désirent être informés sur l’état d’avancement des adaptations législatives en matière « sécurité dans les transports publics », et ceci plus précisément sur le volet « agrément/assermentation » du PAT.

Hei ass en interne Grupp de Travail gegrënnt ginn (mat de Sozialpartner), deen um Dossier « sécurité dans les transports publics », geschafft huet. de Ministère eng éischt Ebauche virgelued kritt. Hei soll de PAT weider Missioune kréien. Des Weidere soll e Strofekataloge opgesat gi fir evt. Fait’en vu Matreesender an/oder Client’en ze dokumentéieren an evt. ze bestrofen. Dëse Stroofekatalogue bezitt sech just op Eisebunn’s fait’en respektiv Saachen déi am Zuch, um Quai oder an der Enceinte vun enger Gare passéieren.

20200618-07 Les délégués du personnel demandent à être renseignés sur les missions et tâches à exécuter par les agents Dussmann.

De Service AV huet en Avis am Juni publizéiert, hei sinn déi Tâche genau beschriwwen.

20200618-08 Les agents des services AV et TM sont issus d’une même entreprise ferroviaire, il serait opportun d’équiper les agents des mêmes outils. De ce fait les délégués du personnel revendiquent d’équiper les agents PAT d’une tablette et ceci complémentairement au smartphone. Cet outil permettra également aux agents de profiter des offres e-learning mises en place par les CFL.

De Service AV wëllt an Zukunft esou vill méiglech paperless maachen. D‘Personal wäert an Zukunft selon Besoin équipéiert ginn. Et ass awer an enger éischter Phase net virgesi fir PAT-Personal mat engem Laptop auszestatten.

20200518-09 Sachant que le personnel de trains doit s’enregistrer par numéro de train sur le support RailTab et que l’application mobile CFL permet la géolocalisation, est-ce que le support RailTab procède à un « tracking » du personnel de trains ?

De Service AV kontrolléiert d’Agent’en net. Dautant plus ass et per Règlement grand ducale och net erlaabt, dat de Patron déi Date kontrolléiert. Um RailTab ass en tracking-system drop, deen awer just den ass fir de Fahrplan ze aktualiséieren.

20200518-10 Serait-il possible d’offrir un accès Wlan aux agents PAT dans les locaux de séjour des différentes gares d’attache ? Il nous revient en effet que sur les gares SAT, les agents rencontreraient souvent des problèmes de réseau et de ce fait l’enregistrement par RailTab serait parfois assez difficile.

De Service AV huet de Service IN kontaktéiert, fir eng Analyse vun der WLAN Accessibilitéit ze maachen. Op deene Gare SAT, wou net genuch Emfang ass, soll dann nogebessert ginn.

20200518-11 Etant donné que les armoires aux vestiaires PAT viennent d’être remplacées, serait-il possible de donner au personnel la possibilité de récupérer les vieilles armoires, respectivement de lui les vendre à bon prix ? En effet, une telle action avait connu un certain succès lors du déménagement de l’ancien Centre de Formation à Bonnevoie.

Duerch e Feeler dee bei enger Commande gemaach ginn ass, si keng nei Schierf bestallt ginn. De Service AV huet awer matgedeelt dat déi al Schierf revisionéiert ginn.

20200518-12 Dans le contexte de la pandémie COVID-19 et dans le cadre de la reprise progressive des activités normales, quelles mesures sont prévues respectivement envisageables en cas de sur-occupation d’un train de voyageurs?

Sachant que la recherche de solution concernant ce sujet pourrait constituer un véritable défi, nous tenons à vous informer que nous nous mettons à disposition du Service pour contribuer à l’élaboration d’un tel concept.

Am Fall vun enger Iwwerfëllung vum Zuch, kann déi éischt Klass déklasséiert ginn.

Ze soen ass awer nach dat Maskepflicht bestoe bléift an PAT-Personal erëm sengen normale Missiounen nokomme soll.

GUICHET

20200518-13 Quel est l’état d’avancement concernant la transformation du guichet international à Luxembourg ? Quelles sont les conséquences pour le personnel, notamment en matière des roulements de service. Il nous revient en effet que le personnel du guichet international craint que les roulements de service seraient de nouveau adaptés, bien qu’un horizon fiable à moyen terme est essentiel en matière de bien-être au travail.

D’CFL huet eng Societéit beoptracht fir e Concept vun de Guicheten auszeschaffen. An der Gare Lëtzebuerg si 5 Guichete virgesinn. Guichet’s Personal soll an dëser Etude och gehéiert ginn a matschaffen. Mobilitéitszentral an der Gare Lëtzebuerg gëtt duerch den InfoPoint ersat. Dësen Infopoint soll dann och en Touristeschen Infopoint sinn, wou een allerhand wichteg Informatioune kritt. Den infopoint soll awer och weider vun der CFL bedriwwe ginn. Wann dat dann alles fäerdeg ass fällt den Iglo an der Gare ewech. D’Client’en sollen dann iwwer e Leitsystem kanaliséiert ginn, fir d’Waardezäiten ze minimiséieren.

Divers:

• De Service AV stellt dem Personal keng Polo’en zu Verfügung, dëst wëll de Polo net an d’Konzept vun der Uniform passt.

• Vue dat e Problem mat de Sécherheetzschong war (Rupture de stock) gëtt elo eng weider Commande gemaach,fir deen Enkpass an de Grëff ze kréien, et bléift beim Modell vun Haix).

• Demande d’adaptation des zones de congé : duerch e neie Programm soll an Zukunft de Congé geréiert ginn. Dëse Programm erhéicht Flexibilitéit vun den Agent’en an dem Service.

Dionisio Battista, Sven Laschette,