Ausfluch Sektioun Lëtzebuerg


Ausfluch op Rotterdam, Amsterdam an Edam

Léiw Memberen, de Sektiounsausfluch vun der Sektioun Lëtzebuerg féiert eis dëst Joer, vum 21.-23.09.2018 op Rotterdam, Amsterdam an Edam.

Programm:

  • 21.09.2018 Départ géint 06:00 Auer op der Bus Gare CFL Letzebuerg. Mam Bus fuere mir op Amsterdam via Rotterdam (Hafenrundfahrt a Mettegiessen). Géint 15:30 Auer geet et weider op Amsterdam an den Hotel „Westcord", um 19:00 Auer ass d'Owesiessen.
  • 22.09.2018 Moies besiche mir Amsterdam (keen gemeinsamt Mettegiessen). Nomettes zur fräier Verfügung. Géint 18:00 Auer Grachtenfahrt mat Owesiessen.
  • 23.09.2018 Check-Out am Hotel. Visite vun der Käserei und Holzschuhmacherei „De Simonhoeve", mat Mettegiessen. Dono Weiterfahrt op Edam mat Stadtbesichtigung. Géint 15:00 Auer Réckfahrt op Letzebuerg.

Onkäschtebeitrag:

Memberen / Partner: 300€ Net Member vun der Sektioun Lëtzebuerg: 655€

Aus organisatoresche Grënn soll jiidereen, deen um Ausfluch wëll deelhuelen, de betreffende Betrag bis den 29.06.2018 op folgende Konto iwwerwisen hunn: CCPL LU29 1111 0276 1971 0000.

Fir weider Informatiounen mëllt iech w.e.g. beim Manou Mullenbach (661 185 236) oder beim Eric Wengler (691 398 743).

Sektioun LËTZEBUERG