Als SYPROLUX versiche mer och eise Beitrag zu méi Nohaltegkeet am Alldag ze leeschten.

Aus dem Grond an och mam Bléck, dass ëmmer méi Memberen a Sympathisante vum
SYPROLUX op eng digital Agenda zeréckgräifen, géife mer den Drock vun der traditioneller Agenda fir d’Joer 2023 astellen.

Falls awer elo nach Memberen oder Sympathisanten eng Agenda am Pabeierformat
gären hätten, sollen déi Leit sech w.e.g um

SYPROLUX-Generalsekretariat (Tel. 22 67 86-1, email: syprolux@pt.lu)

mëllen an dat bis spéitstens de 15. August 2022.

Eise SYPROLUX-Kalenner géinge mer bäibehalen ënnert engem neie Format.

matgedeelt vun den der SYPROLUX-Exekutiv