Rapport Chef de Service AV le 28 septembre 2021


Informations du Chef de Service

Stratégie CFL

Zum Thema Strategie an déi zougehéireg Informatiounsversammlunge wäerten déi an nächster Zäit obligatoresch gi fir dass all Agent d'Méiglechkeet kritt fir drun kennen Deel ze huelen.

Di Responsabel vum AV concertéieren sech nach a punkto zukünftegen Oflaf. Villäicht kéint dëst Thema och an d'Journée PAT ageplangt ginn.

Roulement "guichet" - Gare de Luxembourg

Déi zwou Gewerkschaften haten hiren Accord zu den Déngschtpläng ginn. Och d'Délégation Centrale huet, no Ofsprooch mat béide Gewerkschaften en positiven Avis ginn. Esou kann dann ab dem 1. Januar 2022 mam neie Roulement ugefaange ginn. Dëst op de neie Guichet an der Gare Lëtzebuerg schonn operationell ass oder net.

Lavage des vêtements d'uniforme

Zu eiser Fro wat Wäsche vun eisem Déngschtgezei ugeet, huet de Chef de Service AV sech am Virfeld vun der Sitzung informéiert. D'CFL kann an esou engem Fall keen offiziell engagéieren oder eng Faveur froen. Eise Betrib gëtt zu engem groussen Deel mat ëffentleche Gelder finanzéiert. Do muss ee gewësse Reegelen anhalen.

De Chef de Service AV huet awer eng Demande un de Comité des Directeurs geriicht, op eng Méiglechkeet besteet, fir kennen en verbëllegten Tarif bei enger Firma fir eis Agenten ze froen. Eng Gratuitéit ass hei net méiglech.

Télétravail

De Service RH huet och Télétravail fir de PAT an de PAT-Stagiaire accordéiert. Virgesi si:

• 4 Deeg am Joer fir de PAT

• 18 Deeg fir de PAT-Stagiaire.

Fruit for all

Den Accord fir d'Uebst ass ab den 1. Oktober 2021 erëm valabel.

Parking

Et gëtt no Parkméiglechkeete fir d'Schichtpersonal zu Ettelbréck gesicht.

Plan congé

Den neien "Ferienplaner" ass och ukomm an Delegéiert ginn invitéiert fir do mat un enger Léisung ze schaffen.

Doléances présentées par les délégués du SYPROLUX

20210928-08: Parking

Les délégués du personnel demandent à être renseignés sur l’évolution et la gestion futures des parkings tombant sous la régie des CFL.

Ab dem 1. Januar 2022 kritt den Parking an der Stad een neie System. Ab 1. Oktober 2021 entfält d'Gratuitéit fir all Eisebunner.

De Chef de Service AV huet eis awer verséchert, dass se géifen drun schaffen, dass mat dem neie System, Nuetstonne fir Schichtpersonal, kënne Gratis ginn. Mat dem momentane System ass dëst technesch net méiglech.

20210928-09: Badges

Les délégués du personnel demandent à ce que soit activés les badges des agents PAT pour les portes du parking CFL à la Gare de Luxembourg, à l’instar des cems.

Déi néideg Badgë gi fir all Agent frei geschalt fir de Parking, de BAS an d'Direktiounsgebai.

20210928-10: Dressguide

Les délégués du personnel demandent si des changements sont prévus au niveau des dispositions en vigueur concernant les tatouages des agents.

De Service huet decidéiert, dass bis op Weideres keng Ännerungen zum Thema Tattoo am Dressguide kommen. Als Begrënnung ass den direkte Kontakt mam Client.

20210928-11: Service de substitution

Les délégués du personnel demandent s’il existe déjà un retour d’expériences de la part de nos clients concernant la phase de chantier, où le tramway a effectué un service de substitution au rail.

Et ware keng gréisser Problemer beim Chantier. Den Tram huet laascht vun de Client gutt gepackt.

Et sinn em déi 90 Reklamatiounen era komm. Et war awer keng drënner déi eis als PAT betraff huet. Reklamatiounen hunn sech em Pünktlechkeet, Offer, Service, Informatioun, Remboursement, Komfort a Sécherheet gehandelt.

20210928-12: Service au Client

Pendant la période estivale, le personnel d’accompagnement des trains était confronté à plusieurs reprises à un nombre accru de voyageurs à vélo. Or, il s’est avéré que les agents étaient contraints de faire face à un problème de place resp. d’espace pour les vélos en question. Les délégués du personnel demandent quelles mesures les CFL mettront en oeuvre à l’avenir afin de permettre d’augmenter la capacité de transport des vélos.

Et gëtt un enger Léisung geschafft fir déi nächst Joren.

Di nächst Sitzung beim Chef de Service ass de 8. Dezember 2021.

Fir de SYPROLUX

Laschette Sven, Bichler Fabrice

 

Landesverband lost in translation?

Eigentlich hätten wir auch noch einige Worte zu den Fragen unserer Kollegen vom Landesverband geschrieben, doch es war keiner ihrer Vertreter auf weiter Flur.

Mir machen uns so langsam echt Gedanken! Schon vor einiger Zeit gaben es keine Fragen seitens des Landesverband, und dieses Mal gab es Punkte aber keine Personalvertreter! Komisch, nicht dass wir noch ein "avis de recherche" schalten müssen.

mb