Rapport Chef de Service AV le 09 juin 2021


Informations du Chef de Service AV

• De Chef huet eis iwwert den «dialogue de sécurité» informéiert. Dës Demarche géing gutt klappe bei den Delegéierten an et et wär deemno eng gutt Iddi gewiescht, Delegéiert och mat auszebilden.

• A punkto Informatiounsversammlungen zum Thema vun den Objektiver 2022 am Service AV, huet de Chef de Service matgedeelt, dass 110 Leit un deene Reuniounen deelgeholl hunn, dorënner 22 PAT.

Centres de Vente

20210609-01: Les délégués du personnel demandent des informations concernant la nouvelle organisation et l’aménagement des guichets de la Gare de Luxembourg. De plus, ils demandent des explications sur les différents postes de travail, ainsi que les spécifications des différents postes.

De Chef de Service AV huet den Delegéiert bestätegt, dass eng Rei Informatiounsversammlunge fir d’Personal aus dem Guichet organiséiert ginn. Bei déier Geleeënheet ginn dann ënner anerem d’Tours de Service virgestallt. Des Weidere gëtt och e neie Projet ronderëm de Call Center presentéiert.

Service AV

20210609-06: Inaptitudes Les délégués du personnel désirent prendre connaissance de l’évolution du nombre de cas d’inaptitudes dans le Service AV, aussi bien les inaptitudes provisoires que définitives

Fir d’Joer 2021, ginn et aktuell 2 definitiv Inaptituden beim PAT. Di lescht 3 Joer hat de Service AV eng 5 definitiv Inaptituden pro Joer.

Bei de provisoreschen Inaptituden loung de Service AV:

2018 - 3 Fäll

2019 - 5 Fäll

2020 - 4 Fäll

2021 - 7 Fäll

De Service AV rechent an hirem Effektiv mat enger Moyenne vu 6 Inaptituden d’Joer.

20210609-07: Dispense de service pour le 2e rendez-vous de vaccination contre le Covid19

Les agents sont libres de choisir leur rendez-vous pour une 1re vaccination contre la Covid-19. Selon le type de vaccin, le 2e rendez-vous est imposé par le service santé. Les délégués du personnel demandent à ce que le tour de service de l’agent concerné soit adapté́/changé, resp. que les agents concernés puissent bénéficier d’une dispense de service si nécessaire.

De Chef de Service AV betount, dass versicht gëtt d’Tier unzepassen, fir datt de betraffenen Agent kann an déi 2. Impfung goen. Wann eng Upassung vun der Tour net méiglech ass, kritt den Agent dee Moment fir di Zäit eng Dispense de Service. De Roulement’s Büro gouf iwwert des Prozedur informéiert.

Accompagnement des trains

20210609-08: Gare Ettelbruck

Les délégués du personnel demandent à ce que soit trouvé une solution au problème de parking/stationnement à Ettelbruck pour le futur ? Le parking communal, où les agents stationnent leur voiture en ce moment sera fermé et dans les alentours de la gare il y a très peu d’emplacements de parking, pourtant certains agents doivent prendre leur service à des heures très tôt.

• Les délégués du personnel demandent des informations sur l’aménagement du nouveau site (vestiaire, salle de séjour, WC) de la gare d’Ettelbrück.

• D’Gare zu Ettelbréck gëtt ofgerappt ab September 2021. Op de Site komme Container mat enger Salle de séjour, 2 Vestiairen an 2 Toilettë gi opgestallt, dëst zesumme mat 2 anere Servicer. Jiddwer Service wäert awer seng eege Raim hunn.

• A punkto Parkingsplaze versicht de Chef de Service AV eng Léisung ze fannen. Hien freet bei den anere Servicer no, op een e puer Plazen dem Service AV kennen ofgetruede ginn oder op een eng eng Léisung hätt.

20210609-09: Gare de Kautenbach - Matériel roulant

• Le matériel roulant, garé à Kautenbach pendant la nuit, est censé être nettoyé et désinfecté. Le Service CFL concerné, devrait aviser l’équipe de nettoyage qui est en charge des travaux. Après finition des travaux, les CFL devraient être informés.

• Lors d’une réunion antérieure, les responsables AV ont expliqué qu’une application numérique (app) allait être élaborée. Les délégués du personnel demandent à être renseignés sur le stade d’avancement dans ce dossier.

• Laut Ausso vum vun der Obregkeet hu mer esou wuel d’Obligatioun, wéi och d’Verspriechen, dass all eis Zich all 24 Stonnen desinfizéiert ginn. De Chef de Service AV mécht ee Courrier un de Service TM, fir datt an Zukunft besser opgepasst gëtt, an d’Botzekipp och op déi Plaze geschéckt gëtt, wou d’Zich sti wann Chantier ass.

• Eng App ass wuel virgesinn, sinn ass awer nach net an da Maach. Et muss fir d’éischt sécher gestallt ginn, datt all déi Donnéeë kenne matenee verbonne ginn aus de verschiddene bestoende Programmer.

20210906-10: Tablette

Les délégués du personnel demandent à être renseignés sur le stade d’évolution de la mise à neuf des tablettes et des appareils « Railtab ». Les responsables AV avaient expliqué dans une réunion antérieure qu’ils seraient tous échangés resp. remplacés.

Op Nofro huet de Chef de Service AV bestätegt, datt et virgesinn ass ab Januar/Februar 2022 nei Railtab‘en ze verdeelen. D’MFG-Apparater sollen ofgestouss ginn an duerch eng App ersat ginn. Do muss awer d’alleréischt gekläert ginn, wat fir ee Programm dofir a Fro kennt a wat fir een Apparat (Smartphone) och déi Aufgaben iwwerhuele kann.

Leider ass aktuell am Budget kee groussen Tablett virgesinn, wou ee kéint Couren drop maache bzw nëtzlech Dokumentatioun dopp setzen, esou wéi de Service TM et mécht.

20210906-11 : Constat incident sûreté (CIS)

Les délégués du personnel demandent à être informés sur le stade de l’évolution de l’application digitale des CIS. Quand cette « App » sera-t-elle opérationnelle ? Quand sera-t-elle programmée sur les Railtab?

An d’Zukunft soll een en CIS kennen iwwer säi Railtab androen. De Projet ass och bal fäerdeg a wäert Enn des Joers aktivéiert ginn.

Mir hunn och nogefrot, wisou de Vandalissem net méi gekuckt gëtt am CIS. De Chef de Service AV huet dunn erkläert, datt deen Aspekt wuel nach ëmmer gekuckt gëtt, awer net méi am Service AV. Bei all acte de vandalisme, wou e Schued vun iwwer 500€ entsteet, mécht de Service TM d’office eng Plainte bei der Police an dréit de Virfall an den Incidel-Programm an taucht deemno an der Statistik op.

20210906-12: Agent AppReport

Les délégués du personnel demandent des explications quant à la fiche de poste des agents “AppReport des CFL ”:

• Comment est-ce que la formation et les examens seront-ils organisés?

• Quelles sont les missions des agents ?

• Quelles sont leurs attributions ?

• Quelles sont leurs obligations ?

De Chef de Service AV huet sech d’Doleancë vun den Delegéiert ugelauschtert, déi d’Verhale vu munchen AppReporter ugeprangert hunn. Di Leit kréien hier Aufgaben nach emol erläutert. Op alle Fall hätten sinn sech net beim PAT mat deplacéierte Sätz, wéi: «Elo kommen ech dech emol kontrolléieren» unzemellen.

20210906-13: BLZ

Les délégués du personnel demandent à être renseignés sur le stade d’avancement de l’installation du numéro d’urgence pour la BLZ. La plupart du temps le DP-PAT (4990-4431) à la BLZ n’est pas joignable.

De Gilles Bermer, Responsabele vun der BLZ, gouf an d’Sitzung agelueden. Esou konnte mer gemeinsam iwwer bestoend Problemer schwätzen. D’Propose vun engem «numéro d’urgence» gouf awer verworf. De Gilles Bermer huet awer profitéiert fir iwwert verschidden Ännerungen ze informéieren, déi hie fir eng Verbesserung am Service an d’Weeër geleet huet. Do drënner fält een neie Posten «Coach BLZ». Des weidere kommen och nach Prozeduren, wou kloer opgelëscht ass, wat den Agent vun der BLZ ze maachen huet.

De Problem mam Telefon, deen net besat schellt, ass technescher Natur. Do gouf an Tëschenzäit eng Demande gemaach fir erëm en aneren Telefon ze kréien.

20210906-14: Pauses

Les délégués du personnel demandent à ce que les pauses dans les tours de service soient réunies en une pause de 30 minutes. Ceci parce que les pauses de 15 minutes sont souvent raccourcies par le DP-PAT de quelques minutes. Par ailleurs les délégués du personnel consentent à la proposition faite par AV-P-R formulée lors de la réunion REX visant à introduire une relève à l’instar de celle des cems. La durée de la pause devrait donc de toute façon être rallongée à 30 minutes, sauf pour les trajets vers Wiltz, où cela n’est guère possible.

De Chef de Service proposéiert eis nach eemol mam Cyril Barthel ze schwätzen an Beispiller no ze kucken. Hien ass awer net der Meenung, datt et eng gutt Iddi ass villes do ofzeänneren.

Den Chef de Service AV verweist och nach ee Mol drop, datt et keen Artikel gëtt an engem Ordre Général oder am Staut, deen eis Paus kloer reegelt. Sou, dass de Service kéint di Paus setzen, wou hien wéilt. Vun SYPROLUX Säit setzt een sech nach eemol zesummen a préift op d’Aféieren vun enger Attente Relève nëtzlech kéint sinn.

Fir de SYPROLUX

Sven LASCHETTE, Fabrice BICHLER