Feedback aus dem Workshop 2025 zu de Roulement


An der Woch vum 1. Dezember 2025 souzen d’Personalvertrieder zesumme mat de Verantwortlechen aus dem Bus an enger Workshop zum Thema Roulement a Congésplanung.

Hei ass et eis als SYPROLUX-Delegatioun gelonge gemeinsam an an engem konstruktive Sozialdialog eng Rei vu Verbesserunge fir eis Kolleg*innen auszeschaffen an ëmzesetzen:

FLEXIBILITÉIT AM ROULEMENT

Et kennt eng Testphas am Roulement 1 an der Stad an am Roulement 1 Iechternach fir Schichtlagen kennen ze tauschen. Wann datt alles klappt, ginn och déi aner Roulement mat era geholl.

Et ass och spéider fir eis Kolleeg*innen am Roulement méiglech den Tour oder Repos kennen ze tauschen wann d’Conditiounen agehale ginn.

ROULEMENT 3 A 4 GINN OPGESTOCKt

E 5. Roulement krute mer leider net ausgehandelt. Duerfir ginn de Roulement 3 a 4 mat jeeweils 4 Leit opgestockt (dat heescht e Plus vun 8 am Ganzen).

Op deem Wee ass et gelongen d’Waardezäit fir an de Roulement ze kommen verkierzt ze verkierzen.

De Roulement 3 a 4 sinn iwwerschafft ginn, d’Unzuel vun de fräie Weekender as bliwwen!

Dës Ännerungen trieden den 23.03.2026 a Kraaft.

E VERBESSERT PLANGE FIR DE RESERVIST

De Reserviste gesäit net wei bis elo N+1, dh 1 Woch am viraus mee N+2, dh. 2 Wochen am viraus. Dovunner gesäit en déi 2. Woch jeeweils d’Zäiten «Anfang» an «Ende» mat de Repos, wou spéiderhin eng Tour dra gesat gëtt.

De Reservist kann 1 fixe Repos pro Referenzperiod uginn. Op deem Wee ginn deenen éischte 6 Reserviste pro Dag hire Repos garantéiert. An déi Repos kenne Méindes bis Freides gesat ginn an dat fréistens 6 Referenzperioden am viraus.

DIENSTBÖRSE RESERVIST

Dës «Dienstbörse» erméiglecht dem Reservist sech déi vun der Planifikatioun fräigeschalten Tier (SR Tier an ESTC Tier), déi um IVU ugewise ginn ze fixéeiren.

Ab den 2.02.2026 trieden déi Ännerungen a Kraaft.

Doduerch hu mer endlech no laange Verhandlungen erreecht dass och e Reservist méi wäit am viraus plange kann.

ROUZÄIT ASS ROUZÄIT

Et gëtt keen Agent tëschent Owes 20:00 a moies 8:00 mei ugeruff. An deen Agent, dee bis 0:00 schafft, kritt fréistens réischt um 12:00 ugeruff wann iergend eppes muss um Schaffplang geännert ginn.

CONGÉ

Ab dem 1.01.2026 gëtt et de Joker net méi, awer déi Jokeren, wou bis dohinner gesat si bleiwe stoen. Hei ware mer op den éischte Bléck e bëssi enttäuscht, mee mer konnten awer doduerch mat enger Rei vu positive Punkten aus de Verhandlungen erausgoen:

• mer hunn 6 Créneaux of ginn, awer doduerch kennen d’Chauffeure profitéiere vun deenen net besate Créneaux am Roude Congé a kennen se doduerch kuerzfristeg am Bloe Congé uginn;

• de Schwaarze Congé gëtt rëm zréck op 1 Mount gesat an et bleiwe weiderhin déi éischt 2 Agente garantéiert;

• sollte Créneaux am Bloe Congé all besat sinn, kann en nach ëmmer op de Schwaarze Congé zeréck gräifen.

Mir kucken op eng ganz positive Woch zeréck a soen eise Responsabelen aus dem BU an och eiser Direktioun e grousse Merci fir d’Zesummenaarbecht!

Pour le SYPROLUX

Christian Weyer

Steve Schaaf

Yves Cannels