Feedback aus der Reunioun mat der EF-Direktesch, dem RH-Direkter an de Verantwortlechen vum Service BU, den 04. August 2025


Problem mat den Toiletten: De Problem ass bekannt an do soll och an nächster Zeit ëppes ënnerholl ginn! Vestiaire vum Atelier: Och de Problem ass bekannt an do soll en neie Projet oder Vergréisserung geplangt sinn!

Datt de Bus Chauffeur vereedegt/agrééiert gëtt: Dëst ass net vun der CFL geplangt an och net der CFL hier Entscheedung vu que dass mir ënnert dem RGTR lafe, soss missten alleguer d’Chauffeuren och am Privatsecteur vereedegt/agrééiert ginn. Direktioun hellt de Punkt awer gär mat bei Ministesch fir datt ze diskutéieren, well dëst e Punkt ass, deen am Kader vum neie Gesetz «Sécurité dans les transports publics» en Thema waert ginn.

Ee 5. Roulement bäisetzen: Thema ass gutt a positiv opgeholl ginn an et ass och méiglech dat ëmzesetzen. Fir dat ëmzesetzen spillen natierlech e puer Faktoren eng Roll. Déi aner 6 Roulement’e , wou mer bis elo hu mat Iechternach dobäi, missten alleguer iwwerschafft gi fir en zousätzleche Roulement bäi ze setze, wat och logesch ass.

Do ass vu Säite vun der Direktioun a Chef de Service gewollt, datt SYPROLUX an OGBL, sech zesumme setze mat de Cheffen an dat Thema diskutéieren.

Verbesserung beim Reservist: Mir kruten och d’Info, datt et geplangt ass, de Reservisten 1 Repos am Mount fest anzeplangen! Wann dat gutt sollt klappen, géiw een op en 2. fixe Repos opstocken!

(Mir hunn och déi Fro um Ordre du Jour vun der Sitzung beim Chef de Service BU fir de 24.09.25 fir 1 feste Repos de Mount ze kréie fir Reservisten)

13er Iwwergang: Iwwer den 13er Iwwergang léisst d’Obregkeet net gär mat sech diskutéieren! Et soll awer nach eng Kéier nogekuckt ginn, ob a wéivill esou Fäll sinn.

Tauschbörse: Et soll eng sougenannten « Tauschbörse» agefouert gi, wou de Reserviste säin Tour mat engem anere kann tausche, soulaang et mam Iwwergang an de Stonnen opgeet.

Och en Tour, wou net besat ass duerch Krankmeldung soll op den IVU stoe kommen, datt een sech fräiwelleg melle ka fir zréck schaffen ze kommen, ouni Reserviste mussen unzeruffen. Och een aus dem Roulement kéint sech do mellen. (Datt ass awer nach alles Zukunftsmusek)

Promotiounexamen: Et sollen och 2026 am Abrëll an Oktober mat zimmlecher Sécherheet Examen organiséiert ginn, wéinst dem Recrutement op verschiddenen Posten.

Et war en posditiven Austausch mat den Direkteren an den Verantwortlechen vum BU. Et war een zefridden, datt dës Réunioun, déi fir Juli ugesat war, elo Ufanks August konnt stattfannen.

d’BU-Kommissioun vum SYPROLUX

v.l.n.r.: Yves Baden (D/RH), Max Kleer, Fränz Duhr, Marco Figueiredo, Christian Weyer, Yves Cannels, Sophie Lacour (D/EF), Steve Schaaf, Carlo Hansen, Steve Watgen, Frank Dumont, Laurent Neumann