13ter an aal “S” - eng (never) ending story


Kolleeginnen, Kolleegen

Mer haten zwar geduecht, zum u.g. Thema wier scho genuch geschriwwen a gesot ginn, mee mer stelle fest, datt dem net esou ass.

Also vu vir: Den 9. Juni 2023 si mer als SYPROLUX opgrond vun all eisen Interventiounen, vum EF-Direkter Marc Hoffmann doriwwer informéiert ginn, datt hien der Obregkeet vum Service BU nach eng Kéier den Uerder géing ginn, fir eis Fuerderunge betreffend „13ter“ an dat onberechtegt Asetze vun alen „S“-en endlech ëmzesetzen. An éier mer konnte klären, vu wéini un dann elo géing alles seng Richtegkeet kréien, huet de Comité vum OGB-L/Landesverband en Communiqué rausginn, an dem vun enger Ëmsetzung mat „effet immédiat“ Rieds ass an dësem Zesummenhang.

Doduerch hunn vill Leit gefrot, wat dat géing heeschen. Zwar sinn bzw war ech net den Auteur vun dem Communiqué, hunn awer am Interessi vun eis alleguerte versicht, fir dem Direkter Hoffmann säin Avis ze kréien a punkto „Zäitschinn“, fir mol eng „Iddi vun enger Perspektiv“ ze hunn.

Mir als SYPROLUX kruten den 27. Juni folgend Informatiounen, iwwert eis Präsidentin, vum EF-Direkter matgedeelt:

Vum 10. September un wäert et definitiv keng Iwwergäng ënnert 14 Stonne méi gi. Den Direkter Hoffmann huet och matgedeelt, datt hien d‘Planifikatioun nach wéilt weider „puschen“, fir datt dëst scho vum 14. August un zielt. Den Direkter huet och matgedeelt, datt de Service BU alles (sic!) géing maachen, fir déi „nei“ Reegelen esou séier wéi méiglech ëmzesetzen, mee et misst nach alles am IVU programméiert an duerno am Test duerchlafe gelooss gi.

Esouvill als réng Info.

Fazit:

Mer verstinn zu 100% är Onzefriddenheet, mee wéinstens hu mer alleguer am Roulement elo eng Perspektiv, wéini dee „Nonsens“ do eriwwer ass. Mee e battere Goût bleift awer hänken, well wann dat jo anscheinend esou en immensen techneschen Opwand ass, fir et réckgängeg ze maachen, da war et jo genee esou e groussen Opwand, fir et anzeféieren. Mir bezweiwele nawell staark, datt et do och esou laang gedauert huet. Mol ofgesi vun der Tatsaach, datt déi meescht „13ter“ seelen och nëmmen eng Grimmel Sënn erginn hunn. Vläicht schafft deen ëmmer esou als performant gelueften IVU jo méi séier, wann et dorëms geet, fir eppes ze verschlechteren (double sic)…..

Rezent Beispill ass d’Botze vun den Zäitpufferen tëschent zwou Coursen (eng immens gutt an hëllefräich Saach!) fir Verspéidungen opzefänken.

Och do wäerte mer hannendru bleiwen, fir datt dat ophält.

Matgedeelt am Juni 2023

Fir d’BU-Kommissioun vum SYPROLUX

Becker Marc